Am Kader vun hirer 25-Joer-Feier huet d’ADR eng Festbroschür erausginn. Ënnert dem Titel „Vum Aktiounskomitee zur Partei“ kënnt den Éierepresident Roby Mehlen op d’Geschicht vun der Partei zréck.

Ass et Zoufall, datt 25 Joer no der Grënnung vum Renten-Aktiounskomitee d’Diskussioun ëm d’Renten a Pensioune rëm op en Neits am Fokus vun der politescher Aktualitéit steet? Wann et deemools an éischter Linn drëm gaangen ass, fir d’Hongerrenten aus der Welt ze schafen a méi Gerechtegkeet tëschent deenen zwee Rentesystemer erbäizeféieren, dann ass et haut éier d’Suerg ëm d’Gesondheet an d‘Laangliewegkeet vun eisem Renteregime, déi iwwerweit.

D’Genèse vun dëser Partei ass e Wee mat ville Kéieren. Um Ufank steet eng parteipolitesch neutral Gewerkschaft, d’NGL, déi mat der FEP-FIT an der ALEBA eng Allianz agaangen ass, fir méi Rentegerechtegkeet anzefuerderen. D’ALEBA an d’FEP-FIT hunn awer kuerz drop kal Féiss kritt. Den LCGB spillt Observateur, zéit awer Waasser, wéi et eescht gëtt. Duerno kommen d’Journaliste vum „Wort“ an de Rentnerverband derbäi, mä och si sprange rëm of.

D’Aktioun kritt réischt definitiv Opdriff, wéi den FLB (Fräie Lëtzebuerger Baureverband), d’Mëttelstandsorganisatioun SIC an d’Fräi Wënzer decidéiert hunn, matzemaachen. Do hu sech zwou grondverschidde Welte begéint, déi awer ee gemeinsamt Uleies haten: deene klenge Rentner aus dem Privatsecteur, déi hiert Liewe laang haart geschafft haten, zu uerdentleche Renten ze verhëllefen. An déi zwee Pensiounssystemer vum privaten an ëffentleche Secteur méi no beieneenzebréngen.

Et war net, wéi wann d’Renteproblematik keen Thema an der Politik gewiescht wär. Ganz am Géigendeel! Awer iergendwéi huet kee sech getraut, dat gliddegt Eise richteg unzepaken. Bis dës Allianz tëschent Gewerkschaftler a Fräiberuffler entstanen ass, déi determinéiert waren, fir an dëser Fro ee fir allemol Neel mat Käpp ze maachen. An déi sech getraut hunn, déi Grouss bei de Chamberwalen d’Fäerten ze léieren. Den Erfolleg huet hinne Recht ginn, a lues a lues ass aus dësem Aktiounskomitee fir Rentegerechtegkeet eng nei Lëtzebuerger Partei ginn, déi sech iwwer de Renteproblem eraus haut op ville Pläng fir d‘Zukunftsfäegkeet vun eisem Land asetzt.

Jiddefalls steet den 12. Mee 1987 um Gebuertsschäin vun dëser Partei, déi elo zanter méi wéi 23 Joer an der Lëtzebuerger Chamber vertrueden ass a mat Houfert vun sech behaapte kann, datt si an der Fro vun der Rentegerechtegkeet villes, wann och nach net alles, zum Gudde beweegt huet.

Op deen 12. Mee 1987 hu Vertrieder vun NGL (Neutral Gewerkschaft Lëtzebuerg), dem Rentnerverband a vun der Union des Journalistes decidéiert, en Aktiounskomitee ze grënnen, fir an der Fro vun den Hongerrenten an den Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Rentewiese politeschen Drock ze maachen.

Wéi dat awer sou ass, wann e Kand op d’Welt kënnt, huet och scho virdrun eppes misse geschéien, a sou war et och beim Aktiounskomitee 5/6.

De Sozialminister Benny Berg hat Ufanks 1986 ugekënnegt, eng gréisser Rentereform op de Wee ze bréngen. An der Hoffnung, datt elo endlech eng global Reform mat dem Zil vu wierklecher Rentegerechtegkeet géif kommen, huet d’Neutral Gewerkschaft Lëtzebuerg (NGL) eng Entrevue gefrot, fir dem Minister hir Virstellungen ze presentéieren. Mä scho ganz séier sinn si enttäuscht ginn. De Minister huet gesot, hie géif zwar gär méi wäit goen, mä him wären d’Hänn duerch de Regierungsprogramm gebonnen: „Tout en maintenant les droits requis en matière de pensions du secteur public, le Gouvernement veillera à préserver un parallélisme dans l’évolution des régimes contributifs et non-contributifs“.

Domat huet d’NGL sech awer net zefridde ginn, well den Ënnerscheed an der Pensioun tëschent privatem an ëffentlechem Secteur (bei gläichem Gehalt a berufflecher Carrière) bei 60 Prozent géif leien. Deemools huet sech d’Iddi vun engem eenheetleche Pensiounsregime ëmmer méi duerchgesat. Si huet hiren Ausdrock an der Fuerderung „5/6-Pensioun fir jiddfereen“ fonnt.

Och déi aner Gewerkschaften, besonnesch FEP-FIT an ALEBA, hu sech dëser Fuerderung ugeschloss. Den LCGB wollt och eng allgemeng Volleksversécherung, iwwerdeems den OGBL, deen dem Minister Berg nostung, nëmmen eng 10-prozenteg Rentenopbesserung verlaangt huet.

Den 13. Oktober 86 huet d’NGL eng Pressekonferenz gehalen an dobäi Zuelen iwwer déi duerchschnëttlech Renten a Pensioune publik gemaach. Deemno huet 1985 en Aarbechter 28.160 Fr., e Privatbeamte 34.962 Fr. an e Pensionär am Secteur public 74.070 Fr. de Mount als Pensioun kritt. An dobäi géif dat geplangten „Härtefallgesetz“ d’Ënnerscheeder nach méi grouss maachen. An d’NGL huet eng enk Zesummenaarbecht vun alle Gewerkschaften aus dem Privatsecteur verlaangt, fir deem en Enn ze maachen.

Dozou ass am Rapport vun der NGL-Exekutiv ze liesen: „Nachdem am 5. November (1986) Generalsekretär Gibéryen mit FEP-Präsident René Merten in einem zweistündigen Gespräch übereinkamen, dass es sinnvoll wäre, dass die Gewerkschaften FEP-FIT, ALEBA und die NGL ihre Kräfte vereinigen müssten, um gemeinsam in einem spezifischen Punkt der Rentenproblematik zu handeln, fand am 13. November ein erster Meinungsaustausch im FEP-Gebäude statt. Was den spezifischen Punkt der Rentenaufwertung im Privatsektor anbelangte, konnte überraschenderweise eine schnelle Einigung gefunden werden. Diese gemeinsamen Ansichten sollen in einer weiteren Sitzung am Montag den 17. November im ALEBA-Sitz in einer Pressemitteilung festgehalten werden.“

Dëse gemeinsame Communiqué ass de 17. November vum ALEBA-Präsident Eugène Storck redigéiert ginn, awer wéi en den 21. November sollt ënnerschriwwe ginn, haten déi zwee Presidente vu FEP an ALEBA op eng Kéier keng Zäit. D’NGL-Exekutiv ass doriwwer béis enttäuscht an decidéiert, eleng weiderzemaachen, wann déi aner zwou Gewerkschaften sech net ganz séier entscheede géifen.

Am Rapport vun der NGL-Exekutiv vum 6. Dezember ass ze liesen: „Der Landespräsident (Josy Simon) ist empört über die unnötigen Verzögerungen durch die FEP in Sachen gemeinsame Stellungnahme Rentenreform. Er betont, dass er nicht mehr bereit sei, über weitere Unterredungen mit der FEP überhaupt noch zu diskutieren“. – Der Generalsekretär (Gast Gibéryen) gibt Erklärungen über den im L.W. erschienenen Artikel über eine geplante Dachorganisation NGL-FEP-ALEBA. Da diese Organisation nicht zustande kommt, wird die NGL die von den drei Gewerkschaften gutgeheissene und vom ALEBA-Präsidenten verfasste Pressemitteilung allein herausgeben, da auch die ALEBA nicht an einer gemeinsamen Aktion zur globalen Rentenreform teilnehmen wird“.

Well d’FEP an d’ALEBA Waasser gezunn haten, huet d’NGL de Communiqué eleng an hirem Numm erausginn an decidéiert, en detailléierte Renteprogramm auszeschaffen. Dee sollt der Regierung an de Parteie virgeluecht ginn. Wann d’Politik net bereet wär, dorop anzegoen, sollte landeswäit Aktioune gestart ginn. 5.000 Autocollante si verdeelt an eng grouss Plakataktioun ass an d’Wee geleet ginn.

Am Januar 87 hunn d‘Entrevuë mat de Politiker an de Parteien ugefaangen, déi awer am grousse Ganzen net vill bruecht hunn.

De 25. Februar war eng Entrevue mam Minister Benny Berg. Dozou en Extrait aus dem Rapport vun der NGL-Exekutiv vum 2. Mäerz 87:

„Nachdem auch bei den Unterredungen mit den Parteien sowie Gesundheitsminister Benny Berg nicht viel positives in Hinsicht 5/6-Pension zu erwarten sei, kam die Exekutive zur Ansicht, dass man jetzt die nötigen Schritte zu Aktionen einleiten solle. In der Dringlichkeitssitzung des Hauptvorstandes vom 5. März soll den Delegierten vorgeschlagen werden, am 28. März eine Protestmanifestation zu organisieren… Am 12. März soll eine Organisationsversammlung für den Protestmarsch stattfinden, zu der alle Organisationen zwecks Beteiligung an der Organisation eingeladen werden (OGBL – LCGB – ALEBA – FEP – Buchbinderverband – Journalistenverband – Bauernverband – Handwerkerverband – Amiperas – Alters-und Invalidenverband usw.“

Den 9. Mäerz 87 huet d’NGL eng Pressekonferenz gehalen, wou se fir den 28. Mäerz eng grouss Manifestatioun an der Stad ugekënnegt huet.

Vun alle Gewerkschaften a Mouvementer, déi invitéiert gi ware fir matzemaachen, hu just de Lëtzebuerger Rentner- an Invalideverband (LRIV) an d‘Union des Journalistes luxembourgeois (UJL), dat heescht d’Journaliste vum Grupp Saint-Paul, positiv geäntwert a waren d’accord fir zesummen e Communiqué ze publizéieren.

D‘AJL (Association des journalistes luxembourgeois) declaréiert, net un der Manif deelzehuelen a warnt d’Organisateuren, datt hiren Numm op kee Fall däerft op d’Plakater gesat ginn.

Een Dag virun der Manifestatioun seet d’Regierung, si wär d’accord fir déi geplangte Rentenopbesserung am Privatsecteur vu 4 op 7 Prozent eropzesetzen.

Den 28. Mäerz 1987 war dunn an der Stad déi ugekënnegt Manifestatioun ënner dem Motto: „5/6-Pensioun fir jiddfereen“. De Cortège ass vun der Gare bis op de Knuedler gaangen. Riedner waren den NGL-Generalsekretär Gast Gibéryen, deen d’Begréissung gemaach huet, de Jos Ruckert fir den LRIV, de Jos Lorent fir d’UJL an de Josy Simon fir d’NGL.

D’Lëtzebuerger Wort schreift de Méindeg duerno: „Ausser der Abgeordneten Viviane Reding und der Stadträtin Hilda Rau-Scholtus hielten sich die Politiker hinter dem Berg bei der Rentenmanifestation von vorgestern Samstag, an der schätzungsweise 800 Personen teilnahmen“.

D‘Chamber huet de 16. Juli 1987 per Gesetz eng 7-prozenteg Opbesserung vun de Renten am Privatsecteur decidéiert.

D’NGL huet duerno déi statutaresch Grënnung vum Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen an d’Hand geholl. Zur Grënnungversammlung den 12. Mee 87 si 45 Organisatiounen ugeschriwwe ginn. Och Eenzelpersoune si per Opruff invitéiert ginn, fir matzemaachen.

Am Rapport vun der NGL-Exekutiv vum 11. Mee 87 geet da fir d’éischt Rieds vun engem Mann, deen an engem Lieserbréif derzou opgeruff huet, fir eng 5/6-Partei ze grënnen, e Virschlag, iwwer deen nach sollt diskutéiert ginn. Den 12. Mee 87 war dann déi offiziell Grënnung vum Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen am „Centre Convict“. Dorun hunn haaptsächlech Vertrieder vun der NGL an der UJL deelgeholl; den LCGB war vertrueden, huet sech awer net engagéiert.

De 26. Mee 87 war dunn nach eng Reunioun, op déi den LCGB net méi komm ass, soudatt de Comité elo aus Vertrieder vun NGL, UJL an zwou Privatpersounen zesummegesat ass.

De 5. Juni 87 huet d’Chambre du Travail eestëmmeg d’Regierung opgefuerdert, déi néideg Mesuren z‘ergräifen, fir eng global Reform vum Pensiounswiesen, mam Zil vun enger Volleksversécherung an der Verallgemengerung vun der 5/6 Pensioun, ëmzesetzen.

De Journalisteverband vum „Wort“ UJL declaréiert, datt hie weider am Aktiounskomitee matmaache wëll a weiderhin duerch de Jos Lorent vertruede gëtt. Den LCGB wëll weider als „Observateur“ derbäi bleiwen. Domat ass d’NGL awer net d’accord. Den LCGB soll sech entscheeden, ob e matmaache wëll oder net. Déi geplangte Petitiounsaktioun soll ouni Zäitverloscht ulafe gelooss gi mat der Fuerderung: „Die Unterzeichneten fordern die Abschaffung des Zweiklassensystems im Luxemburger Rentenwesen, durch die Einführung der 5/6-Pensioun fir jiddfereen“.

De 15. Juli 87 stellt de Jean Regenwetter, LSAP-Deputéierten a President vun der Chambre du Travail, déi d’Volleksversécherung an d’Verallgemengerung vun der 5/6-Pensioun verlaangt hat, dës Fuerderung als onrealistesch an net bezuelbar duer. Hie gëtt dofir vun der NGL schaarf ugegraff an opgefuerdert, zeréckzetrieden.

De 27. Juli 87 huet de Comité de Gast Gibéryen zum President vum Aktiounskomitee 5/6-Pensioun fir jiddfereen gewielt. De 24. Februar 88 huet de Comité vum AK 5/6 dem Chamberpresident Léon Bollendorf d’Petitioun fir eng Volleksversécherung mat bal 10.000 Ënnerschrëften iwwerreecht.

Vum 26. Februar bis den 18. Mäerz huet den CSV-Deputéierte Fernand Rau eng Artikelserie am Lëtzebuerger Wort publizéiert, mat ganz brisantem Zuelematerial iwwer d’Ënnerscheeder an deenen zwee Pensiounssystemer. Dës Artikelen hu vill Uklank an der Populatioun fonnt.

De 17. Mäerz 88 war déi éischt uerdentlech Generalversammlung vum AK-5/6 am Novotel an den 18. Abrëll sinn d’Chargë verdeelt ginn:
Präsident: Gast Gibéryen
Vizepräsidenten: Jos Lorent, Théid Frising, Jos Steichen, Buby Schmit.
Sekretär: Aly Jaerling a Keessier: Christian Deloge.

Dee selwechten Dag war eng Entrevue mat der Aktioun Mëttelstand, an et war ee sech séier eens (Zitat aus dem Rapport:) „Abschließend sind beide Parteien sich einig, dass man nun, wo diese Aktion den Wind im Rücken habe, zügig voranschreiten könne und noch vor den Wahlen die Parteien erpressen solle… Die Aktion Mittelstand wird ebenfalls bekanntgeben, dass sie die Aktion 5/6 unterstützt.“

Anerer ginn hir eege Weeër, wuerfir och ëmmer. Zitat aus dem Rapport vun der NGL-Exekutiv vum 16. Mee 88: „Da auf der diesjährigen „Foire“ die FEP einen Stand errichtet hat und Unterschriften für die 5/6-Pension sammelt, sowie der OGBL eine Rentnerdemonstration angekündigt hat, müsse achtgegeben werden, dass diese Aktion dem 5/6-Komitee nicht aus den Händen gleitet“.

Am Juni 88 waren Entrevuen tëschent dem AK5/6 an de Parteien. D’Parteie sinn opgefuerdert ginn, kloer Aussoen ze maachen a bis den 31. Dezember en entspriechend Gesetz ze stëmmen.

Den 18. Juni 88 war eng Entrevue tëschent AK5/6 an FLB „Fräie Lëtzebuerger Baureverband“. Dës Entrevue war vum FLB gefrot ginn, fir eventuell Member am AK5/6 ze ginn.

Den 28. Juni 88 huet den AK5/6 an engem Communiqué seng Conclusiounen aus de Gespréicher mat de Parteie bekannt gemaach a verlaangt, datt nach virun de Walen d’Volleksversécherung duerch en entspriechend Gesetz misst agefouert ginn.

Am Juli 88 fäert den AK5/6, datt den LCGB taktéire géif, fir d’Aktioun iwwer d’Sozialwalen an eventuell souguer iwwer d’Chamberwalen erauszezéien.

Den FLB huet definitiv decidéiert, fir dem AK5/6 bäizetrieden, grad esou wéi d’Aktioun Mëttelstand an d’Organisatioun vun de „Fräie Wënzer“. Well d’Statuten awer net zouloossen, datt eng Organisatioun ka Member ginn, soll eng Solutioun gesicht ginn.

Dann ass am Rapport vum 18. Juli 88 nach dat hei ze liesen:

„Eine Diskussion über die Hintergründe, welche das „Luxemburger Wort“ bewegt die Aktion zu unterstützen, wurde angeregt, sowie auch die Hintergründe des LCGB und OGBL analysiert wurden. Klar schälte sich heraus, dass es sich hier nur um wahlpolitische Hintergedanken handeln könne. Der Landespräsident teilt mit, dass er aus sicherer Quelle erfahren habe, dass OGBL und LCGB von ihren Parteien den Auftrag erhalten hätten, die Aktionen des Aktionskomitees „5/6-Pensioun fir Jiddfereen“ zu untergraben bis über die Parlamentswahlen hinaus.“

Den 20. August 88 ass de Comité vergréissert ginn duerch Vertrieder vun FLB, Aktioun Mëttelstand a Fräi Wënzer.

De 27. September 88 war eng ausseruerdentlech Generalversammlung vum AK5/6 am Novotel, wou eng Proposition de loi iwwer en eenheetleche Pensiounssystem ugeholl ginn ass.

Den 18. Oktober 88 huet den AK5/6 der Chamber en Ultimatum gestallt, fir bis den 1. Dezember 88 dat proposéiert Pensiounsgesetz ze stëmmen. De 5. Dezember 88 stellt de Comité vum AK5/6 dat heite fest:

„Da weder Parteien noch Deputierte eine klare Aussage zu dem Rahmengesetz des Aktionskomitees machten, müssen nun weitere konkrete Schritte eingeleitet werden. Um die diesbezüglichen Aktionen einzuleiten, soll am 19. Dezember um 20.00 Uhr im Hotel NOVOTEL eine ausserordentliche Generalversammlung stattfinden. Dieser Generalversammlung soll eine Beteiligung an den kommenden Parlamentswahlen vorgeschlagen werden. Ein Aufruf soll an alle Bürger gehen zwecks Beteiligung als Kandidat an diesen Wahlen… Was die Beteiligung von Frau Lulling an diesen Wahlen angehe, so sei wohl ein Schreiben eingegangen, in dem Frau Lulling ab 1. Januar 89 ihre Mitarbeit anbietet, aber von einer Kandidaturerklärung sei überhaupt keine Rede, da noch nicht feststehe, ob das Aktionskomitee sich an den Wahlen beteilige“.

Den 19. Dezember 88 war rëm eng ausseruerdentlech Generalversammlung vum AK5/6 am Novotel. Well d’Politik net bereet war, op d’Fuerderungen anzegoen, ass mat 183 Stëmme bei 5 Enthalungen decidéiert ginn, fir un de Walen deelzehuelen. An der Press huet dës Decisioun natierlech fir vill Commentairë gesuergt. D’Lëtzebuerger Wort leitartikelt: „Gab es keinen anderen Weg?“

D’Lëtzebuerger Wort, wat den AK5/6 iwwer déi ganz Zäit a senger Zeitung ënnerstëtzt huet, zitt sech elo zréck; och d‘UJL schafft elo net méi mat. Et heescht, d’CSV hätt deemools dem „Wort“ e Maulkuerf ugedoen.

Opgrond vun engem Opruff an der Press melle sech spontan eng Parti Kandidaten.

De 16. Februar 89 stëmmt d’Chamber no ganz opgereegten Debatten en 3,55-prozentegen Ajustement vun de Renten.

Den Aktiounskomitee, dee jo nach keng Erfahrung mat Walen an och keng statutaresch Bestëmmungen doriwwer hat, huet seng Lëschten
an de véier Bezierker opgestallt. D’Kandidate kommen haaptsächlech aus de Reie vun der NGL, dem FLB, der Aktioun Mëttelstand an de Fräie Wënzer. Vill hu sech elo réischt kennegeléiert. Den Elan ass enorm.

Den 9. Mäerz 89 sinn d’Kandidatelëschten an der Generalversammlung vum AK5/6 ofgeseent ginn an de 17. Abrëll si si ënner dem Lëschtenumm „Aktiounskomitee 5/6-Pensioun fir jiddfereen“ an deene véier Bezierker deponéiert ginn.

Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 huet den AK5/6 en onerwaart groussen Erfolleg verzeechent. Am Landesduerchschnëtt huet hie 7,31 Prozent vun de Stëmmen a véier Mandater kritt. Gewielt si ginn: Gast Gibéryen (S), Jean-Pierre Koepp (N), Roby Mehlen (O) a Josy Simon (Z).

Well d’Chamberpresidentin Erna Hennicot-Schoepges net wollt op d’Fuerderunge vun den Deputéierten aus de klenge Gruppen an der Chamber no Verbesserung vun hirem Statut an hire Konditiounen agoen, hunn déi néng Deputéiert vun AK5/6, GAP, GLEI a Kommunisten d’Trap an der Chamber besat. Op Uerder vun der Chamberpresidentin si si vun der Gendarmerie zimlech brutal vun der Trap erofgeholl ginn. Wéinst hirem Protest sinn déi néng Deputéiert fir 10 Sëtzungen aus der Chamber ausgespaart ginn. Duerno sinn d‘Fuerderunge vun den „Non-inscrits“ awer zum gréissten Deel erfëllt ginn.

Op dem Kongress vum 12. November 89 gëtt decidéiert, fir den Numm op Aktiounskomitee 5/6 ze verkierzen. Nom Gast Gibéryen gëtt de John Bram President.

Den Deputéierte Josy Simon attackéiert d’Féierung vum AK5/6 den 2. Dezember 90 um Kongress zu Fréiseng, an ass net bereet, seng prinzipiell Solidaritéit mam Aktiounskomitee ze declaréiert. Doropshin ass en Ausschlossverfare géint hien ageleet an hien ass aus dem Aktiounskomitee ausgeschloss ginn.

Den 19. Juni 91 beschëllegt den DP-Fraktiounschef an der Stad, Jacques-Yves Henckes d’DP-Spëtzt, kromm Tricke gedréit ze hunn an trëtt aus der DPaus. Duerno gëtt hie Member am AK5/6.

Um Nationalkongress vum 8. Dezember 1991 zu Wuermeldeng ass de Roby Mehlen als neie President an de Jacques-Yves Henckes als Generalsekretär vum AK5/6 gewielt ginn.

De 15. Juni 92 iwwerreechen de President Mehlen, de Generalsekretär Henckes an d’Deputéierte Gibéryen a Koepp der Chamberpresidentin Erna Hennicot-Schoepges eng Petitioun mat 8.310 Ënnerschrëften, an där e Referendum iwwer d’Aféierung vun engem eenheetleche Pensiounsregime fir all Biergerinnen a Bierger gefuerdert gëtt.

Am Juli 92 ass eng Ënnerschrëftenaktioun gestart ginn, fir e Referendum iwwer de Maastricht-Vertrag. An der parlamentarescher Orientéierungsdebatt vum 22. Abrëll 92 war sou eng Motioun ofgewise ginn.

Um Nationalkongress vum 22. November 92 zu Dikrech ass am Kader vun enger Statutenännerung den Numm geännert ginn: Aus dem Aktiounskomitee 5/6 ass „Aktionskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet“ ginn. Fir den 1. Januar 93 ass eng Rentenerhéijung vun 10 Prozent, awer minimal 5.000 Frang verlaangt ginn.

De 17. Februar 93 huet den ADR dem Staatsminister Santer refuséiert, fir un enger Reunioun vun de Parteie mat der Regierung iwwer de Maastricht-Vertrag deelzehuelen: „Ne voulant pas nous faire les complices d’une telle tromperie et ne voulant pas cautionner implicitement la procédure de ratification gouvernementale…“

Aus Enttäuschung iwwer e Manktem un Éierlechkeet a Solidaritéit an der CSV sinn den CSV-Deputéierte Fernand RAU a seng Fra Hilda Rau-Scholtus, CSV-Member vum Stater Gemengerot den 22. Mäerz 93 aus der CSV ausgetratt a Member vun dem ADR ginn.

Well den ADR sech géint d‘Auslännerwalrecht bei de Gemengewalen ausgesprach huet, gëtt e vum Journalist Michel Raus op RTL mat Rietsradikalen an een Dëppe gehäit. Den ADR protestéiert bei RTL géint dës Hetz a kënnegt geriichtlech Schrëtt un, wann dat nach eng Kéier sollt virkommen.

Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 93 konnt den ADR bal iwwerall seng Positioun am Verglach mat de Chamberwale vun 89 verbesseren an a siwe Proporzgemengen e Sëtz gewannen.

Ufanks 94 ass déi sougenannte Waliss-Affär lassgaangen, nodeems de Roby Mehlen als FLB-President d’CSV wéinst hirer Bauerenzentral-Politik ugegraff an d’Fro opgeworf hat, ob déi Fiffispolitik net mat Parteispenden erkaaft gi wär. Eng parlamentaresch Commission d‘enquête ass agesat ginn an et gouf eng gewalteg Mediecampagne géint den ADR-President a seng Partei. Virun de Walen huet den ADR landeswäit eng Spezialnummer vum „Pefferkär“ erausbruecht, fir d‘Leit iwwer déi Saach opzeklären.

Den Deputéierte Fernand Rau, dee mat senger fundéierter Artikelserie am „Wort“ vill zum Erfolleg vun der 5/6-Lëscht bäigedroen hat, kënnt den 2. Juni 94 op eng tragesch Manéier ëm d’Liewen.

Bei de Chamberwale vum 12. Juni 94 huet den ADR iwwerall bäigewonnen an huet elo fënnef Deputéiert an domat eng Fraktioun: Gast Gibéryen, Fernand Greisen, Jacques-Yves Henckes, Jean-Pierre Koepp a Roby Mehlen. De Staatsminister Jean-Claude Juncker manifestéiert seng echt demokratesch Gesënnung: Hien declaréiert, datt hien alles wëllt ënnerhuelen, fir den ADR vun der politescher Landkaart verschwannen ze loossen.

Am Juli 98 huet d’Chamber, géint de militante Widderstand vun der Fonction publique, déi eng grouss Protestmanifestatioun organiséiert hat, eng Pensiounsreform gestëmmt, déi de privaten an den ëffentleche Pensiounssystem méi no beienee bruet hunn.

Virun de Wale vun 1999 huet den ADR zwee Spezialkongresser iwwer Schoul a Mëttelstand ofgehalen. Den ADR geet an d’Wale mam Slogan Jonk, Dynamesch, Anescht.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 99 huet den ADR rëm eng Kéier staark bäigewonnen an huet elo siwen Deputéiert: Gast Gibéryen, Fernand Greisen, Jacques-Yves Henckes, Aly Jaerling, Jean-Pierre Koepp, Jean Colombera a Roby Mehlen.

D’Lëtzebuerger Wort späizt Gëft a Gal: „Was hat sich der Wähler dabei gedacht, diese Demagogen, die sich auf Kosten der Homogenität und des Gemeinschaftsgefühls in der Gesellschaft breitmachen, massiver denn je zu stimmen…“

Als Reaktioun dorop huet den neigewielten ADR-Norddeputéierte Jean Colombera virun der Imprimerie Saint-Paul zu Gaasperech en Hongerstreik duerchgezunn.

De 17. Juli 99 ass d‘ADR-Jugendsektioun gegrënnt ginn. Präsident ass de Christian Schaack, Sekretär den Alex Penning a Keessier d‘Tania Gibéryen.

Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 99 konnt den ADR seng Positioun weider verbesseren an an zéng Proporzgemengen een respektiv zwee Sëtz gewannen.

Am Mee 2001 huet den ADR decidéiert, eng grouss Plakataktioun duerchzeféieren, fir senge Fuerderunge beim „Rentendësch“ méi Gewiicht ze ginn. D’Bauteministesch an CSV-Presidentin Erna Hennicot-Schoepges refüséiert d’Erlaabnis, fir dës Plakate laanscht d’Stroossen opzestellen. Den ADR klot dogéint viru Geriicht.

Beim „Rentendësch“ konnt den ADR am Juli 2001 weider wichteg Verbesserungen duerchsetzen, déi ouni de Walerfolleg vun 1999 net méiglech gewiescht wären.

Den 12. November 2001 huet den Nationalkomitee vum ADR d’Zesummenaarbecht mat der UEN-Fraktioun am Europaparlament decidéiert.

De 27. Januar 2002 huet den ADR e Spezialkongress „Nohaltegkeet“ ofgehalen, bei deem en detailléierte Programm an dësem Beräich ugeholl ginn ass.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet den ADR trotz engem thematesche Walkampf ënner dem Motto: „Kompetent a Konsequent“ 1,36 Prozent verluer an huet trotz sengen 10 Prozent nëmme méi fënnef Deputéiert: Gast Gibéryen, Jacques-Yves Henckes, Aly Jaerling, Jean-Pierre Koepp a Roby Mehlen.

Bei der éischter Sëtzung vun der neier Chambersessioun huet den ADR virun der Chamber géint de geplangte „Grëff an d‘Rentereserven“ protestéiert.

Op sengem Nationalkongress huet den ADR den 12. Mäerz 2005 zu Wolz decidéiert, fir an der geplangter Referendumskampagne géint den EU-Verfassungsvertrag opzetrieden. An der Chamber wëll den ADR awer den Ausgank vum Referendum respektéieren, wat zu Confusioun féiere wäert.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 déi ënner dem Motto „Liewesqualitéit fir jiddereen“ stungen, huet den ADR Verloschter missen astiechen. En ass elo nach a fënnef Proporzgemenge vertrueden.

Den 2. Abrëll 2006 ass um Kongress zu Stroossen aus dem „Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet“ elo „Alternativ Demokratesch Reformpartei“ ginn (Ofkierzung ADR bleift bestoen). Den éischte Grondsazprogramm vun der Partei, deen a laangen Diskussiounen ausgeschafft gi war, ass ugeholl an e ganz neie Logo ass virgestallt ginn.

Mat der offizieller Begrënnung, datt déi Entwécklung him net géif passen, ass den Deputéierte Jaerling aus der Partei an der Fraktioun ausgetrueden. D’ADR huet domat de Fraktiounsstatut verluer. Dat huet der Partei vill geschuet.

Op engem spezielle Schoulkongress den 19. Januar 2008 zu Fréiseng huet d’ADR ënner dem Motto „Eng Chance fir all Kand“ hire Reformprogramm fir dat krankt Lëtzebuerger Schoulwiesen ugeholl.

Den 13. Mäerz 2008 huet d’ADR e Kooperationsvertrag mat der AHL (Association des Hommes du Luxembourg) ofgeschloss, wat et den AHLVertrieder erlaabt, op de Lëschte vun der ADR ze kandidéieren.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, déi ënner dem Slogan „Léisungen fir Lëtzebuerg“ stungen, ass d‘ADR trotz engem opwännege Walkampf weider zeréckgaangen a verléiert hire Sëtz am klengste Walbezierk. Gewielt si véier Deputéiert: Gast Gibéryen, Jacques-Yves Henckes, Jean Colombera a Fernand Kartheiser.

Den 3. August 2010 ass de laangjäregen ADR-Deputéierte Jemp Koepp gestuerwen. Säi Begriefnes war en Zeeche vu groussem Merci vu senge ville Frënn a Bekannten.

Um Nationalkongress de 25. Mäerz 2012 an der Stad huet de Roby Mehlen no méi wéi 20 Joer d’Presidentschaft ofginn: Präsident ass elo de Fernand Kartheiser, Generalsekretär de Jean Schoos a Generalkeessier de Jean-Claude Strottner.

Roby Mehlen
Éierepresident vun der ADR

Hei sinn déi aner Bäiträg, déi an der Festbroschür ze fanne sinn: