Wéini gëtt Lëtzebuergesch europäesch, Här Bettel?

Scho leschten Dënschdeg hat de Fernand Kartheiser d’Regierung gepiesackt: Eng Motioun fir d’Lëtzebuerger Sprooch an e Gesetzprojet fir d’Sprooch an d’Verfassung ze schreiwen hat hien an der Chamber hannerluecht (Video, . E Mëttwoch, den 12. Oktober, huet hien dem Premier Xavier Bettel dunn eng mëndlech Fro gestallt. Mä de Premier huet schlecht héiren, well seng Äntwert war gelungen an hallef op franséisch: Hien huet der ADR, déi scho jorelaang d’Fuerderung “Lëtzebuergesch” an d’EU an hire Programmer huet, virgehäit op den Zuch vun der Positioun 698 ze sprangen? An hien huet behaapt, d’Regierung géing dat ënnersichen, opwuel d’Regierung schwaarz op wäiss gesot huet, si géing eis Sprooch nët europäesch maachen, well Lëtzebuergesch keng regional Sprooch ass.

E Gléck, datt et schwaarz op wäiss eng Äntwert vum Premierminister op déi nemmlecht Fro gëtt. Doranner weist hien d’Iddi, d’Lëtzebuerger Sprooch europäesch ze maachen, wäit vu sech. Hei ass de Beweis. Déi Logik muss ee sech op der Zong zergoë loossen. Lëtzebuergesch soll keng europäesch Sprooch ginn, well et eng Nationalsprooch ass a keng regional Sprooch a well dat ausserdem zevill géing kaschten, schreiwt de Xavier Bettel 2014. 2016 seet hien de Konträr.

Hei och nach eng Kéier d’Riede vum Fernand Kartheiser iwwer d’Motioun  (Video, 3’18) an (Video, 1’02”) an och iwwer de Gesetzvirschlag fir d’Lëtzebbuerger Sprooch direkt an d’Verfassung ze huelen (Video, 2’36”).

Deel dëse Post: