D’ADR hëlt mat Erstaunen zur Kenntnis, datt de Jean Colombera wëlles huet, direkt aus der Partei auszetrieden an als onofhängegen Deputéierten an der Chamber ze sëtzen. Dës Aussoe stinn a Kontradiktioun mam Verspriechen, dat de Jean Colombera gemaach hat, fir säi Mandat am Norden un den Nächstgewielte weiderzeginn.

D’ADR bedauert dëse Schrëtt, virun allem well d’Parteiféierung op d’Konditioune vum Här Colombera fir weiderhi mat der ADR zesummenzeschaffen, agaangen ass.

D’ADR dementéiert formell d’Aussoe vum Här Colombera. Während der Comitéssëtzung, op déi sech hie bezitt, an un där hien net deelgeholl huet, ass den Här Colombera zu kengem Ablack diffaméiert oder beleidegt ginn.

D’ADR ënnersträicht nach eng Kéier, datt an eisem Walsystem d’Mandater opgrond vu Lëschten nom Proporzwalsystem gewonne ginn. Konsequenterweis stinn dës Mandater de Parteien zou, déi dës Mandater opgrond vun hirem Walprogramm a mat Hëllef vun alle Kandidaten a ville fräiwëllege Walhëllefer gewonnen hunn. Wien dat net respektéiert, begeet Bedruch um Wieler.

D’Parteiféierung ënnersträicht an deem Zesummenhank, datt de Grondsazprogramm an de Walprogramm onverännert fir d’Partei hir Gültegkeet hunn.

Wann d’Häre Colombera an Henckes dem Personal vun der Fraktioun d’Chrëschtfest tatsächlech net verdierwe wëllen, da sollen se hir Mandater un hir Nofolger ofginn, da kann d’Personal rëm roueg schlofen. Wann se dat net maachen, stellen se “Eigennutz vor Allgemeinwohl”.