Firwat wëlle verschidde Veranstalter “luxembourgticket” net?

Lëtzebuerg bitt e villfältege Programm vu kulturelle Veranstaltungen an huet eng grouss Offer vu Plazen, wou si stattfannen. De Service “luxembourgticket” erméiglecht de Kaf vu Billjeeën heifir an enger Rei Guicheten an och iwwer Internet. Leider bidden eng Rei kulturell Institutiounen en Deel vun hirem Programm net méi iwwer dëse Service un. Wat awer sinn d’Grënn dofir? A wat fir Institutioune gehéieren zu deenen, déi net mam Service zesummeschaffen? De Fernand Kartheiser riicht an dësem Zesummenhang eng parlamentaresch Fro un de Kulturminister, fir dës onduerchsichteg Situatioun opzeklären.

 

Deel dëse Post: