Taiwan an d’OACI (Fluchsécherheet)

Taiwan betreit eng Fluchzone vun 180.000 Séimeilen, wou am Joer ronn 1,53 Millioune Fluchbewegunge stattfanne mat 58 Millioune Passagéier. Déi zoustänneg Autoritéite vun der Insel, déi sech ëm d’Sécherheet vun der Aviatioun bekëmmeren, sinn awer net Member an de OACI (Organisation de l’aviation civile internationale), déi stänneg d’Norme fir d’Sécherheet vun der Fligerei upasst. D’OACI ass eng spezialiséiert Institutioun vun de Vereenegten Natiounen.
Et wär wichteg, schonns eleng wéinst der Sécherheet, datt d’Autoritéite vun Taiwan Accès zur OACI kréichen.

Iwwert de parlamentaresche Wee freet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, op Lëtzebuerg eng Kandidatur vun der ziviller aeronautescher Autoritéit vun Taiwan an der OACI ze ënnerstëtzt.

Dëst ass net de Fall, geet aus der Äntwert vum Bausserminister eraus.

 

Deel dëse Post: