600 PMAe pro Joer zu Lëtzebuerg!

2005 gouf de Laboratoire National de Procréation Médicalement Assistée gegrënnt. Säit 2016 féiert de Centre de fertilité méi wéi 600 kënschtlech Befruchtunge pro Joer duerch, an dat, obschonns et zu Lëtzebuerg, am Géigesaz zu deene meeschten aneren europäesche Länner, nach guer kee Gesetz iwwer d’PMA gëtt. D’Situatioun fir Kanner, déi aus enger PMA ervirgaange sinn, ass voller Onsécherheeten. Et ass och zum Beispill net gekläert, wéi d’Kand seng Originnen zréckfanne kann. Doriwwer eraus ass eng PMA net ongeféierlech. Am „Guide de la procréation médicalement assistée au CHL” gëtt op d’Gefore vun enger PMA opmierksam gemaach, ënner anerem op de Risk vu Mëssbildunge bei Kanner. Et ginn och Studien, déi kloer noweisen, datt Kanner, déi duerch eng PMA „produzéiert“ ginn, oft eng Woch ze fréi gebuer ginn. Een ze niddregt Gebuertsgewiicht oder eng erhéichte perinatal Stierflechkeet sinn aner Risiken. Wéi steet d’Regierung zu all dëse sensibele Punkten?

 

Deel dëse Post: