Stadion Cloche d’Or: méi Froe wéi Äntwerten

D’ADR-Sektioun Stad hëlt zur Kenntnis, datt den neie Fussballstadion soll op der Cloche d’Or gebaut ginn. D’ADR-Gemengeconseillère Marceline Goergen ass awer staark driwwer verwonnert, datt d’Gemengeconseilleren dës Informatioun iwwert d’Presse matgedeelt kréien, wou dach de Sujet nach de leschte Méindeg am Gemengerot op der Dagesuerdnung stoung, ouni datt de gewieltene Vertrieder iergendwellech Detailer matgedeelt goufen.

D’ADR-Sektioun Stad verlaangt Präzisiounen zum Echange vun den Terrainen, wou dach de Site vun 2,7 Hektar géint en Terrain vun 12 Ar getosch gëtt, deen direkt bebaubar ass.

D’ADR stellt och fest, datt de Projet vum Tram ëmmer méi wäit gezu gëtt, an elo och nach eng nei Bréck iwwert d’Autobunn gebaut gëtt. Och hei muss esou séier wéi méiglech Transparenz geschaf ginn, och wat de Gesamtbudget fir den Tram ubelaangt, dëst esouwuel fir de Budget vun der Stad Lëtzebuerg wéi fir de Staatsbudget. Duerno sollen d’Bierger iwwer Referendum zum Projet Tram däerfe Stellung bezéien.

Deel dëse Post: