Satiresch Duerstellung vum Donald Trump an engem Video mat offiziellem Charakter

Op YouTube ass e Video am Ëmlaf, deen de Sujet “e-government” behandelt. Heifir gouf e satiresche Video mat Biller, Riedens- an Ausdrocksweis vum aktuellen amerikanesche President produzéiert. Dëse Video dréit allerdéngs de Logo vum CTIE, enger lëtzebuergescher, staatlecher Administratioun, a vermëttelt doduerch en offizielle Charakter. Aus dësem Grond huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un d’Regierung gestallt. Hei hannerfreet den Deputéierten der Regierung hir Kenntnis an hiren Accord zu dësem Video, sou wéi och hir Astellung zu enger däraarteger Duerstellung duerch eng staatlech Administratioun. De Minister vum ëffentlechen Déngscht an der Administrativreform huet geäntwert a matgedeelt, datt de Video vum Server erofgeholl ginn ass.

Deel dëse Post: