Den 8. November huet de Generalsekretär Dr. Jean Schoos dës Ried op der 25-Joer-Feier vun der ADR gehalen:

Monseigneur, Exzellenzen, léif Gäscht, léif Parteimemberinnen a -memberen,

Ech hunn haut déi dankbar Roll an déi ondankbar Aufgab mech als leschten un Iech z’adresséieren.

D’ADR feiert haut hei e grousst Jubiläum. Zënter 25 Joer ass d‘ ADR e feste Bestanddeel vun der typesch Lëtzebuerger politescher Kultur ginn. Natierlech zitt an esou engem Ablack jiddferee Bilanz. Mir schéngt et awer méi wichteg no fir ze kucken op déi Aufgaben, déi elo op eis duerkommen.

Viru 25 Joer huet sech e klenge Grupp vun engagéierte Fraen a Männer opgemeet, bal wie Partisanen am Krich, fir eng nei Bewegung zu Lëtzebuerg ze schafen. Dës Bewegung hat um Ufank nëmmen een Zweck, eng grouss sozial Ongerechtegkeet zu Lëtzebuerg ofzeschafen, respektiv ze korrigéieren. Aus dëser, am Fong sozialer Bewegung, ass haut eng richteg Partei ginn, déi all d’Gebidder vun der Politik a vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg ofdeckt.

Situéiert an engem sozial-biergerlechen, liberale Parteiespektrum, ass se haut méi wéi jee e Garant fir e sozialt Gewëssen zu Lëtzebuerg. An enger Welt, an där näischt méi do ass, wou et soll sinn, gi Leit a Parteie gebraucht, déi kapabel sinn eng generell Vue vun allem ze hunn an net liichtfankeg Guddes um Altor vum kuerze politesche Succès z’opferen. Als Oppositioun ass dat net ëmmer einfach, zemol de Spectre vum Populismus ëmmer lauert. Qualitativ gutt sozial Politik ze maache war nach ni einfach a gëtt et och net.

D‘ ADR an hir Membere feieren haut e Jubiläum, kee Gebuertsdag; Jubiläum, deen hinnen an all deene vergaangene Joren net vill Leit ausserhalb zougetraut hätten. D’ADR an hir Membere sinn eso mat engem Sportler ze vergläichen, deen zwar ëmmer rëm Succèse verbuche konnt, dat bescht versicht ze ginn, an haut fir eng Kéier am Mëttelpunkt vum Intressi steet fir säin Dank a seng Unerkennung z’empfänken, och wann dëst deem engen oder anere Matkonkurrenten net ëmmer schmaacht.

D’ADR huet vill beweegt, beweegt villes a wëll nach méi an Zukunft bewegen an dëst eleng fir den Awunner vun dësem dach sou schéine Land eng besser a sozial sécher Zukunft ze garantéieren.

Dëst virun engem Hannergrond, deen ëmmer méi schwaarz gëtt, den d’ADR awer net fäert. D’ADR ass bereet och déi nächst 25 Joer hir Roll ze spillen, ganz am Geescht vun de Fondateure vun 1987. An dësem Sënn wënschen ech der ADR, hire Memberen, hire Frënn a Sympathisanten, datt an Zukunft vill Leit op si lauschteren, ganz am Sënn vum Seneca, wéi hie geschriwwen huet: „Audiatur et altera pars!“. Fräi op Lëtzebuergesch iwwersat: et muss een och déi aner Säit lauschteren.