Engelen Jeff

De Jeff Engelen ass 1953 zu Heerlen gebueren. Hie koum am Alter vu 4 Joer an d’Land an ass opgewuess zu Bärel an zu Téinten. No der Primärschoul war hien ee Joer an der Regionalschoul zu Biissen an duerno ee Joer an der Oberprimärschoul zu Miersch. Uschléissend e Joer an der Beruffsschoul an der Stad fir duerno eng Léier ze maan als Automecanicien. An dësem Beruff huet de Jeff och seng Meeschterkaart virzeweisen.

Zanter dem Alter vu 15 Joer ass de Jeff am Veräinsliewen aktiv. Zu Téinten war hien derbäi, ewéi d’Jeunesse aktivéiert gouf, dëst ënner „Téintener Theaterfrënn“, wou hien och gehollef huet, ënner anerem Theater spillen, a mat 17 Joer koum hien och hei an de Comité. Do derbäi huet hien zu Brouch Foussball gespillt.

Well dem Jeff seng Elteren vu Beruff Bauer waren, koum déi ganz Famill 1972 op Tratten, wou d’Famill en Haff iwwerholl huet. Dëst huet et mat sech bruecht, datt de Jeff beim Garage Bourgraff zu Eeschpelt geschafft huet, ier hien op d’Goodyear koum. Duerch säin Handwierk koum hien hei an den deemolegen NHV haut NGL. Hei gouf hie mat 21 Joer Sekretär vun der Lokalsektioun Colmar/Bierg an domat hat hien och säin éischten Kontakt mat der Politik. Politik huet hien ëmmer faszinéiert, an hien huet villes ongerecht fonnt, dohier och säin Engagement an der 5/6 Beweegung, wat de spéideren ADR gi sollt. Hei ass hien vun Afank un derbäi a war iwwer 20 Joer Sekretär vum Bezierk Norden; ier hien de Presidenteposten am Joer 2010 iwwerholl huet. Dëst politescht Interessi huet hien derzou bruecht, fir sech och um kommunalpolitesche Plang ze engagéieren an esou ass hie Member vum Wëntger Gemengerot zanter dem Joer 1990.

A senger Fräizäit engagéiert hie sech virun allem am Beräich vum Sport, Tourismus an der  Kultur. 1982 gouf op seng Initiative hinn de Natur-an Interesseveräin vun Tratten gegrënnt, wou hien zanter der Grënnung bis haut de Sekretärposten iwwerholl huet. Dëst Engagement huet et mat sech bruecht, datt hien 1987 aktiv derbäi war, ewéi den „Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la commune de Wincrange“ gegrënnt gouf, wou hie säit der Grënnung Comitésmember ass,  a säit dem Joer 2008  Präsident do ass.

1986 gouf de Jeff Sekretär vum Wëntger Foussball, een Amt waat hie bis haut ausféiert. De Wëntger Foussball huet iwwer 400 Lizenzéierter a bedeelegt sech mat iwwer 12 Equippen all Joer am FLF- Championnat. An dëser Fonktioun ass hien och Matresponsabel an der Gestaltung vun der Wëntger Sportzeitung, déi 6 Mol am Joer eraus könnt, wou hien niewent dem Layout och eng Rei vun den Artikelen schreiwt.
De Jeff Engelen huet als Auteur oder Coauteur e paar Bicher iwwer d’Lokalgeschicht vun Eisleker Dierfer erausbruecht oder matgeschafft :

  • 2000 Association Sportive Wincrange.
  • 1975 : 25 Joer ASW.
  • 2008 Tratten, Trätterstrooss, Kréindel, Hannerhassel am Laf van der Zäit.
  • 2010 Fräiwëllig Pompjeeën Gemeng Wëntger : Fändelswei 2010.
  • 2015 Geméng Wëntger. Schoulfotoen van 1894-1974.
  • 2016 Fotografischer Streifzug durch die Gemeinde Wintger.
  • 2018. Heesdrëf. Seng Geschicht, seng Legt.

De Jeff Engelen ass bestued an huet dräi Jongen an och mëttlerweil dräi Enkelkanner.