Vill Froen zur Migratioun

Déi rezent Statistiken iwwert d‘Ufroe fir den internationale Schutz weisen drop hin, datt nach ëmmer vill Leit dëse Statut zu Lëtzebuerg ufroen. An deenen 3 éischte Méint hunn 682 Leit eng Demande zu Lëtzebuerg gemaach. Dorënner si wuel 132 aus Syrien, awer och z.B. 96 Leit aus Serbien, 69 aus Marokko, 56 aus Algerien an 42 aus Albanien. Bei den Demandeuren aus Marokko an Algerien hu schonns ronn 90% den Asyl an engem aneren europäeschem Land ugefrot!
An enger parlamentarescher Fro geet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser op eng ganz Rei Aspekter vun dëser Migratioun an, z.B. um Plang vu medezineschen Tester, d‘längt vun de Prozeduren, der Integratiounsfäegkeet an Initiativen op europäeschem Niveau Initiativen huelen, fir d’Réckféierung vu Leit, déi schonns virdrun an engem anere Lande Asyl ugefrot hunn.

Deel dëse Post: