[BEÄNTWERT] Terrain du “Waassertuerm + Pomhouse” à Dudelange

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

Deslescht ass zu Diddeleng de Waassertuerm ageweit ginn, deen als Annexe vum Centre national de l’Audiovisuel (CNA) d’Photosausstellung „The bitter years“ vum Edward Steichen weist. Den Tuerm an d’Pompelhaus, déi elo vum CNA verwalt ginn, stinn op engem Industrieterrain, deen Arcelor-Mittal gehéiert, respektiv gehéiert huet.

Dowéinst géif ech der Madame Kulturministesch gären dës Froe stellen:

  1. Wiem gehéiert den Terrain, op deem de Waassertuerm an d’Pompelhaus stinn?
  2. Wann den Terrain nach Arcelor-Mittal gehéiert, gëtt et en notariellen Akt, oder op d’mannst eng Konventioun, an där d’Nëtzungsrecht vun den Terraine kloer festgeluecht ass? Wa jo, kann d’Madame Ministesch der Chamber dës Texter virleeën?
  3. Wann den Terrain op de Staat iwwerdroe ginn ass, sinn dann Dispositioune virgesinn, déi eng eventuell Sanéierung vum Industrieterrain virgesinn ?
  4. Wéi ass den Terrain ëm de Waassertuerm am Bebauungsplang vun der Stad Diddeleng ausgewisen? Muss et hei net zu enger neier Klassifizéierung kommen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Culture; Monsieur Luc Frieden, Ministre des Finances; Monsieur Marco Schank, Ministre du Logement

Deel dëse Post: