De 7. Dezember stoung um Ordre du jour vum Stater Gemengerot de Budget fir d’Joer 2013. D’Gemengeconseillère Marceline Goergen huet an hirer Ried erkläert, firwat se de Budget net konnt mat stëmmen.

Här Buergermeeschter, Här Éischte Schäffen an Dir Damme Schäffen,

Léif Kollegen aus dem Gemengerot,

Ech wéilt ufänke mat zwee Mercien.

Den éischte Merci geet un d’Madame Tanson, déi sech als Budgetsrapportrice vill Aarbecht gemaach huet. De Rapport vun der Madame Tanson huet den Inhalt vun de Finanzkommissioune gutt erëmbruecht, ausser de säitelaangen Deel, wat Kierchefabriken ugeet. Wann een de Rapport nach eng Kéier noliest, da kéint ee bal mengen, Haaptthema wären d’Kierchefabrike gewiescht an net de Gesamtbudget. Ech hätt et begréisst, wann d’Madame Tanson méi iwwert de Budget geschriwwen an de Bericht manner als Tribün benotzt hätt fir eis hir perséinlech Meenung matzedeelen.

A mäin zweete Merci geet un d’Membere vun der Finanzkommissioun a besonnesch un d’Presidentin Madame Krieps, déi eis mat Disziplin duerch déi sëllech Sëtzunge gefouert huet .

Och dem Här Kuffer an der Madame Castagna e Merci. Si hu mat vill Gedold bal all eis Froe beäntwert.

De Verglach vum Budget 2012 mat deem vun 2013 huet sech als komplizéiert duergestallt an d’Transparenz, déi di Blo ëmmer fuerderen a priedegen, war guer net do. An den neie Plan Comptable mécht et och fir d’Zukunft net méi einfach. Au contraire, elo muss ee roden, wat d’Konten am Detail duerstellen . A fir net komplett den Aussoe vum Schäfferot ausgeliwwert ze sinn, schloen ech fir, datt Gemengeconseilleren en Dossier mat all den detailléierte Recetten ewéi Depensen niewent dem Budget solle kréien. Dat ass ganz vill Aarbecht, awer et erliichtert der Finanzkommissioun d’Budgetskontroll am Enn vum Joer.

Ech als Conseillère géif nämlech gäre wëssen, wat ech stëmmen oder wat ech net mat stëmmen. Dat verstinn ech ënner Transparenz, Här Buergermeeschter. Mir däerfen nämlech net vergiessen, datt déi Suen, déi d’Gemeng verwalt, ausgëtt an erakritt, Steiergelder sinn.

De Budget huet en Iwwerschoss vun 7,8 Milliounen €, mä dat heescht net, dat d’Käschten net misste genee kontrolléiert ginn. Dat huet och Madame Tanson ugeschwat an och Dir, Här Bausch, hutt dat kloer gesot. Mee tëschent Äre Wierder an deem, wat Dir maacht, leie Welten. An ech stelle mir d’Fro, ob et an déi richteg Richtung geet.

Sécher gëtt et och eng positiv Entwécklung, déi och d’ADR mat dréit. An dat en ass de Schoulsubside, dat heescht d’Hëllef fir d’Schoulkanner, deen erëm op 1,8 Milliounen € erhéicht ginn ass. Dee war am leschte Budget ze niddreg ugesat ginn an dat war d‘Resultat vun Aspuerungen, déi net virdrun iwwerluecht gi sinn, ob se och sënnvoll wären. Dat war wahrscheinlech eréischt iwwerluecht ginn, ewéi d’Schoulmeeschteren sech bemierkbar gemaacht hunn.

Den zweete Punkt betrëfft de Service Krank Kanner, deen d’Gemeng mat 30.000 € ënnerstëtzt. Et muss een awer gutt oppassen, datt de Staat sech net aus senger Verantwortung, wat d’Ënnerstëtze vun esou Servicer ugeet, erauszitt, an dat mam Argument, datt d’Gemeng jo genuch finanziell Mëttelen dofir huet.

Ze begréissen ass och, datt an d’Weiderbildung investéiert gëtt a mir hoffen, datt jiddereen, deen am Déngscht vum Stater Bierger schafft, un dëse Weiderbildungen deelhuele kann.

A wou mir elo schonns beim Personal sinn, da kucke mir eis d’Evolutioun vum Personalbestand  an der Stad un. Den 1. November 2012 sinn 3673 Leit bei der Gemeng beschäftegt an dovu sinn der bal 2000 am Statut vum Fonctionnaire agestallt. Dat ass eng grouss Zuel, an obwuel iergendwann manner Busse fuere sollen, stellt d‘Gemeng weider fläisseg Buschaufferen ënnert dem Statut vum Fonctionnaire an. Verstitt mech elo net falsch. Ech schwätzen hei nëmme vun den Neiastellungen. An do stellen ech mir d’Fro, ob de Schäfferot schonn Iwwerleeungen hat fir am Kader vun den Neiastellungen dës Buschaufferen op engem Salarié-Statut anzestellen, esou wéi déi privat Firmen et och maachen.

D‘Gemeng soll an däerf keng Gehälterkonkurrenz sinn vis-à-vis vun de private Betriber.

Ech verstinn net, firwat de Buschauffer vun enger privater Firma nëmmen hallef esouvill verdéngt wéi de Chauffer vun der Gemeng, obwuel en déiselwecht Aarbecht mécht.

Ech sinn der Meenung, datt de Schäfferot seng Astellungspolitik onbedéngt iwwerdenke muss an et och maache soll.

Natierlech ginn et Servicer, déi nach Leit brauchen. Ech denken do un de soziale Beräich, well déi Leit, déi do sinn, kënnen hirer Aufgab net gerecht ginn, well ze vill Aarbecht, déi net an hir Kompetenz fält, usteet.

Huet d’Gemeng mol schonn doriwwer nogeduecht fir anstatt jonk Leit, déi nach net vill Aarbechtserfarung hunn, Laangzäitaarbechtsloser anzestellen? Fraen ewéi Männer, déi laut der Adem ze al fir den Aarbechtsmaart sinn, well se méi wéi 45 Joer hunn? Dëst sinn awer déi Leit, déi op e groussen Erfarungsschatz, wat d’Aarbechtsliewen ugeet, zeréckgräife kënnen. An do denken ech haaptsächlech un de Service Senior, awer och de ganze soziale Beräich. Eng Assistante sociale, déi e gewëssenen Alter huet, huet oft eng aner Vue op d’Problematik vun de Mënschen ewéi eng jonk Damm, déi just vun der Schoul kënnt a sech wahrscheinlech net virstelle kann, wéi et méiglech ass, datt eng Famill hir elektresch Rechnung net bezuelt huet oder al Dammen hir Zäit nëmme méi an hirer Fautell verbrénge wëllen.

Wa schonn op d’Käschte vum Steierzueler rekrutéiert gëtt, da maacht dat mat engem oppene Bléck fir och deene Leit, déi ënnert dem Statut vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet bei der Adem ageschriwwe sinn, eng Chance ze ginn.

Madame Loschetter, Dir hutt jo anscheinend e gudde Kontakt zu „Initiativ  Rëm Schaffen“ oder „Zarabina“, da benotzt dësen och.

Trotz allem muss e Schäfferot, deen eng verantwortlech Politik bedreiwe well, d’Ausgabe beim Personal konsequent am Ae behalen. Dir kënnt Iech jo als Beispill d’Personalbesetzung vun der Stad Tréier zum Virbild huelen.

Wann d’Sue jeemools knapps ginn, an dat wäerten se, wann de Staat op de Wee geet fir d’Gemengen, déi en Iwwerschoss hunn, net méi esou z’ënnerstëtzen, wéi dat bis elo war, da muss dofir gesuergt sinn, datt genuch finanziell Mëttelen zur Verfügung stinn, fir déi wichteg an néideg Investitiounen ze sécheren.

Wat versteet de Schäfferot ënnert spueren?

Am Joer 2011 huet d’Gemeng 22 nei ëmweltfrëndlech Busse kaf.  Am Budget 2013 ass d’Uschafung vu 24 neie Busse virgesinn an dat fir aler z’ersetzen. Dat heescht: bannen zwee Joer huet déi  Blo-Gréng Koalitioun 46 nei Busse kaf. Wat ass da mat deenen 22 ale Busse vum leschte Joer geschitt? Sinn se verkaf ginn? Oder Verschrott? Wa jo, wou fënnt een déi am Budget erëm? Oder sinn se awer nach ëmmer am Asaz? D’lescht Joer ass gesot ginn, et géifen eventuell nei Linne befuer ginn. Ass dat esou? Oder huet den Här Bausch e schlecht Gewësse kritt, wat d’Ofgaser vun 22 ale Busse fir eis Loftbeschmotzung ausmécht?

An da stellen ech mir d’Fro, wat da mat den nächste 24 Bussen, déi  ausgewiesselt ginn, gemaach gëtt?

Do feelt et un Opklärung an un Transparenz. Well 9,7 Milliounen Euro si keng Peanuts, an ech hoffen, datt mir iergendwann eng Äntwert dorobber kréien.

Den Tram, deen ass och bei mir aktuell.

An enger Fro un de Schäfferot huet d’ADR probéiert erauszefannen, wat de Projet Tram da bis elo d’Gemeng kascht huet. Ausserdeem wollte mir wëssen, wéi vill den Tram dann d’Stad soss nach géing kaschten.

An der Finanzkommissioun huet den Här Bausch jo uklénge gelooss, datt d’Niewekäschten, déi jo schonn am Gaang sinn, zum Beispill d’Aarbechten um Boulevard Royal, déi jo zu 80% wéinst dem Tram gemaach ginn, net onbedeitend sinn.

Ech weess, Här Bausch, Dir sot elo bestëmmt, datt déi Aarbechte souwiso gemaach misse ginn, esou wéi Dir dat bei bal allem sot, wat wéinst dem Tram erneiert oder vergréissert muss ginn.

Eng Äntwert op eis Fro hu mir nach net kritt, dat kann awer vläicht domat zesummenhänken, datt de Minister Wiseler kuerz duerno dem Vollek matgedeelt huet, datt den Tram eis bis elo un Etuden an Promotioun 33 Milliounen Euro kascht huet.

D‘ADR ass der Meenung, datt den Tram déi gréisste Feelplanifikatioun vun der Regierung a vun der Stad Lëtzebuerg ass, a wann e jeemools sollt fäerdeg sinn, wäert den ominéisen Tram alles an allem de Steierzueler eng gutt Milliard kaschten.

Trotz allem besteet d’ADR op eng Äntwert vum Schäfferot, wat d’Käschte fir Stad ugeet.

Alles, wat mam Tram zesummenhänkt, gëtt iwwert d’Gesellschaft GIE finanzéiert .

Den Här Radoux huet an der Finanzkommissioun d‘Fro gestallt, wat fir eng Zomm dat ausmécht. Och den Här Radoux huet dorobber keng kloer Äntwert kritt.

D’ADR fuerdert de Schäfferot op, dës Zuele virzeleeën. Well et kann net sinn, dass mir als Conseillere sichen a wulle musse goe fir eng Äntwert dorobber ze fannen. Och am Budget fir 2013 sinn erëm eng hallef Millioun Euro fir den Tram agesat ginn.

An, wann ech d’Entwécklung vum Tram beobachten, kommen ech zu der Konklusioun, dass d’CSV-LSAP-Majoritéit zur Asiicht kënnt, datt den Tram keng Daseinsberchtegung méi huet.

De CSV-Fraktiounschef ass jo der Meenung, datt d’Gemeng Lëtzebuerg opgrond vun hiren immense Finanzreserven de Blo-Grénge Prestige-Objet selwer finanzéiere soll. Ech froe mech, ob dës Ausso dem Här Buergermeeschter an dem Här Bausch vläicht gutt komm ass. Well an Ärer Pressekonferenz waart och Dir net méi esou euphoresch, wat den Tram ugeet.

Dir hutt direkt kloer an däitlech duerchblécke gelosss, datt den Tram op kee Fall nëmme vun der Gemeng finanzéiert gëtt. Sidd och Dir vläicht schonns zur Asiicht komm, datt dem Tram seng Daseinsberechtegung net méi opzehalen ass?

Wann de Bierger esou gewënscht ass, da brauch d’Gemeng an de Staat e Referendum jo net ze fäerten.

Natiirlech muss de Verkéiersproblem an der Stad geléist ginn. Och d’Loftverschmotzung, Här Turpel, muss erofgesat ginn. Do gëtt et awer net nëmmen duer, de Boulevard Royal zouzemaachen, wéi Dir dat sot, da muss een och nach vill aner Plazen zoumaachen.

An dofir fuerdere mir, datt eng objektiv Etude iwwert de City-Tunnel gemaach gëtt. Et gëtt héich Zäit fir en efficacen, regionale Verkéierskonzept op Basis vun der Eisebunn an dem City-Tunnel an Erwägung ze zéien!

D’Sozialpolitik wëll ech och hei uschwätzen.

Mir als ADR wëllen eng engagéiert Sozialpolitik. An dozou gehéiert, datt een de Leit net iwwerméisseg héich Präisser fir déi liewensnoutwenneg Gidder freet.

2011 ass d’Reewaassertax ganz einfach a Versigelungstax ëmbennannt ginn. Dës Reewaassertax, respektiv Versigelungstax, bréngt eng gutt 8 Milliounen Euro an d’Gemengekeess. An déi Sue falle ganz sécher net vum Himmel. Déi 8 Millioune léisst de Stater Bierger an d’Gemengekeess reenen.

Mir ass och net kloer, firwat dës Tax nom Prinzip Pollueur-Payeur verrechent gëtt. Do stellt sech mir d’Fro: Wien ass den Pollueur? Brauch een nëmmen an der Stad ze wunnen, fir datt een automatesch als Pollueur ausgewise gëtt? An wien de Payeur ass, dat wësse mir jo all. Dat sidd Dir an dat sinn ech, dat heescht de Stater Bierger. A wann ech d’Circulaire vum Ministère richteg verstanen hunn, dann ass d’Gemeng Lëtzebuerg déi eenzeg, déi hire Bierger fir Reewaasser bezuele léisst.

Mir wëssen all, dass d‘Waasser zum Liewe vum Mënsch gehéiert an dofir fuerdert d‘ADR e soziale Waasserpräis – konkret e Gratissockel vu Waasser fir jiddereen. Déi Gréng wëllen dat awer net. Si wëllen hirem Motto trei bleiwen an deen ass „Gréng ass a bleift deier“.

Bleiwe mir bei den Taxen.

An der Finanzkommissioun hunn ech d’Fro gestallt, ob fir 2013 d’Taxe géifen erhéicht ginn an d’Äntwert war Neen, et si keng Taxenerhéijunge virgesinn,  ausser de Bus an de Parking. D’Bustariffer mussen erhéicht ginn, well de Staat dat esou wëll, dat war d’Ausso vum Här Bausch an dës Erhéijung trefft all d’Busbenotzer an der Stad an net ze knapp.

Här Bausch, Dir hutt eis an der Kommissioun gesot, datt d’Gemeng en Avis ofginn huet, wat d’Bustarifferhéijung ugeet.

Ass et méiglech dësen Avis ze kréien? Well ech froe mech, ob den Asaz géint dës Taxenerhéijung esou grouss war ewéi Dir, Här Bausch, eis dat wollt gleewen doen.

Net vergiessen däerf een d’Taxe vun de Parkingen a Vignetten, och do musse ganz vill Stater Bierger déif an d’Täsch gräifen.

Dës Taxenerhéijung ass net vum Staat operluecht ginn, an awer ginn se gehéicht, an zwar mat dem Argument, wann de Busticket méi deier gëtt, da sollen déijéineg, déi mam Auto an d’Stad kommen, och méi deier bezuelen, wann se an en Parkhaus fueren oder op der Strooss parken.

D’ADR deelt guer net d’Logik vun de Gréngen, déi vehement géint den Auto a géint den Individualverkéier sinn.

Wat D’Finanzpolitik ugeet, kënne mir déi Verantwortlech an der Stad nëmmen dozou opruffen, bei der Aschätzung vun de Recettë vun den nächste Joren extrem virsiichteg ze sinn. Den Här Bausch ass jo och Member vun der Finanzkommissioun an der Chamber a muss also wëssen, wéi prekär eis Lag ass. Deementspriechend mussen och d’Depensë gebremst ginn an zwar esou, datt mir et wierklech mierken. Et geet net duer, d’Freedefeier op der Fouer ofzeschafen, wa mir op der anerer Säit eng absolut onnëtz Passerelle, déi eis Gemeng mam neie Biergerzenter verbanne soll, bauen.

Ech wëll guer net vun der Foussgänger- a Vëlosbréck iwwert Neiduerf schwätzen.

Här Buergermeeschter,

Als Conclusioun wéilt ech soen, datt d’ADR dëse Budget net mat stëmme kann.

Ech soen Iech Merci!