Den 11. September ass an der Finanz- a Budgetskommissioun iwwert de sougenannten Target2-System diskutéiert ginn, an dat op Ufro vun der ADR. De Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Zentralbank, den Här Yves Mersch, ass an dës Sëtzung ageluede ginn, fir den Deputéierte méi präzis Informatiounen zu dësem europäesche Clearingsystem ze ginn. D’ADR muss feststellen, datt, trotz de villen Explikatiounen, och dësen Dossier nees beweist, wéi wéineg d’Chamber zu dëse wichtege Froen ze soen huet. Och iwwert déi rezent Comitéssëtzung vun der EZB ass an der Kommissioun diskutéiert ginn.Obwuel an der Ëffentlechkeet kaum iwwert den Target2 (Trans-European Automated Real-time Gross Settlement Express Transfer System) diskutéiert gëtt, handelt et sech hei ëm e Clearingsystem, dee sech d’EU viru 5 Joer ginn huet an dee grad wéinst der Finanzkris vill Froen opwërft. D’Funktiounsweis ass déi heiten: iwwerweist eng national Zentralbank enger anerer Suen, entsti géigeniwwer der Europäescher Zentralbank (EZB), déi als Clearingstell agéiert, Verbindlechkeeten a Fuerderungen. Bei där enger nationaler Zentralbank entsteet e negativen Target2-Saldo, bei där anerer e positiven.

Am Juli 2012 hat déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) am Kader vun dësem Bezuelungsverkéierssystem e positive Saldo vun 124,1 Milliarden Euro, wat der ADR aus verschidde Grënn vill Suerge mécht. Fir d’éischt stellt sech d’Fro vun der Wahrscheinlechkeet, datt déi Créancen iwwerhaapt honoréiert ginn, dat heescht, datt Lëtzebuerg déi Suen zeréckbezuelt kritt, déi et zegutt huet. Et muss nämlech ervirgehuewe ginn, datt déi Länner, déi momentan ganz déif an der Eurokris stinn (Spuenien, Griicheland, Italien, Irland Portugal), och déi gréisste Schëldner sinn. Wat geschitt also, wann den Eurogrupp géing zesummebriechen a wéi eng konkret Garantien huet Lëtzebuerg, déi den Target2-Saldo decken?

D’ADR muss och feststellen, datt d’Héicht vun deem positive Saldo zéng Mol dem Joresbudget vum Lëtzebuerger Staat entsprécht. De globale Montant ass am Laf vun der Zäit ferm an d’Luucht gaangen: vu 67,9 Milliarden Euro am Joer 2010 op, wéi schonn erwähnt, 124,1 Milliarden Euro am Juli 2012 (aktuellste Stand). Et kënnt nach dobäi, datt Lëtzebuerg am Hibléck op seng Awunnerzuel en iwwerproportional groussen Deel vum Target-System dréit. Deelt een de positive Saldo vun der BCL duerch eng hallef Millioun Residenten, dann ergëtt sech dorausser e Montant vun 248 000 Euro op de Kapp! Zum Verglach: obwuel Däitschland bei wäitem déi héchst Créancen huet (eng Rekordzomm vu 751,4 Milliarden Euro), beleeft sech d’Zomm pro Awunner op nëmmen 8 600 Euro.

De Generaldirekter vun der BCL huet all Froe vun den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Jacques-Yves Henckes beäntwert an drop higewisen, datt den Target2 mat Risike verbonnen ass, déi sech allerdéngs a Grenzen halen. Vill méi problematesch wär den Engagement vun de Memberstaate fir d’Ressourcë vum Internationale Währungsfong z’erhéijen, well nach keen Accord mat der Regierung besteet, deen zu enger Rekapitalisatioun vun der Zentralbank géing féieren an deen hir géing erlaben hire Bäitrag ze leeschten.

D’ADR trëtt fir d’Onofhängegkeet vun der Zentralbank an, mä bedauert, datt d’Chamber net besser informéiert gëtt, wann esou potentiell Risike fir eist Land geholl ginn. Schonn nees muss festgestallt ginn, datt déi national Parlamenter ënnert anerem duerch d’Euro-Rettungsmesuren ze vill Autoritéit verluer hunn. Méi Transparenz a méi demokratesch Kontroll wäre jiddefalls erwënscht. D’Initiativ vun der ADR soll e Schrëtt an déi Richtung sinn!