20. De Rechtsstaat stäerken!

20. De Rechtsstaat stäerken !

D’ADR wëll d’Bewosstsi vun de Bierger fir déi vill Problemer rechtsstaatlecher Natur schäerfen, déi Lëtzebuerg an eng schwiereg Situatioun bréngen. An de leschte Jore sinn ëmmer erëm rechtlech Neierungen ageféiert ginn, déi als Wierkung haten, datt Fräiheete beschränkt goufen. Déi demokratesch Gronduerdnung vu Lëtzebuerg ass ëmmer méi Geforen ausgesat. D’ADR huet sech dofir zum Zil gesat, Fräiheet an Demokratie resolut ze verdeedegen.

D’ADR steet fir d’Fräiheet vum Eenzelen, eng lieweg Demokratie an e staarke Rechtsstaat. Si engagéiert sech fir eng politesch Kultur vun der Éierlechkeet, vun der Toleranz a vun der Oppenheet. Si wéilt jidderengem d’Méiglechkeet vun engem selwerbestëmmten  an eegeverantwortleche Liewen a Fräiheet a Verantwortung ginn, a sprécht dem Staat nëmmen den onbedéngt noutwennegen, minimale Mooss u Rechter zou, fir dës Fräiheeten anzeschränken oder ze kontrolléieren.

Fir d’ADR gëllt et, dat gesellschaftlecht Matenee verantwortungsvoll ze gestalten. Dofir gëlle fir si kloer politesch Richtlinnen, wéi zum Beispill den absolut noutwennege Respekt vun de Mënscherechter, de Respekt vun der Privatsphär duerch de Staat, den Dateschutz, d’Pressefräiheet, d’Présomption d’innocence viru Geriicht, d’Verhältnesméissegkeet vum staatleche Handelen an nach vill aner.

Mat grousser Suerg gesäit d’ADR, datt an de leschte Joren ëmmer méi vun den traditionelle Piliere vum demokrateschen a liberale Rechtsstaat geschwächt goufen. De Kampf géint den Terrorismus a géint déi organiséiert Kriminalitéit, deen d’ADR selbstverständlech engagéiert ënnerstëtzt, dierf nimools als Virwand fir manner Fräiheetsrechter benotzt ginn. Besonnesch bedenklech ass, datt och nach héich geféierlech Neierungen, wéi z.B. de sougenannte Reversement de la charge de la preuve (Umkehrung der Beweislast) oder anonym Zeienaussoen, an eise Rechtssystem ageféiert ginn.

Mëndeg Bierger

Fundamental ass d’ADR der Usiicht, datt de Staat sech esou wéineg wéi néideg an d’Liewe vun senge Bierger anzemëschen huet. De selbstännegen, eegeverantwortlechen a mëndege Bierger ka seng Entscheedunge selwer treffen a brauch keng Tutelle duerch d’Politik. De Staat huet dovun auszegoen, datt en et mat mëndegen an eegeverantwortleche Bierger ze dinn huet. An der Praxis leeft et awer ëmmer méi op eng Erzéiungsdiktatur vum Staat eraus.

Fir d’ADR ass d’Fräiheet eng vun de wichtegste Grondbedingunge fir eng demokratesch Gesellschaft. Hei ass virun allem d’Fräiheet vum Eenzele gemengt, ze denken an – ënnert dem Respekt vun der Fräiheet vum aneren – ze maachen, wat e wëll, ouni eng staatlech Tutelle oder Poursuitë mussen ze fäerten.

De Bierger gëtt ëmmer méi dacks ënner Generalverdacht gestallt a mam Argument „Wien sech näischt zu Schold komme léisst, huet och näischt ze fäerten“ iwwerstridden. Dobäi muss et ëmgekéiert sinn! Well ech mer als mëndege Bierger näischt zu Schold komme gelooss hunn, verbidden ech mer staatlech Iwwerwaachung vun deem, wat ech wéini a wou mat wiem maachen oder net maachen.

D’ADR schwätzt sech géint den totalen Iwwerwaachungsstaat aus. All d’Moossnamen, déi besonnesch mam Argument vum Kampf géint den Terror getraff ginn, mussen op hir Verhältnesméissegkeet am Bezuch op de Schutz vun der Privatsphär gepréift ginn.

Besonnesch am Hibléck op déi rezent Revelatioune wäert sech d’ADR fir e méiglechst grousse Schutz vun der Privatsphär asetzen. Dëst betrëfft engersäits déi elektronesch Iwwerwaachung, wéi z.B. d’Online-Iwwerwaachung vu Computer, mä och schonn déi staatlech Amëschungs- a Schnoffelmentalitéit, wéi se sech z.B. ëmmer erëm bei Ëmfroe vum Educatiouns- a vum Chancëgläichheetsministère manifestéiert. Et geet de Staat näischt un, wie wéi vill Bicher doheem huet oder wien an de Stéit dofir zoustänneg ass, datt d’Poubelle eidel gemaach gëtt.

Bei elektroneschen Chippen, bei der sougenannter „Vorratsdatenspeicherung“ a bei anere Moossnamen oder technesche Neierung, déi an de leschte Joren ageféiert goufen, wäert d’ADR drop bestoen, datt déi eenzel Bierger op Ufro kënnen Abléck an d’Date kréien, déi iwwert si gesammelt goufen. D’Manipuléiere vun deene Date muss streng gereegelt ginn. Dëst muss ëmmer novollzéibar a kontrolléierbar sinn, fir all Mëssbrauch ze verhënneren. Den eenzele Bierger muss einfach, mä  wierksam Rechtsmëttel zur Verfügung hunn, fir seng Interessie verdeedegen ze kënne géigeniwwer der staatlecher Tendenz ëmmer méi Daten ze sammelen.

Fir d’ADR däerfen individuell Fräiheetsrechter net zur Dispositoun gestallt ginn an de Wäert vun der Privatsphär muss nees respektéiert ginn.

Perséinlech Fräiheeten

D’ADR wäert sech prinzipiell kenge weideren Aschränkunge vun de perséinleche Fräiheeten zoustëmmen a ganz genee all weider Kontroll vum mënschleche Handelen analyséieren, ier se esou Reegelen zoustëmmt. D’ADR trëtt dofir an, datt verschidde Verbueder, déi scho bestinn, zeréckgeholl oder op d’mannst ofgeschwächt ginn.

D’ADR huet sech ëmmer fir eng esou grouss wéi méiglech Fräiheet vum eenzele Bierger ausgeschwat, besonnesch och wat seng Iessgewunnechten oder seng Risikoverhalen ugeet. Esou huet se z.B. géint dat rezent Fëmmverbuet gestëmmt, well se de Bierger wëll eng fräi Wiel loossen. De Wiert soll selwer kënnen entscheeden, ob a sengem Lokal däerf gefëmmt ginn oder net. Sollt e Wiert sech fir d’Fëmmen entscheeden, mussen allerdéngs streng Gesondheetsoploen zum Schutz vum Personal getraff ginn.

D’ADR ënnerstëtzt dogéint staatlech Opklärungscampagnen, fir op d’Gesondheetsrisikoen opmierksam ze maachen, z.B. beim Alkohol, beim Tubakkonsum asw. Si versicht awer ëmmer de Bierger eng fräi Wiel ze loossen.

D’ADR wäert keng Gesetzer ënnerstëtzen, déi sech an den Iessgewunnechte vun de Bierger amëschen. Gesond Iesse soll iwwert Informatiounscampagnen an Erzéiungsaarbecht gefërdert ginn, mä och an dësem Beräich muss jidderee fir sech selwer verantwortlech sinn.

Bei Alkoholkontrolle soll d’Police eng richteg Präventiounsaarbecht leeschten. D’Police soll d’Fuere vu Leit, déi déi legal Promillgrenz iwwerschreiden, wa méiglech scho virun der Faart verhënneren, ouni weider Sanktioune fir déijéineg, déi dëser Opfuerderung dunn och nokommen.

Ënnert dem Afloss vun Drogen ze fuere muss streng sanktionéiert ginn an de Mëssbrauch vu Medikamenter um Steier ass op deeselwechten Niveau ze setze wéi de Mëssbrauch vun Alkohol. Et muss awer Récksiicht geholl ginn op d’Fuerer, déi e Medikament brauchen, dee vun hirem Dokter verschriwwe gouf, fir kënne sécher ze fueren. Den Dialog tëscht dem Corps médical an der Police muss hei däitlech verbessert ginn.

D’ADR bekennt sech onageschränkt zu den Exigenze vun der Verkéierssécherheet. Wat den Alkoholkonsum ugeet, esou sinn ëmmer déi neist wëssenschaftlech Erkenntnesser ze berécksichtegen. D’Festleeën oder Verännere vun der erlaabter Promillgrenz ass nëmmen duerch geséchert Erkenntnesser ze justifiéieren. Fir och hei en onbegrënnten Agrëff an d’Privatliewen ze verhënneren, sollt reegelméisseg gepréift ginn, ob déi aktuell Gesetzgebung nach dem Stand vun der Fuerschung entsprécht. Onnéideg Begrenzunge sinn ofzeschafen. Dogéint ënnerstëtzt d’ADR schaarf Begrenzunge bei Fuerer, déi eréischt zënter kuerzem de Führerschäin hunn, a bei Beruffsfuerer.

D’ADR ënnerstëtzt Moossnamen, déi et de Mënsche bei gréissere Veranstaltungen erlaabt, op hiert eegent Auto ze verzichten, z.B. duerch Shuttle-Busser, Fahrgemeinschaften (covoiturage), asw.

Bei polizeileche Kontrollen ass d’ADR ëmmer dofir, datt méiglechst geziilt Kontrollen oder virgeholl ginn an datt esou wäit wéi méiglech op generell Kontrolle verzicht gëtt. Et sollt een de Leit ni d’Gefill ginn, datt se ënner enger Aart Generalverdacht stinn.

D’ADR wäert jiddefalls bei alle Gesetzer de Schutz vun der Privatsphär consideréieren. Ob et sech z.B. ëm Online-Iwwerwaachung handelt oder ëm d’Benotze vu Datebanken, d’ADR wäert sech ëmmer op déi rechtsstaatlech Prozeduren an op d’Verhënnere vu Mëssbrauch grousse Wäert leeën!

Um Niveau vun der EU wäert d’ADR der Erfaassung vun DNA-Daten an Auswäiser entscheet entgéintwierken. Am Géigenzuch soll de Pass Daten enthalen, déi de Bierger Grenz- a Fluchhafekontrollen erliichteren, z.B. Informatiounen iwwert Protheesen, déi Warnsignaler an de Kontrollportaler ausléisen.

Et däerf prinzipiell zu kenger systematescher Erfaassung vun Daten oder Videobiller kommen. Et muss séchergestallt ginn, datt d’Utilisatioun vun esou Datebanken ëmmer nëmmen dem ursprénglechen Zweck vun hirer Aféierung (z.B. Kampf géint den Terror) déngt an datt se net däerfe  fir en aneren Zweck benotzt ginn, weder vun der Police nach vun iergendenger anerer Administratioun.

Eng abusiv Verwennung vun deenen Daten däerf a kengem Verfahren, sief et strof-, zivil- oder steierrechtlecher Natur, Verwennung fannen. De Mëssbrauch vun Date muss streng bestrooft ginn.

Zum Respekt vun der Privatsphär gehéiert och de Respekt virun der mënschlecher Persoun. Apparater, déi de Mënsch plakeg weisen, däerfen ausserhalb vun der Medezin keng Verwennung fannen. Sougenannt Ganzkierperscanner dierfen de Mënsch also nëmme schablounehaft weisen a mussen sech op d’Fanne vu geféierleche Géigestänn beschränken.

D’ADR schwätzt sech grondsätzlech géint eng zweet Police aus. Bei enger eventueller Ausweidung vun de Pouvoire vun den Agents municipaux muss de Gesetzgeber mat ganz grousser Virsiicht agéieren. D’Lëscht vun den Infraktiounen, déi vun den Agents municipaux kënne festgestallt ginn, muss ganz restriktiv applizéiert ginn a ganz genee am Gesetz verankert ginn.

Net de Staat muss de Bierger kontrolléieren, mä de Bierger muss de Staat kontrolléieren.

All Bierger soll d’Recht hunn bei staatlechen Entitéiten, egal wat fir enger Natur, all d’Informatiounen oder Daten ze kréien, déi net d’Perséinlechkeetsrechter vun Drëtte betreffen. Gëtt eng Äntwert verweigert, soll den Ombudsman kënnen intervenéieren, respektiv d’Rechtméissegkeet vum Refus däerfen ergrënnen.

Et soll och eng parlamentaresch Kontroll vun alle staatlechen Organer, deenen en Zougrëff op Datebanke gesetzlech erlaabt ass, ageféiert ginn. D’Missioun vum soll vill méi staark op de Beräich vun der Kontroll, vun der Utilisatioun a vum Ënnerbanne vum abusiven Ëmgank mat Datebanken ausgeriicht ginn.

Pressefräiheet

Fräiheet vum Eenzele bedéngt och Fräiheet vun der Press. Et däerf zu kenger direkter oder indirekter Zensur kommen. D’ADR bekennt sech ausdrécklech zur Pressefräiheet. Si erkennt d’Roll vun der Press als „Wuechthond vun der Ëffentlechkeet“. Fir d’ADR ass besonnesch de Quelleschutz  absolut néideg fir den investigative Journalismus ze erméiglechen.

Fir d’Onofhängegkeet vun der Press weider ze stäerken, wëll d’ADR dës Ziler erreechen:

– Stäerkung vun der Positioun vum Presserot;

– Iwwerreechung vun Diplomen, Journalistekaarten an Auszeechnungen ausschliisslech duerch vun der Politik onofhängeg Perséinlechkeeten:

– Zeréckhuele vum Gesetz vum 19. Juni 2012, dat eng indirekt Pressezensur aféiert (fréiere Gesetzprojet 6127). D’ADR huet dozou eng Proposition de loi agereecht;

– Reform vun der Gesetzgebung iwwert d’Pressehëllef fir d’Onofhängegkeet vun de Medien an de Meenungspluralismus ze stäerken.

D’ADR trëtt dofir an, datt an Zukunft all d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, och am Verwaltungsrot vun de Medie vertruede sinn, déi en ëffentlech-rechtleche Charakter hunn oder esou Aufgabe wouerhuelen, wéi z.B. Radio 100,7 an RTL. De Verdeelerschlëssel soll hei ee Vertrieder pro Partei sinn. Op d’Präsenz vun anere Politiker oder fréiere Politiker an dëse Verwaltungsréit muss verzicht ginn.

Déi administrativ Sanktiounsméiglechkeete vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel) gi staark beschränkt an esou iwwerschafft, datt d’Existenz vun enger Medienanstalt oder vun enger Zeitung net ka vu Regierungssäit a Gefor bruecht ginn. Grav Infraktioune musse vun engem Geriicht behandelt ginn. Fir d’ADR soll weiderhin an éischter Linn de Presserot (Conseil de presse) Konflikter léisen, déi sech aus engem méiglechen Netanhale vum Code de déontologie oder vum Gesetz iwwert Pressefräiheet kéinten erginn. D’Entscheedunge vun dëser Instanz mussen an enger gëeegenter Form verëffentlecht ginn.

D’Modalitéite vun der politescher Berichterstattung ginn nom däitsche Virbild am ëffentlech-rechtleche Pressewiese reforméiert fir méi politesch Ponderatioun an Objektivitéit an de Medien ze erreechen.

De Bierger muss weiderhi kënne Presseorganer an Auteure virun der Justiz fir hir Verëffentlechunge verantwortlech maachen. D’ADR ass och fir eng séier, effektiv a gerecht Prozedur zur Reegelung vun des Droits de réponse.

D’ADR ass géint all Form vu staatlecher Zensur um Internet. Si schwätzt sech gläichzäiteg dofir aus, datt Kanner a Jugendlecher zu engem verantwortungsbewossten Ëmgang mat de moderne Medien erzu ginn. Dës Mediekompetenz soll besonnesch och an der Schoul eng wichteg Roll spillen.

D’ADR ass fir e Gesetz, dat wesentlech méi Transparenz bei Meenungsëmfroe schaaft. Et soll och kloer, deontologesch Reegelen an der Demoskopie ginn, wéi z.B. e Verbuet zu suggestive Froen, eng absolut Oppenheet iwwert d’Methoden, déi bei der Ëmfro benotzt goufen, d’Réidaten an d’Methode vun der statistescher Auswäertung.

Politik op der Grondlag vun zolidde Wäerter

D’Politik vun der ADR orientéiert sech un den universelle Mënscherechter, wéi se ë.a. an der UN-Mënscherechtscharta an an der Konventioun zum Schutz vun de Mënscherechter a Grondfräiheete vum Europarot festgehale sinn. D’ADR bekennt sech zu de Prinzipie vum liberale Rechtsstaat an zu den historesche jiddesch-chrëschtleche Wäerter, déi Europa a Lëtzebuerg geprägt hunn.

D’ADR respektéiert déi spirituell, reliéis a philosophesch Iwwerzeegunge vun alle Bierger, souwäit se net am Widdersproch stinn zu rechtsstaatleche Prinzipien, a verdeedegt d’Reliounsfräiheet. Si schätzt de spirituellen a soziale Bäitrag vun de reliéisen a philosophesche Gemeinschaften zum Gemengwiesen. D’ADR ass der Usiicht, datt déi reliéis Gemeinschaften a Kierche sollten institutionell getrennt vum Staat fonctionnéieren, woubäi d’Eenzelheete vun där Relatioun muss am konstruktiven Dialog an op der Grondlag vum applizéierbare Recht mat allen Intresséierte gekläert ginn. D’ADR betount, datt hiren Asaz zum Thema Trennung vu Kierch a Staat op kee Fall kierchen- oder reliounsfeindlech ass; mä datt si beméit ass ëm e konstruktiivt a fir all d’Säite zefriddestellend Mateneen am Interesse un engem gutt strukturéierte Staatswiesen. Si schätzt de Stellewäert vum Reliéisen an der Philosophie, Geschicht, Konscht a Kultur a respektéiert d’Bedeitung vun de kierchlechen Traditiounen an der lëtzebuergescher Gesellschaft.

D’ADR respektéiert och d’Usiichte vun den Atheisten, Agnostiker a Fräidenker a schléisst deenen hir Stellungnamen an hir Iwwerleeunge mat an.

Fir eng staark Demokratie

D’ADR hätt gären, datt esou vill Bierger wéi méiglech um politesche Geschéien deelhuelen an et aktiv matgestalten. Kee soll un der Ausübung vum Grondrecht op eng fräi a politesch Aktivitéit duerch sozial oder berufflech Ëmstänn gehënnert ginn. An där Hisiicht huet de Staat d’Aufgab, den Zougang zum politesche Mandat fir all d’Bierger, déi dozou berechtegt sinn, ze egaliséieren. D’ADR schwätzt sech fir e faire politesche Wettbewerb aus a leent dofir all Aart vu Quoten oder aner Aschränkunge vum fräie Wielerwëllen of. De Mindestalter fir dat aktiivt a passiivt Walrecht soll bei 18 Joer bleiwen. Gläichzäiteg fuerdert d’ADR eng Verstäerkung vun de Coursen an der Instruction civique an alle Schoulen.

Well och um Niveau vun de Gemengen Entscheedunge kënne getraff ginn, déi souverän Interessie vu Lëtzebuerg beréieren, verlaangt d’ADR, datt d’Walgesetz esou ofgeännert gëtt, datt d’Funktioune vum Buergermeeschter a vum Schäffen nees ausschliisslech de Lëtzebuerger Staatsbierger virbehale sinn. Déi eenzeg Ëmgangssprooch an de Gemengeréit soll Lëtzebuergesch sinn.

Bei de Chamberwale wëll d’ADR, datt och weiderhin nëmme Lëtzebuerger Staatsbierger dat aktiivt a passiivt Walrecht hunn. Dëse Prinzip muss an der Verfassung verankert bleiwen. All Ännerung vun deem Prinzip wäert d’ADR eenzock dozou beweegen, eng Referendumsprozedur anzeleeden.

Well an der Chamber vill Froen diskutéiert an decidéiert ginn, an deenen d’Lëtzebuerger Souveränitéit concernéiert ass, ass d’ADR der Opfaassung, datt d’Membere vun der Chamber sollen ausschliisslech vun de Lëtzebuerger Staatsbierger  bestëmmt ginn. All aner Léisung géif jo och de Wäert vun der lëtzebuergescher Staatsbierger a Fro stellen an d’Motivatioun fir d’Acquisitioun vun dëser Staatsbiergerschaft däitlech diminuéieren.

D’ADR mécht drop opmierksam, datt weltwäit keen anert Land mat enger vergläichbarer demographescher Struktur wéi Lëtzebuerg en Auslännerwalrecht ageféiert huet. D’ADR akzeptéiert d’Auslännerwalrecht allerdéngs bei de Sozialwalen, bei de Gemengewalen a bei den Europawalen (fir EU-Bierger). Si gesäit keen Demokratiedefizit an der Bestëmmung, datt d’Walrecht bei de Parlamentswalen ausschliisslech de Staatsbierger virbehale léift. Dat ëmgekéiert Argument zugonschte vum Auslännerwalrecht, also d’Verallgemengerung vum Walrecht fir d’Bekämpfung vun engem supposéierten Demokratiedefizit, misst jo dann och weltwäit virbruecht ginn, woufir awer néierens och nëmmen usazweis esou eng Argumentatioun ze erkennen ass. D’ADR ass och der Opfaassung, datt dës Fro net soll europawäit gereegelt ginn, mä datt d’Behandlung vum Walrecht muss eng Fro vun der nationaler Souveränitéit bleiwen.

D’ADR gesäit an enger gelongener Integratioun vun den auslännesche Matbierger, z.B. iwwert d’Acquisitioun vun der (duebeler) Staatsbiergerschaft, den eenzeg richtege Wee fir d’Acquisitioun vu politesche Rechter.

Si erkennt an der aktueller Debatt virun allem de Versuch d’Gewiicht vun der Fonction publique am gesellschaftleche Liewe vun eisem Land ze reduzéieren. Doriwwer eraus muss ee bedenken, datt, wa bis d’Auslänner d’Walrecht fir d’Chamberwalen hunn, et dann natierlech och keng Restriktioune  méi fir Auslänner an der Fonction publique ka ginn. Och hei ass d’Positioun vun der ADR kloer: souverän Funktiounen am lëtzebuergeschen ëffentlechen Déngscht mussen de Lëtzebuerger Staatsbierger virbehale bleiwen, ob um politeschen oder um administrativen Niveau.

D’ADR ass och géint déi automatesch Aschreiwung vun auslännesche Staatsbierger op de Wielerlëschten.

D’ADR ass fir méi direkt Demokratie a wënscht sech däitlech méi Referendumen an eng notabel Vereinfachung vun der „initiative populaire“. Ënnerschrëftesammlunge mussen och per Internet méiglech sinn. All weider Ännerung vun EU-Verträg, all Verännerung, déi déi souverän Staatsrechter betrëfft, an all weider EU-Erweiderung sollten engem Referendum op Volleksinitiativ ënnerworf ginn.

D’ADR verlaangt eng Revisioun vum Walgesetz, fir datt d’Verdeelung vun de Mandater pro Bezierk der reeller Zuel vu Wieler entsprécht. Am Ament si virun allem d’Walbezierker Osten an Norden an der Chamber ënnerrepresentéiert. D’ADR huet dozou eng Proposition de loi abruecht.

D’ADR rifft och an Erënnerung, datt d’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit muss hirer Meenung no mat strenge Bedéngunge verbonne bleiwen. Heizou zielen ë.a. eng 7-järeg Residenzklausel, déi allerdéngs méi flexibel wéi bis elo ka gestalt ginn, an e Sproochentest. Bei engem onënnerbrachen Openthalt zu Lëtzebuerg sollt eng Frist vu 5 Joer duergoen. D’ADR besteet drop, datt ee muss e Sproochentest am Lëtzebuergesche bestoe fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Weder d’Sträiche vun dëser Bedéngung, nach en Erofsetze vun de gefroten, a souwisou scho ganz niddrege Lëtzebuergeschkenntnisser komme fir d’ADR a Fro. D’Bedéngungen, déi d’Behuelen an de Ruff vun de Kandidate souwéi d’Modalitéite vun de Coursen an der Instruction civique betreffen, gi vun der ADR méi streng gefaasst an de gängege Bestëmmungen am noen Ausland, z.B. an Däitschland oder Éisterräich ugepasst. D’Kandidate sollten och op d’mannst Grondkenntnisser vun der lëtzebuergescher Geschicht kënnen noweisen. Fir nei agebiergert Lëtzebuerger sollten d’Gemengen ee Mol d’Joer, z.B. fir Nationalfeierdag, eng Zeremonie organiséieren, fir dësen Ulass wierdeg ze feieren.

Wat d’Trennung vun de politesche Mandater ugeet, trëtt d’ADR dofir an, datt vun de Chamberwalen 2018 un e Mandat als Deputéierten net méi kompatibel ass mat der Funktioun vu Buergermeeschter oder Schäffen. Gläichzäiteg hätt d’ADR och gären, datt eng Memberschaft am Staatsrot net kompatibel ass mat der Funktioun vu Buergermeeschter oder Schäffen.

D’ADR ass awer géint eng Limitatioun vun de successive Mandater op zwou Mandatsperioden, well si der Opfaassung ass, datt de Wieler do selwer eng Entscheedung soll treffen.

D’ADR schwätzt sech fir en Deontologiecodex fir Politiker a Beamten op nationalem a kommunalem Niveau aus. Esou e Codex muss awer d’Privatsphär vun de Betraffenen a vun deenen hire Familljemembere respektéieren. Et soll virun allem dem Kampf géint all eventuell méiglech Korruptioun déngen.

D’Präsenz vu Politiker an de Schoulen, d’Verwennung vun ëffentleche Gelder fir Publizitéitszwecker a Virwalzäiten, d’Konditiounen, ënnert deenen engem Familljemember kann en ëffentlechen Optrag uvertraut ginn, an d’Oppeleeë vu private Bezéiungen tëscht Acteuren an der Justiz am Interessi vun der Rechtssécherheet vum Bierger sollten och an esou engem Deontologiekodex gereegelt ginn. Wéi dëst soll am Eenzele geschéie muss per Gesetz gekläert ginn.

De Staat soll sech och e fortschrëttlecht Transparenzgesetz ginn, woubäi d’Noutwennegkeet vum Geheimhale vu vertraulechen a virun allem sécherheetsrelevanten Informatiounen ze respektéieren ass.

Fir eng stabil a modern Verfassung

D’ADR war vun Ufank un dem Rechsstaat verflicht. Et ass virun allem hirer Geschicht an hirem Engagement an der Politik ze verdanken, datt iwwerhaapt e Verfassungsgeriicht zu Lëtzebuerg geschafe gouf. Dëser Traditioun wäert se trei bleiwen a si wäert wéi keng aner Partei op de Respekt an d’Fërderung vu rechtsstaatleche Prinzipien uechten. De Staat gehéiert all de Bierger an däerf op kee Fall vun enger oder méi Parteie monopoliséiert ginn.

D’ADR erënnert dorunner, datt d’Verfassung dozou déngt, déi konstitutiv Staatselementer ze benennen, d’Roll vun den Institutiounen ze bestëmmen an d’Prinzipie festzeleeën, déi d’Rechtswiese prägen. Dës wichteg Funktioune vun der Verfassung goufen an de leschte Jore leider ëmmer méi doduercher verwässert, datt och reng konjunkturell bedéngt politesch Ziler, déi kee Verfassungsrang verdéngen, an déi sougenannt Loi fondamentale opgeholl goufen. Dacks handelt et sech dobäi ëm duerchaus dubiéis, reng politesch Formuléierungen, déi eigentlech net an eng Verfassung gehéieren. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt d’Verfassung nees méi Stabilitéit kritt an datt nees verantwortungsvoll mam Grondgesetz vum Staat ëmgaange gëtt.

Heizou ass et allerdéngs noutwenneg, eis Verfassung, déi streckeweis ëmmer nach de Geescht vu längst vergaangenen Zäite erëmspigelt, eemol grëndlech ze verschaffen, dat heescht am Sënn vun enger moderner Demokratie ze reforméieren an nei ze uerdnen. Dofir wëll d’ADR virun de Walen de Bierger hir verfassungsrechtlech Prioritéiten ëmfaassend duerleeën.

D’ADR huet, am Kader vun den Aarbechte vun der zoustänneger Chamberkommissioun, hir konkret Positiounen zur Verfassung verëffentlecht (op www.adr.lu ze fannen).

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Walrecht bei de Chamberwalen ausschliisslech de Lëtzebuerger Staatsbierger virbehale bleift.

D’Staatsform vu Lëtzebuerg als konstitutionell Monarchie däerf net a Fro gestallt ginn.

Déi nächst Chamber wäert d’Berodungen iwwert d’Verfassungsreform weiderféieren. D’ADR wäert aktiv un dëse Berodungen deelhuelen a besonnesch dës Standpunkte vertrieden:

Grondsätzlech ass d’ADR der Opfaassung, datt d’Prinzipie vum Rechtsstaat Verfassungsrang verdéngen. Dozou gehéiert, datt d’Gewaltentrennung explizit genannt gëtt an datt d’Rechtssécherheet bei gesetzlechen Normen bestëmmt gëtt. Den dräi Pouvoiren – Parlament, Chamber a Justiz – muss virgeschriwwe ginn, datt se bei hirem Handelen ëmmer d’Grondsätz vun der Gerechtegkeet (équité), Noutwennegkeet (opportunité) a Verhältnesméissegkeet (proportionnalité) anzehalen hunn. Sollten d’Regierung an d’Chamber d’Fräiheetsrechter vun de Bierger wëllen aschränken, esou muss et dem Verfassungsgeriicht méiglech sinn, d’Gesetzer par rapport zum Respekt vun dëse Grondsätz ze préiwen.

Opgrond vun den Entwécklunge vun de leschte Jore muss d’Bréifgeheimnis op all déi elektronesch Kommunikatiounstechnologien ausgeweit ginn. (Umkehr der Beweislast) gëtt verbueden an all d’Gesetzer, déi dat virgesinn, ginn ofgeännert. Anonym Zeienaussoe ginn net viru lëtzebuergesche Geriichter zougelooss.

D’ADR bekennt sech zu de Bestëmmunge vun der Fräiheet a vun der Onofhängegkeet vun de Medien an zum Verbuet vun der Zensur.

D’Prinzip vun der Gläichheet vum Bierger virun der Steier soll explizit erwähnt ginn, zesumme mam Grondsaz, datt der Bäitragsfäegkeet (capacité contributive) muss Rechnung gedroe gi beim  Festleeë vun Héicht vun der Steierlaascht. Dëst ass e wichtegt Element vum solidaresche Sozialstaat.

A wichtege Froe wëll d’ADR duerch e Referendum d’Populatioun direkt um Entscheedungsprozess bedeelegen. Si wäert d’Recht, e Referendum op Initiative populaire ze erwierken, an der Verfassung verankeren. Mir wëllen dem Verfassungsgeriicht d’Zoustännegkeet zougestoen, och iwwert d’Verfassungsméissegkeet vun internationale Verträg ze befannen.

Fir d’ADR steet ausser Zweiwel, datt Lëtzebuerg muss en eegestännegt a vollwäertegt Verfassungsgeriicht behalen an datt jidder Bierger soll en direkten Zougang zu dësem Geriicht kréien. Dëst soll analog zu de Bestëmmungen, déi am Ament fir dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht gëllen, méiglech sinn.

Fir eng Reform vun de staatlechen Institutiounen

Am Kader vun den Diskussiounen ëm eng Neifaassung vun der Verfassung ass däitlech ginn, datt eleng d’ADR nach onageschränkt zur Staatsform vun der Monarchie steet. All déi aner Parteie tendéieren z.B. dozou, den Terme Grand-Duc duerch Staatschef ze ersetzen.

D’ADR ass och der Meenung, datt d’Verfassung muss Plaz bidde fir all déi staatlech Symboler, wéi se am Gesetz vun 1972 virgesi sinn. Duerch e Gesetz sollen déi national Symboler och besser geschützt ginn.

D’ADR ass als eenzeg Partei der Meenung, datt d’Verfassung muss déi Lëtzebuerger Souveränitéit festleeën a konsequent schützen.

D’Roll vum Grand-Duc

D’Zesummespill vun den Institutioune muss am Sënn vun der Gewaltentrennung kloer gereegelt ginn. De Grand-Duc muss iwwert de Parteien an iwwert der Dagespolitik stoen.

Seng Roll soll als éischte Vertrieder vum Staat, Wiechter vun den demokratesche Prinzipien a Vermëttler tëscht den Institutioune festgeschriwwe ginn. Dofir kann en och net méi Deel vum Pouvoir exécutif (Regierung) oder vum Pouvoir législatif (z.B. wann eng Chambersessioun opgemeet gëtt) sinn. Och d’Ernennung vun de Membere vum Staatsrot kann net méi ënnert seng Zoustännegkeet falen.

De Vakuum, deen doduercher entstanen ass, datt d’Prerogativë vum Grand-Duc beim Akraafttriede vun de Gesetzer ofgeschaf goufen (Art. 34 vun der Verfassung), muss duerch eng nei Prozedur gefëllt ginn. D’ADR ass der Meenung, datt dëst soll z.B. duerch eng Ausweidung vum Referendum per Initiative populaire oder duerch d’Verfassungsgeriicht geschéien.

D’Chamber

D’ADR engagéiert sech fir eng Revalorisatioun vun der Chamber. D’Kontrollméiglechkeete vun der Chamber géigeniwwer der Regierung gi gestäerkt. D’ADR wäert d’Roll, déi d’Chamber am legislative Prozess spillt, nees opwäerten an déi ëmmer méi grouss Verlagerung vu wichtegen Entscheedungen an anere Gremie bekämpfen.

D’ADR wëll en aktiivt Matsproocherecht vum nationale Parlament schonn am Virfeld vum Ausschaffe vun EU-Richtlinnen oder Reglementer. Do gëtt et kee Besoin, fir nei europäesch Verträg ze ratifizéieren, well eng Entscheedung op nationalem Niveau géif duergoen. D’Regierungsmembere mussen d’Chamber viru wichtegen EU-Rotssëtzunge konsultéieren.

D’ADR wëll och dës Reforme vum Parlament virschloen:

– Eng Ausweidung vun der Zuel vun den ëffentlechen Debatte souwéi d’Méiglechkeet d’Parlament kuerzfristeg anzeberuffe fir aktuell Froen ze diskutéieren;

– Eng Upassung vun der Definitioun vum Fraktiounsstatut un de gängegen Normen am Ausland, z.B. 5% wéi an an Däitschland. Dat géif heeschen, datt eng Partei mat dräi Deputéiert Fraktiounsstäerkt hätt;

– Eng Verlängerung vun de Riedezäite fir datt all d’Partei d’Méiglechkeet kritt, hire Point de vue duerzeleeën;

– D’Ofschafe vun de Riedezäite bei der Debatt zur Lag vun der Natioun, beim Budgetsgesetz a bei Gesetzer iwwer ethesch Froen;

– D’Méiglechkeet fir all Deputéierten Aktualitéitsstonnen oder Orientéierungsdebatten ze sollicitéieren, souwéi Motiounen oder Resolutiounen anzebréngen;

– Déi stëmmberechtegt Vertriedung vun alle Parteien an alle Chamberkommissiounen;

– D’Ausweidung vun de Froestonnen un d’Regierung;

– Eng Stäerkung vun de Rechter vun der Budgetskontrollkommissioun insgesamt mat besonnesche Virrechter fir d’Vertrieder vun der Oppositioun an dësem Gremium;

– D’Vertriedung vun alle Parteien an der Presidentekonferenz;

– En transparent Festleeë vum Ordre du jour, woubäi all d’Anträg (Interpellatiounen, asw.) musse bannent enger festgesater Maximalfrist op d’Dagesuerdnung vun der Chamber kommen.

De Staatsrot

D’Aarbecht vum Staatsrot ass immens wichteg. D’Qualitéit vun der Gesetzgebung hänkt ganz vill vun der Aarbecht vun dëser héijer Kierperschaft of. D’ADR schléit eng ëmfaassend Reform vum Staatsrot vir. Dëst sinn déi wichtegst Aspekter vun där Reform:

– De Staatsrot gëtt nei definéiert als berodend Organ vun der Chamber.

– D’Membere vum Staatsrot ginn duerch eng nei Prozedur ernannt.

– D’Zuel vun de Staatsréit gëtt erhéicht.

– Et gi méi streng Reegelen, wat d’Onofhängegkeet vun de Staatsréit ugeet.

D’ADR ass der Meenung, datt de Staatsrot an éischter Linn e berodend Organ vun der Chamber ass, an net vun der Regierung. E muss seng Roll als berodend Organ net nëmme behalen, mä seng Kompetenze sollen nach gestäerkt ginn. E soll national an international Gesetzesvirlagen, oder och aner Texter mat legislativem Charakter, préiwen, an zwar par rapport zum Anhale vun de Mënscherechter an anere méi héijen Normen, zu hirer Verfassungskonformitéit, zur Rechtsstaatlechkeet an zu hirer allgemenger jusristescher Qualitéit. En däerf op kee Fall bei dëser Aarbecht behënnert ginn.

D’ADR leent Reformvirschléi of, déi als Zil hunn, de Staatsrot ënner Zäitdrock ze setzen an a senge Rechter ze beschneiden. Fir eng méi representativ Zesummesetzung vum Staatsrot ze garantéieren, soll dat laangfristegt Kräfteverhältnis vun de Parteien an der Chamber méi staark respektéiert ginn. Heizou sollt den Duerchschnëtt vun de Resultat vun de leschten dräi Walen als Basis déngen, fir déi politesch Zesummesetzung vum Staatsrot festzeleeën.

D’Zuel vun de Membere soll vun 21 op 31 erhéicht ginn, woubäi jidder Eenzele muss ausgezeechent juristesch oder verwaltungsspezifesch Kenntnesser matbréngen. D’Ernennung vun de Membere vum Staatsrot soll nëmmen nach duerch déi demokratesch legitiméiert Chamber erfollegen.

Gläichzäiteg ginn d’Reegele vun der Gewaltentrennung verschäerft: Regierungsbeamten,  Magistraten an aner Membere vun der Justiz däerfen net méi Member am Staatsrot sinn. Fir datt en dem ëmmer méi groussen Aarbechtspensum ka gerecht ginn, kritt de Staatsrot méi Mataarbechter. Et solle virun allem héichqualifizéiert Juristen agestallt ginn.