Stad: Parkingen nëmme fir déi Räich ?

Ënnert “Parkraummanagement“ versteet de Blo-Grénge Schäfferot aus der Stad, datt nach manner Parkplazen an de Residenzen a Büroen däerfe gebaut ginn. Dëse Konzept weist schonns haut seng Konsequenzen! Neen, et ass net esou datt de Stau an a ronderëm der Stad ofgeholl huet. RTL huet eng Annonce vun atHome.lu virgestallt, wou e Parking (eng eenzeg Plaz!) ënnert dem Forum Royal fir 225.000 Euro ugebuede gëtt! D‘ADR hat virdru gewarnt, et ass leider méi séier duerzou komm: mam Auto fueren an en Auto an der Stad parken maachen déi Gréng an déi Blo zu engem Privileeg fir déi Räich!

Déi Gréng Schäffin Sam Tanson verfollegt e kloert Konzept: d’Autoen hunn an der Stad Lëtzebuerg näischt verluer! Esou däerf z.B. an de neie Residenze mol keng ganz Parkplaz méi pro Appartement gebaut ginn. Och d‘Zuel vun de Parkplazen am Verhältnis zu de Bürosplazen oder Verkafsfläche geet drastesch erof! De Präis vun de Parkplaze geet dowéinst drastesch erop.

Fir d’ADR Sektioun Stad féiert dëst duerzou, datt d’Attraktivitéit vun der Stad fir Geschäfter a Betriber nach weider wäert ofhuelen an datt d‘Awunner gezwonge ginn aus der Stad eraus ze plënneren.
Och d‘ADR ënnerstëtzt Moossname fir déi douce Mobilitéit, zu Fouss a mam Vëlo, ze verbesseren. Och d‘ADR setzt sech an, oft géint déi Gréng, fir den ëffentlechen Transport an der Stad ze verbesseren, a fuerdert ënner anerem de Gratistransport. D’ADR verlaangt awer, am Géigesaz zum Blo-Grénge Schäfferot, e Mobilitéitskonzept, dat all Verkéiersmëttel berécksiichtegt.

Aus enger Enquête, déi d‘Stad Lëtzebuerg bei TNS Ilres bestallt huet, geet ervir, datt iwwert 95% vun den Awunner an der Stad iwwert en eegenen Auto verfügen. 66% vun de Leit, déi an d‘Stad schaffe kommen oder léiere kommen, benotze 4 bis 5 Deeg an der Woch hiren Auto. Dëst sinn Tatsaachen, virun deenen responsabel Politiker, och déi Gréng, d‘Aen net däerfen zou maachen.

D‘ADR Sektioun Stad ënnerstëtzt Moossnamen, fir méi Leit vum Auto op den ëffentlechen Transport ze bewegen. Dëst muss awer duerch positiv Aktioune geschéien, z.B. duerch en attraktiven ëffentlechen Transport (duerzou gehéiert NET den Tram, mat wéineg Sëtzplaze a vill Ëmklammen…). D‘ADR ass awer kengesfalls domadder averstanen, Zwangsmoossnamen anzeféiere fir d‘Bierger aus der Stad, an déi déi an d‘Stad kommen, wëllen zu hirem Gléck ze zwéngen.

D‘ADR verlaangt, datt nach eemol iwwert de Parkraummanagement nogeduecht gëtt, an deem Sënn datt méi Parkplaze besonnesch a Residenzen erlaabt ginn. Vill Famillen brauchen nun eemol méi wéi een Auto. D‘ADR wëllt keng Stad, wou nëmmen nach déi Räich sech en Wunneng – mat oder ouni Parkplaz – leeschte kënnen, an d‘Mëttelschicht an déi Mannerbemëttelt sech an iwwerfëllte Bussen erëm fannen.

ADR-Sektioun Stad: Pressematdeelung vum 13. Dezember 2016 

Deel dëse Post: