STAD Lëtzebuerg am Defizit

Stad Lëtzebuerg am Floribus
‘t huet net laang gebraucht, bis eng gréng Finanzschäffin rout Zuelen fir d’Stad Lëtzebuerg huet annoncéieren mussen. Dobäi hat d’Haaptstad et ni richteg néideg, ze rechnen, esou üppeg sinn d’Suen gefloss. Schold um Misär sollen net den Tram sinn awer aner Investitiounen, behaapt d‘Finanzschäffin. Wann d’Investitiounen ëm iwwer 30 Prozent an engem Joer klammen, freet ee sech natierlech, op net wichteg Aarbechten verschleeft gi sinn. An esou guer mat groussen Investitiounen huet d‘Stad et an der Vergaangenheet fäerdeg bruet, hier Budgeten mat ausgeglachenen Zuelen an esou guer Bonien ofzeschléissen. Fir d’Zukunft sollt een nach eemol genee iwwerleeën, wéi vill een a wat fir Projeten investéieren wëll. Dovun soll och den Tram net verschount bleiwen. Well soss ass ze fäerten, dass rout Zuelen an der Stad grad esou eng laang Traditioun kréien, wéi eng gesond Keess se an der Vergaangenheet hat.

Goergen Marceline, Gemengeconseillière
Pressematdeelung vum 6. November 2014

Deel dëse Post: