Xavier Bettel: Portugisesch als Nationalsprooch fir Lëtzebuerg?

Bei der Konsultatiounsdebatt iwwer d’Medie war den Här Staatsminister Xavier Bettel, a senger Funktioun als Medieminister, e bëssi iwweräifreg. Obwuel seng Wieler him schonn 2015 mam Referendum zum Auslännerwalrecht verdäitlecht hunn, wéi wichteg hinnen déi Nationalidentitéit ass – déi jo schliisslech am direkten Zesummenhang mat der Nationalsprooch steet – huet hien den 9. Mee e puer Mol behaapt, Lëtzebuerg hätt méi wéi eng Nationalsprooch (a Portugisesch misst bei den Onlinemedien als Sprooch berécksiichtegt ginn). Wéi de Fernand Kartheiser hie wollt iwwer säin Iertum, wat d’Zuel vun de Nationalsproochen ugeet, opklären, war den Här Staatsminister esou opbruecht, datt hie senger Opreegung als éischt emol mat engem franséischen Ausdrock huet musse Loft maachen. Hien huet iwwerdriwwe schaarf dorop reagéiert a seng Vue vun engem Lëtzebuerg mat villen Nationalsprooche verdeedegt. Um Schluss huet de Chamberspresident am Xavier Bettel senger Sproochenzalot musse sënneren, fir d’Situatioun vun der Lëtzebuerger Nationalsprooch ze redresséieren a kloerzestellen. Net gewosst ass, ob de Premier duerno d’Lëtzebuerger Sproochegesetzgebung richteg verstanen huet.

Deel dëse Post: