Stellungnahm: Bildungsstau am Norden

Dat ass wuel deen eenzege Begrëff, mat deem een d`Situatioun am Sekundarunterrecht am Norde ka beschreiwen. D`Gemauschels ëm de Standuert vun der neier Akerbauschoul ass nuren d`Spëtzt vum Äisbierg. Jorelaang Planungen, dann Verwäerfe vun de Pläng an nei Plangen duerchféire asw., dat huet näischt mat nohalteger Planung ze dinn – dat eenzegt, wat nohalteg wierkt, dat ass de Bildungsstau bei eise Kanner a Jugendlechen.

Als Beispill soll eis den Technesche Lycée vun Ettelbréck dingen. Zanter dem Ufank leeft dës Schoul ëmmer erëm an der Entwecklung der Zuel vun de Schüler hannendran. Wat 1946 an de Schoulsäll vun der Ettelbrécker Primärschoul mat 175 Schüler ugefaangen huet, ass 1952 an en eegent Gebai “op der Bréck” gewiesselt. Vun 188 Schüler (1955)  iwwer 262 (1956) ass d`Schülerzuel 1967 op 403 geklommen. D`Gebai wor natiirlech erëm ze kleng, an esou goufen d`Klassen op dräi Gebaier verdeelt: nieft dem Haus “op der Bréck” goufen ët Klassen an der aler Molkerei an an der Maarthal.

1968 ass dunn ugefaange ginn e neit Gebai an der Salentiny Avenue ze bauen op engem Terrain, deen 1963 kaf ginn ass. Am Schouljoer 1969/70 ass déi nei Schoul a Betrib geholl ginn mat 567 Schüler fir schonn erëm 4 Joer méi spéit ze kleng ze sinn fir 983 Schüler. 1975 ass en neie Flillek un d`Schoul ugebaut ginn, dofir hunn ower 2 Haiser an der Waarkener Strooss misse wäichen. Zäitweileg huet de Keller missen duerhale fir Schoul ze halen.

Wéi sollt ët anescht sinn: Ufanks de 90er Joren wor d`Schoul erëm ze kleng. Op d`Méiglechkeet, dee neie Flillek mat engem zweete Stack ze vergréisseren an en dobäi op déi nämmlecht Héicht wéi dat “aalt” Gebai ze bréngen, huet misse verzicht ginn. Ursaach: dee neie Flillek ass nët stabil genuch fir nach en zweete Stack drop ze bauen. Et blouf dunn nach déi provisoresch Léisung vu Container. Dofir ass d`Parkplaz vun der Schoul, déi souwisou och schonn ze kleng war, zum Deel benotzt ginn an d`Personal huet hier Autoe missen an de Pausenhaff stellen. Well d`Container ze no bei der Waarkener Strooss stoungen, hu missen 3 Haiser do opkaf ginn, déi zënter 20 Joer eidel stinn. Et ass näischt méi ausdauernd wéi Provisorien; duerfir stinn haut, 20 Joer méi spéit d`Container nach ëmmer do an d`Schoul ass – wie soll ët wonneren – nach ëmmer ze kleng. Zanter 20 Joer gëtt versprach, geplangt, verworf, getréischt asw. Déi Schüler, déi virun 20 Joer an enger iwwerfëllter Schoul erzielt kruten, ët géif eng nei Schoul gebaut ginn, schécken haut hir Kanner an déi nämmlecht Schoul.

Fir de Problem ze léisen, ass 2007 de Nordstad-Lycée opgemaach ginn. Wann ee geduecht hätt, elo géing sech no enger Plaz emkuckt ginn, wou Wuesstem méiglech ass, dann hat ee sech gëiert. Op Dikrech tëschent dat neit Gebai vun dem Klassesche Lycée an der Hotel Schoul ass déi nei Schoul era gezwonge ginn. Nët nuren, datt domat d`Méiglechkeet verspillt gouf, de Nordstad-Lycée ze vergréisseren, mee ët huet een deenen zwou anere Schoulen d`Méiglechkeet geholl, hir Gebaier gläichfalls ze erweideren.

De Nordstad-Lycée ass an der Tëschenzäit …ze kleng an d`Schüler sinn nach op zwee aner Gebaier verdeelt.

Elo steet de Bau vun der Militärschoul un. Geplangt ass se zu Ettelbréck an der Waarkener Strooss op déi Plaz, wou déi dräi Haiser zanter 20 Joer eidel stinn. Si soll mam Lycée Technique zesummeschaffen. Eng weider Schoul op eng Plaz, wou de Raum fir Säll an och Parkplazen ëmmer méi enk gëtt. Mee mer bauen alt emol, obwuel nach ëmmer kee weess, op de Lycée Technique op der nämmlechter Plaz bleift, wou d`Akerbauschoul hikënnt a wat mat der aler Akerbauschoul geschitt. Och d`Fro nom Standuert vun der Schoul fir Fleegeberuffer ass nach nët beäntwert.

Dat ass nuren ee Beispill, mat wat fir engem Interessi d`Planung vun de Schoul-Gebailechkeeten virgeholl gëtt. Wann een d`Planung vun de Gebaier mat der demografescher Situatioun am Norde vergläicht, da kënnt een nët derlaanscht festzestellen, datt d`Zuel vun de Kanner, déi dës Schoulen eng Kéier besiche wäerten, schonn beim Plange bekannt woren an d`Schoule vu vireran ze kleng woren. Beispill Planung an Entwécklung tëschent 1968 an 1973. An deem Zäitraum ass d`Zuel vun de Schüler zu Ettelbréck am LT vu 567 op 983 geklommen. Dat hätt schonn beim Bau, deen 1968 ugefaange ginn ass, misse berücksichtegt ginn, well all déi Kanner woren zu deem Zäitpunkt schonn an der Primärschoul. Dat wor ower nët de Fall, mam Resultat, datt 4 Joer nom Ofschloss vum Bau d`Schoul schonn erëm ze kleng war.

De Norden ass kloer am Nodeel, wann ët ëm nei Schoule geet. Wann am Zentrum eng Schoul gebraucht gëtt, da brauch ët nët vill Zäit fir e neit Gebai dohinner ze stellen. Am Norden dauert d`Plange ganz dacks Jorzéngten,  wann dann iwwerhaapt eppes geschitt.

Un der Situatioun ännert och déi läscht Décisioun vum Ministerrot näischt. Am Géigendeel et beweist, datt d`Konzeptlosegkeet  ëmmer méi konkret Formen unhëlt. D`Akerbauschoul, op der Knupp iwwer dem Lycée an der Hotelschoul, ouni eng ugepasste Stroosseninfrastruktur kann och mat engem neie Bussystem, dem “Mettis”, nët zur Verbesserung vun der Verkéierssituatioun bäidroen. Wann een dann och nach berücksichtegt, datt de “Mettis” seng eege Spur soll kréien, déi sougenannte Fisselsbréck (Foussgängerbréck!) nei muss gebaut ginn, fir datt de Bus se ka benotzen fir duerno duerch e Wunnvéierel ze fueren, an dann nach eng Vëlospist derbäi muss kommen (parallel zu deene Pisten, déi scho bestinn), dann duerf een sech eeschtlech Gedanken iwwer de Chaos maachen, deen dann tëschent Ettelbréck an Dikrech Dag fir Dag um Menü steet.

An dann deen neie Nordstad-Lycée op Ierpeldeng, dem Bild no, wat op der Pressekonferenz gewise ginn ass, direkt niewent d`Haus vun der ALA. Hei gëtt der ALA d`Méiglechkeet geholl, sech z`erweideren. Gläichzäiteg mussen d`Schülerbussen all duerch den Zentrum vun Ierpeldeng fueren, fir iwwer eng vill ze schmuel Strooss bei déi nei Schoul ze kommen.

Mat deem neie Nordstad-Lycée hu mer dann zwee Technesch Lycéeën op nët emol 2 km Loftlinn vuneneen. Wann ët ëm d`Schüler géing goen, da wier en technesche Lycée am Raum Housen-Maarnech wuel wesentlech méi nëtzlech.

An der Tëschenzäit duerfen d`Leit aus dem LT zu Ettelbréck, d`Schüler wéi d`Personal hier Hoffnungen, aus hire agëengte Verhältnesser erauszekommen, nees op “St. Nimmerleinstag” eraus schiben…  mee doranner hu se jo schonns Übung!

Am Norden besteet e Bildungs-Stau um Niveau vun der Infratruktur, ower och um Niveau vun der Organisatioun.

Ëmmer erëm kënnt ët vir, datt Jongen oder Meedercher aus dem héije Norden bis an d`Stad Lëtzebuerg oder souguer an de Minett musse fueren, fir dee Beruff ze léieren, deen hire Wënsch entsprécht. D`Argument ass zimlech ëmmer dat nämmlecht: ët sinn nët genuch Schüler do fir déi Klass. Wann d`Schüler dës laang Rees nët wëllen op sech huelen, mussen se en anere Beruff léieren. Et sollt een emol versichen, e Schüler vun Esch-Uelzecht op Clierf ze schécken, fir do an d`Schoul ze goen. Dat géif e Skandal ginn. An ëmgekéierter Richtung déi nämmlecht Distanz zeréckleeën fir an d`Schoul ze goen, gëtt ower als vertrietbar ugesinn.

Et muss zum Standard ginn, datt am Norden Grondqualifikatiounen (Haaptberuffer am Bau an an der Industrie) ugebueden an och geléiert musse ginn, onofhängeg vun den Intressenten! Et duerf nët sinn, datt Schüler de Beruff musse wiesselen, well an enger raisonabeler Distanz zu sengem Wunnuert keng entspriechend Schouloffer zer Verfügung steet. D`Argument, datt dat ze deier gëtt, duerf hei nët gëllen. Den J.F. Kennedy huet op d`Fro, wat méi deier wier wéi d`Schoul, geäntwert: “Keng Schoul”! Hien huet dat Wuert “Nohalteg” nach nët kannt, mee hie wousst seng Bedeitung wesentlech besser, wéi all déi, déi haut mat der Nohaltegkeet dorueter hauséire ginn.

Fir dem Bildungsstau am Norden en Enn ze setzen fuert d`ADR Norden:

®    Eng nohalteg, der demografescher Situatioun ugepasste Planung vun de Gebailechkeeten fir de Sekundarunterrecht;

®    Méiglechkeeten fir d`Schoul ze vergréisseren beim Plangen mat ze berücksichtegen;

®    Eng gudd Erreechbarkeet vun de Schoulen mam ëffentlechen Transport;

®    Eng däitlech Trennung vu Wunn- a Schoulvéierel;

®    E garantéiert Angebot un Ausbildungsklassen fir déi wichtegst Beruffer am Handwierk, am Handel an an der Administratioun.

D`Kanner an déi Jugendlech sinn genee esou vill wäert wéi hir Kollegen aus dem Zentruman dem Süden. Si hunn duerfir och d`Recht op déi nämmlecht Qualitéit vun Ausbildung!

“Lëtzebuerg besser plangen”, ënnert deem Motto huet eis Regierung  am Juni hir “Plans sectoriels” virgeluecht. Hei kréie mer den Androck vermëttelt, datt am Wunnengsbau, an der Landschafts(ver)Planung, am Transport an an den Industriezonen mat System virgaange gëtt. D`Schoule sinn als Plan sectoriel komplett iwwergaang ginn, obwuel si mat all deenen anere Pläng vernetzt misste sinn. Wéi kann ee Wunnengsbau plangen, Landschafte verplangen, Transportwiesen zukunftsgeriicht organiséiren an Industriezonen nei grënnen, wann een nët weess, wou Dausende vu Kanner a Jugendlecher eng Plaz hunn, fir op d `Zukunftvirbereet ze ginn. Wie beim Plange vun der Zukunft d`Kanner an d`Jugend vernoléissegt, baut d`Zunkunft op Sand amplaz op Fiels!

 

 

ADR Norden am Juli 2014

Deel dëse Post: