An de Kontrollstatioune sinn onméiglech Zoustänn ausgebrach. Dëst geet esou wäit, datt Proprietairë vu Gefierer an d’Illegalitéit gedriwwe ginn: si sinn ouni valablen Zertifikat ënnerwee! Schonns de 6. September huet d’ADR an enger Pressekonferenz op d’Problemer vu Sandweiler, Esch a Wëlwerwolz opmierksam gemeet. Duerno hunn d’Press, den ACL an d’ULC de Chaos denoncéiert, an endlech schéngt och den zoustännege Minister den Dossier z’entdecken. Här Wiseler, amplaz ze pléischteren, maacht dach Neel mat Käpp. Iwwerhuelt d’Propose vun der ADR, nëmmen esou kann de Problem nohalteg geléist ginn!Wat déi kuerzfristeg Mesuren uginn, esou si verlängert Ëffnungszäiten ze begréissen. Dës sinn awer nëmme wierksam, wann och méi Personal disponibel ass, oder an enger Iwwergangsphas dëst iwwert Iwwerstonne fir d’Clientë present ass. Net z’akzeptéieren ass, datt Automobiliste weider kënne gestrooft ginn, wann hire Zertifikat ouni hir Schold ofgelaf ass; hei hätt missen eng Sonderregel (z.B. Verlängerung fir ee Mount) fonnt ginn an d’Police an deem Sënn Instruktioune kréien.

Här Minister, fir nohalteg Remedur ze schafe mussen d’Propositioune vun der ADR integral iwwerholl ginn!

D’ADR freet sech, datt hir Fuerderung fir net méi mat neie Gefierer mussen op Sandweiler ze fuere vum Minister gedeelt gëtt. Dëst muss och fir Occasioune gëllen, déi nach e valablen Zertifikat vun der SNCT oder enger auslännescher Kontrollinstanz wéi dem TÜV oder der Dekra hunn, et sief dann, deen neie Proprietaire besteet op eng technesch Kontroll.

De Minister geet och op d’Piste fir Intervallen ze verlängeren, hält awer drop, datt zu Lëtzebuerg méi oft kontrolléiert gëtt wéi vun der europäescher Direktiv verlaangt (no 3,5 Joer, 5,5 Joer, dann all Joer). D’ADR fuerdert, d’Direktiv, déi ganz Direktiv, awer nëmmen d’Direktiv unzewennen, also bei den Autoen a Motoen déi éischt Kontroll no 4 Joer, dann all 2 Joer.

De Minister fir nohalteg Entwécklung huet och op der Pressekonferenz zouginn, datt wuel d’SNCT kee Monopol op déi technesch Kontrollen huet, datt awer déi administrativ Oplagen ze héich sinn, fir datt aner Entreprisen oder Organisatiounen hei fir Konkurrenz kënne suergen. Här Wiseler: huelt ouni ze waarden déi néideg Mesuren, esou datt z.B. den Automobil Club senge Memberen dëse Service esou séier wéi méiglech kann ubidden!
Wann de Minister net séier handelt, steet schonns elo fest, datt den nächsten Hierscht deeselwechte Chaos zu Sandweiler, Esch a Wëlwerwolz nees ausbrécht! Dem Här Wiseler seng Propositioune kënnen d’ADR net iwwerzeegen. D’Gesetz soll zwar iwwerschafft ginn, mä wéini? Et geet net fir an dësem Dossier nach méi Zäit ze verléieren.

Der ADR hir Propositioune géifen de Problem séier, efficace an nohalteg léisen; den CSV-Minister Wiseler huet mat senger spéider Reaktioun a sengen hallwe Moossnamen eng Kéier méi bewisen, datt hien net op der Héicht ass, fir de Problem Kontrollstatiounen, deen zanter Joren e Skandal sonnergläichen duerstellt, ze léisen. E Minister, deen esou zéckt an esou hallefhäerzeg Moossname hëlt, ass de falsche Mann fir dee Ressort. An dëser Regierung sin ze vill Leit déi hiren Aufgaben ganz einfach net gewuess sinn!

D’Pressekonferenz vun der ADR zum Thema Kontrollstatiounen