Stader Schoulorganisatioun: Dergéint stëmmen ass net enthalen

D’Marceline Goergen, d’Stader ADR-Conseilljère, huet dëst Joer d’Schoulorganisatioun net matgestëmmt. Et huet sech och net enthalen, wéi dat esou Usus ass, mä dergéint gestëmmt:

„Ech hunn mech bewosst géint Schoulorganisatioun ausgeschwat an dës net mat gestëmmt well ganz villes an eiser Schoulorganisatioun net mat ze droen ass. Esouguer d‘Schoulpersonal seet et kloer an däitlech. Mir sinn am gaang eng ganz Generatioun vu Kanner ze afferen, well mir einfach net dat Personal hunn, fir d’Kanner esou ze encadréieren, wéi dat misst sinn. D’Gemeng stellt sech stur, wat d‘Astellen vu méi Educateuren ugeet, wat laut dem Bericht vum Schoulpersonal ´ingérable´ ass, an ´insatisfaction´ an ´démotivation´ mat sech bréngt . Eng classe d’accueil, déi primo-arrivants Kanner ophëlt, fir se op Lëtzebuergesch un eise Schoulsystem erunzebréngen, gëtt einfach net méi diskutéiert, obwuel d’Schoulpersonal dat fir onbedéngt néideg fënnt. An den ausschlaggebend Punkt war, dass d’Personal eis Politiker opfuedert, endlech déi richteg Entschéedungen ze treffen, fir déi dacks chaotesch Situatioun ze verbesseren.“

An der Press war ze liesen, d’Marceline Goergen hätt sech bei dem wichtege Vote enthalen, wat awer definitiv net de Fall war. De Nee war wueliwwerluecht … an an den Aen vun der ADR-Conseilljère e staarkt Signal.

Deel dëse Post: