RTL-“Kloertext” iwwer d’Lag vun der Natioun ouni ADR?

Wou Plaz ass fir fënnef, ass der och fir sechs: Dat gesäit RTL-Télé wuel net esou. Si huet de 25. Abrëll owes eng Emissioun “Kloertext” Spezial ugesat. Do diskutéiere Jonker vu fënnef Parteien iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister Xavier Bettel (déi jo elo awer verluecht ginn ass). An der Chamber sinn allerdéngs sechs Parteie vertrueden. RTL huet awer aus onerkläerleche Grënn kee Vertrieder vun ADRenalin, der jonker ADR, an dës Emissioun invitéiert. Dobäi hëlt an der Chamber just d’ADR bei villen Themen, déi dësen Dënschdeg an der Chamber zur Sprooch komm wären, eleng d’Oppositiounsroll an. Déi fënnef Parteien, déi matenee invitéiert gi sinn, si sech an de meeschten gesellschaftspoliteschen Themen leider eens. Eng Stëmm vun der Oppositiounspartei ADR hätt do wuel gestéiert. RTl huet d’Gespréichspartner fir hir Emissioun och net no Gréisst a Wichtegkeet ausgesicht, soss wäre jo net Déi Lénk (mat engem Chamberssëtz manner wéi d’ADR) invitéiert. Wéi d’Diskriminatioun vun enger demokratesch gewielter Partei journalistesch ze vertrieden a mat den ëffentlech-rechtlechen Aufgaben ze vereinbaren ass, wäert wuel en RTL-Geheimnis bleiwen.

iwweregens net vir d’éischt, datt esou eppes grad an der Emissioun “Kloertext” geschitt. Do war och schonn emol d’Sylvie Mischel als Vertriederin vun den ADR Fraen telephonesch invitéiert fir am Public ze sëtzen, iwwerdeems um ronnen Dësch diskutéiert ginn ass.

Deel dëse Post: