Viru ronn engem Véirelsjoerhonnert ass d‘ADR – deemools ënnert dem Numm Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen – gegrënnt ginn. Gefeiert gouf dëse Jubiläum den 8. November am Kinneksbond zu Mamer, an dat mat net manner wéi 300 Gäscht. D‘ADR hat d‘Éier de Grand-Duc Henri op dëser akademesch Feier ze begréissen. Nieft Membere vun der ADR waren och vill Éieregäscht, ënnert deenen de President vun der Chamber, de President vum Staatsrot, Vertrieder vun anere Parteien a vill Ambassadeuren, present. D‘Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) war duerch zwanzeg Vertrieder aus den ënnerschiddlechste Länner representéiert.

D‘Riedner hunn net nëmmen op déi mouvementéiert Geschicht vun der ADR zeréckgekuckt, mä och en Ausbléck an d‘Zukunft gewot. Och d‘Positioun vun der ADR am europäesche Kontext an hir exzellent Relatiounen zu den europäesche Schwësterparteie goufen ugeschwat. Jiddfereen huet eng Festbroschür, déi speziell fir dëst Evenement publizéiert gouf, geschenkt kritt. Dës Broschür ka gratis bei der ADR bestallt ginn.

Um 18.30 Auer ass de Grand-Duc virum Centre Culturel Kinneksbond vum Fernand Kartheiser, Nationalpresident, dem Jean Schoos, Generalsekretär, dem Gast Gibéryen, Fraktiounschef, an dem Gilles Roth, Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer, empfaange ginn. Nodeems den Orchestre de Chambre du Luxembourg, deen de musekaleschen Encadrement vun der akademescher Feier assuréiert huet, de Wilhelmus gespillt hat an nodeems de Staatschef eng Rei Éieregäscht begréisst hat,  hu sech déi verschidde Riedner op der Bühn succedéiert.

De Fernand Kartheiser huet de ville Gäscht Merci gesot fir hir Präsenz. Nieft dem Grand-Duc hunn och Ambassadeuren, de President vun der Chamber, de Maréchal de la Cour, de President vum Staatsrot, Vertrieder vun der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), Vertrieder vun auslännesche Schwësterparteien a vun de lëtzebuergesche Parteien, de President vun der Chambre des salariés, de President vum NGL-SNEP an natierlech vill Membere vun der ADR un der akademescher Sëtzung deelgeholl.

„Wann haut vill eeler Leit net méi ënner prekäre Konditioune musse liewen, dann ass dat virun allem dëser Partei ze verdanken“, esou den Nationalpresident zu der Geschicht vun der ADR. „Aus där schwéierer Ufankszäit zéie mir awer och Léieren, déi haut nach dës Partei prägen: eisen ongebrachenen, sozialen Engagement, eis Léift zur Gerechtegkeet an eise Jo zum Solidaritéitsgedanken.“

De Fernand Kartheiser huet och d’Akzenter, déi d’ADR wëll iwwert d’Dagespolitik eraus fir d’Gesellschaft setzen, opgezielt. D’Partei setzt sech deemno an fir eng Stäerkung vun den demokrateschen Institutiounen an och ganz allgemeng vun der Demokratie, fir de Rechtsstaat, fir de fräien Handel, fir d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger a fir en Europa vun den Natiounen. D’ADR trëtt och an fir de Schutz vum Liewen, fir de Wonsch no méi Bildung, Wëssen a Leeschtung an de Schoulen, fir d’Lëtzebuerger Kultur an d’Lëtzebuerger Sprooch.

„D’ADR haut ass eng Partei, déi houfreg op hir Vergaangenheet ass, selbstbewosst déi aktuell Politik mat beaflosst a mat Zouversiicht an d’Zukunft kuckt“, huet de President zum Schluss vu senger Interventioun betount.

De Roby Mehlen, deen iwwert 20 Joer laang un der Spëtzt vun der ADR war, hat déi schwiereg Aufgab, d’Geschicht vun der Partei an e puer Minutten ze resuméieren. Hien huet sech aus deem Grond op d’Ufankszäit an op de Renteproblem, esou wéi en an den 80er Joren an der Diskussioun war, konzentréiert.

„De Renteproblem ass wäitgehend entschäerft, och wann sech haut nei Erausfuerderunge stellen“, esou d’Conclusioun vum Éierepresident, fir deen et wichteg ass „Kloertext ze schwätzen an net ze fäerten, gliddeg Eisen unzepaken“.

De Jan Zahradil ass net nemmen tschecheschen Europadeputéierten, mä och President vun der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten. Hien ass op e puer wichteg Aspekter, déi Lëtzebuerg an déi tschechesch Republik matenee verbannen, agaangen an huet déi gutt Zesummenaarbecht tëscht der ADR an de Schwësterparteie gelueft.

Zu de Schwësterparteie vun der ADR gehéiert ënnert aneren déi britesch konservativ Partei, déi duerch den Deputéierten Geoffrey Clifton-Brown vertruede war. Och hien ass op d’Relatiounen tëscht senger Heemecht a Lëtzebuerg agaangen. Duerno huet en e Bréif, deen de britesche Premierminister David Cameron der ADR adresséiert huet fir hir ze felicitéieren, virgelies.

De Chamberpresident Laurent Mosar huet un d’Episode vun der Trapebesetzung a vum Hongerstreik vum Dr. Jean Colombera erënnert. Et wär him opgefall, datt d’ADR eng besonnesch aktiv Oppostiounsaarbecht leescht; eng Aarbecht, déi senger Meenung no wichteg ass an enger parlamentarescher Demokratie.

Als leschte Riedner huet den Dr. Jean Schoos d’ADR als „Garant fir e soziaalt Gewëssen zu Lëtzebuerg“ bezeechent. D’Partei „huet villes beweegt, beweegt villes a wëll nach méi an Zukunft beweegen“, esou seng Conclusioun.

Nom akademeschen Deel vun der 25-Joer-Feier sinn d’Gäscht op en Dinnercocktail ageluede ginn.