Onzefriddenheet am Fleegberäich

De Fleegbereich huet zanter laangem mat ze wéineg an iwwerfuerdertem Personal ze kämpfen. D’Ugestallte fillen sech eleng gelooss an iwwerugestrengt. Mee och déi betreffend Persounen, déi op Fleeg ugewise sinn, leiden ënnert dem Personalnoutstand. Et entseet déi berechtegt Angscht, datt si an enger Noutsituatioun net gutt genuch versuergt kënne ginn. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestallt, wou hien an dësem wichtegen Dossier vun der Regierung Kloerheet fuerdert.

D’Äntwert vum Ministère ass net onintressant. Si geet awer net op d’Schwieregkeeten an fir Personal ze fannen, mee zielt op, wéi vill Leit an deem Sekteur schaffen a wéi vill der musse fir eenzel Fäll beret stoen.

 

 

Deel dëse Post: