TTIP: Huet eis Presidence de Message vum Parlament viruginn?

D’Lëtzebuerger Presidence ass eriwwer. D’Regierung hat vum Parlament den Uerder kritt, op d’Virrechter vun den nationale Parlamenter ze pochen, wat d’Verhandlungen tëscht Europa an den USA iwwer den TTIP ugeet. Dat grousst Handelsofkommes gëtt vun der EU-Kommissioun am Numm vun de EU-Länner ausgehandelt. Bei de Leit, onofhängeg vum politesche Bord, ass vill Mësstrauen géint deen Accord, dee kéint en déiwen Afloss op vill Beräicher an eisem Liewen hunn, iwwerdeems d’europäesch Kommissioun dem TTIP ganz positiv géigeniwwer steet a sech wirtschaftlech Virdeeler versprëcht.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat eng Motioun an der Chamber deponéiert, fir d’Rechter vun de Lëtzebuerger Deputéierten fir iwwer deen Accord matzebestëmmen, sollt garantéieren. Dës gouf an der zoustännescher Kommissioun iwwerschafft a schliesslech vun der Chamber ugeholl. An enger parlamentarescher Fro wëll den Deputéierten elo wëssen, wéi wäit d’Regierung sech an der Zäit, wou se d’EU-Presidence hat, un déi Motioun gehalen huet.

Mä d’TTIP-Verhandlungen geheien och ganz konkret Froen op. Esou huet eng wëssenschaftlech Etude net genuch Welle geschloen, obwuel hirt Resultat zimmlech brisant war. D’Autosindustrie wollt beweisen, datt ouni weideres Sécherheetsstandarden aus der Autosindustrie kéinten vun den USA an Europa iwwerholl ginn an ëmgedréit. D’Zuelen hunn awer däitlech gemaach, datt Autoe mat amerikanesche Standarden a verschiddene Situatiounen manner sécher sinn ewéi déi europäesch. De Fernand Kartheiser huet no de Konsequenzen gefrot, déi aus dësem Resultat gezu ginn.

Deel dëse Post: