Wie beschützt de Schëttermarjal?

Abee, d’Äntwert op d’Fro am Titel schwätzt nach e bëssen ëm de Bräi mä tëscht den Zeilen versteet een, a wéi eng Richtung et geet. Well firwat vu Kompensatiounsmoossname schwätzen, wann d’gréng Ministesch och nëmmen dru géing denken, eppes ze ënnerhuelen. An deen Terrain protegéieren, dat ass e net wäert, schreiwt si an hirer Äntwert och nach.

An enger parlamentarescher Fro hat den ADR-Deputéierte Roy Reding sech op de neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg bezunn, an deem och de Schëttermarjal (Photo: Wikipedia) läit. Dat ass e Biotop iwwer Weimerskiirch mat ville Planzen- an Déierenzorten. De Roy Reding wollt wëssen, wéi dat Stéck Natur vun der blo-grénger Gemeng konnt als bebaubar ausgewise ginn. Hie war och interesséiert, gewuer ze ginn, op d’blo-rout-gréng Regierung vläit de Schëttermarjal klasséiere wëll, fir dee Naturschatz ze retten. Mä et gesäit schlecht aus fir de Schëttermarjal.

Deel dëse Post: