Zwee Haaptproblemer um Findel: d’Nuetsvolen an … d’EU

De Roy Reding huet d’Strategie fir de Findel de 17. November an der Chamber mat diskutéiert. Dat Ganzt virum Wuesstems-Hannergrond zu Lëtzebuerg, deen an alle Beräicher vun eisem Liewen eng Verduebelung vun den Infrastrukturen an de nächsten 20, 25 Joer bedeit.

Fir de Roy Reding gët et zwee Flughäfen hei am Land: ee fir Passagéier an ee fir Cargo. Wann och bei de Passagéier Detailler ze verbessere wären (Gepäckoffäerdegung, Transferten), louch säin Haaptgewiicht um Cargodeel. Hei huet den ADR-Riedner gefrot, wien déi EU-Décisiounen matgedroen hätt, déi de Findel belaaschten. Wéinst engem EU-Reglement explodéieren d’Nuetsflich ënnert deem gréngen Transportminister Bausch. Wéinst engem EU-Reglement huet de Findel uerg Konkurrenzproblemer a manner Subventiounen. D’Hänn leet d’EU awer an de Schouss, wann d’Cargolux der Konkurrenz vum Quatar ausgesat ass, deem seng Fliger mat Kerosin zu Dumpingspräisser fléien. All dat hunn zu Bréissel Lëtzebuerger Politiker matveräntwert an de Roy Reding wëllt Nimm wëssen. D’EU, sou seet hien däitlech, ass dem Findel säi gréisste Problem.

Den ADR-Zentrumsdeputéierten huet awer och konkret Virschléi. Wann d’Nuetsvolen dank Bréissel net iwwer Taxen ze stoppe sinn, da soll een eng streng Kaméidisgrenz asetzen an och d’Pist an der Nuet virtuell kierzen. Dat géing dann déi déckste Brocken ofhalen, d’Nuetsrou vun de Leit ze stéieren. Weider konkret Virschléi: De Staat soll de Freeport iwwerhuelen, dee mat Image-Problemer ze dinn hätt. Et soll een och kee wichtegen Computerdatenzenter ënnert dem Findel bauen, dat géing Attentatsgefor verduebelen. A nach e Wonsch: Bei all deem Traffic soll d’Sportfligerei net vergiess ginn.

Deel dëse Post: