Vum 16. bis zum 18. September 2016 war zu Prag eng Reunioun vun der AECR, der Allianz vun deenen europäeschen konservativen- a Reformparteien an där och d’ADR Member ass. D’ADR war vertrueden duerch den Deputéierten Fernand Kartheiser, Member am Conseil vun der AECR, den Här Alex Penning, Generalsekretär vun der ADR , d’Madame Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen an den Här Felix Reding, Member an der ADR-Jugendorganisatioun Adrenalin.
Den Deputéierten Roy Reding huet a senger Qualitéit als „compliance officer“ vun der AECR un der Konferenz deelgeholl.

D’Konferenz huet sech haaptsächlech em déi aktuell Situatioun an der Tierkei, d’Konsequenzen vum britesche Referendum iwwer de Brexit, d’Migratiounskris an d’Perspektiven vun den transatlantesche Bezéiungen am Kontext vun den amerikanesche Wahlen, der internationaler Sécherheet an den Handelsbezéiungen gedréint. Éieregaascht wor den Här Anthony Abbott, deen nach bis virun engem Joer Premierminister vun Australie war, an deen eng Rei vun interessanten Interventiounen mat Haaptgewiicht op déi illegal Immigratioun gemaach huet.

Vill Interventiounen hunn sech ëm d’Zukunft vun der Europäescher Unioun gedréint, woubäi och déi rezent, ondiplomatesch Optrëtter vu verschiddenen lëtzebuergesche Politiker kritiséiert goufen. No der Meenung vu ganz villen europäesche Parteien ass och den Här Juncker, a senger Qualitéit als Kommissiounspresident, just nach de Vertrieder vun enger Europäescher Unioun, déi et nëmmen nach um Pabeier gëtt. D’Weiderdreiwen vun engem europäesche Federalismus weist sech ëmmer méi als eng Garantie fir d’Auserneefalen vun der Europäescher Unioun an hirer aktueller Form. Zësummen mat hire Partnerparteien aus verschiddenen Deeler vun eisem Kontinent schafft d’ADR u Konzepter fir Europa kënnen eng glaafwierdeg an dauerhaft Zukunft ze ginn an dobäi ze garantéieren datt och déi politesch an economesch Interessien vun eisem Land berücksichtegt ginn.