Antisemitismus: Och zu Lëtzebuerg?

Beim Antisemitismus handelt et sech ëm e Sujet, dee virun allem an de Medien ëmmer nees Opmierksamkeet kritt. Déi negativ an heiansdo och feindlech Haltung géigeniwwer dem jiddesche Vollek beschränkt sech nach laang net just op eenzel Staaten a Communautéiten. Dee Sujet spillt awer a verschiddene Länner méi eng grouss Roll wéi an aneren, well en do och méi aktuell a méi präsent ass. Et stellt sech d’Fro, wéi sech d’Situatioun vum Antisemitismus a Lëtzebuerg weist. De Fernand Kartheiser stellt der Regierung eng parlamentaresch Fro iwwert d’Kenntnesser zum Antisemitismus am Lëtzebuerger Land.

Deel dëse Post: