De Parteipresident Dr. Jean Schoos war e Méindeg, den 20. Mäerz, Invité vun der “Tribune libre”, der Radiosemissioun fir d’Parteien, déi op RTL an op 100Komma7 kënnt. Een Dag nom Nationalkongress war de Sujet vum Jean Schoos jo virdiktéiert. Deen um Nationalkongress mat ganz grousser Majoritéit ërëmgewielte President vun der ADR huet en optimisteschen Ausbléck fir eis Partei gemaach an net mat Kritik un der Regierung an der CSV gespuert. Hie fuerdert en Ëmdenken, och wat den ongebremste Wuesstem vum Land ugeet. An dräi an enger halwer Minutt presentéiert hie Punkt fir Punkt bal alles, wat d’ADR an de leschte Joeren einfach schlecht fonnt huet.

Et kënnt vir, datt Persounen, déi zu Lëtzebuerg ugefrot hunn fir vun der internationaler Protektioun ze benefisséieren (DPI‘en), nach während der Dauer vun der Prozedur stierwen. Gëtt et bannent dem OLAI eng Prozedur, wéi d‘Begriefnes respektiv d‘Anäscherung organiséiert gëtt a wien dës Onkäschten iwwerhëlt? Dës an aner Froen huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser un d’Ministesch fir Integratioun gestallt.

De Geheimdéngscht huet eng de Geheimdéngscht eng Telefonsiwwerwaachung duerchgefouert huet, ouni dofir déi néideg Autorisatiounen ze hunn. Dëse Virfall ass an engem Communiqué vun der Regierung bestätegt ginn. duerchgefouert, ouni dofir déi néideg Autorisatiounen ze hunn. Dëse Virfall ass an engem Communiqué vun der Regierung bestätegt ginn. An enger parlamentarescher Fro freet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, op d’Justiz (de Parquet) mat dësem Virfall saiséiert ginn ass.

D’Original ass d’ADR: Déi aner lafen eis ëmmer no, d’Schlusswieder vum Gast Gibéryen resüméieren am beschten de ganze Kongress. Den ADR-Nationalkongress 2017 war e wichtegen Datum. Ëmmerhin dräi Walterminer markéieren déi nächst Joeren. Dofir war de Kongress och markéiert vu kloeren Aussoen: D’ADR ass net d’accord mat der aktueller Regierungspolitik mä si ass grad esou wéineg d’accord mat der CSV – als”grousse Matschëlleger un der Situatioun vum Land an als Oppositiounspartei, déi d’ideologesch Tendenze vu Gambia gären deelt. Wien hei am Land eng Ännerung wëllt, muss ADR wielen, well d’CSV wëll regéieren, fir d’Gambia-Politik a Saache Kierch, a Saachen Gender, a Saache Sprooch an Identitéit weiderzeféieren. Optimistesch an dynamesch ass d’ADR, si ass och gëeent, wéi d’Walresultater fir de Nationalkomitee weisen, wou all Kandidaten ugeholl gi sinn.

Organiséiert gouf de Kongress vum Bezierk Zentrum, an zwar e Sonndeg, de 19. Mäerz, zu Schouss an der Gemeng Fëschbech. D’Gemengeconseillère vu Fëschbech, Marie-Louise Haas-Erpelding, huet dann och nom Bezierkspresident Mario Daubenfeld déi iwwer 100 Parteimembere begréisst. Well mer Iech kaum kënnen de ganze Video vum Kongress zoumudden, fannt Dir hei d’offiziell Rieden, déi beim Kongress gehale goufen.

De Gast Gibéryen deeft den Tram nach virum Radio 😛 : Flöppchen (net Flëppchen) soll et sinn!

E Numm fir den Tram gëtt gesicht? Kee Problem! De Gast Gibéryen huet ee fonnt. Och wa mir bei der ADR mam Tramsprojet net frou sinn … de Numm ass nawell richteg flott!

D’Photoe vum Kongress [Mausklick fir déi nächst Photo]

D’Videoe vum Kongress (Gesamtvideo, 2 Stonnen, 40’41”)

 

De Roy Reding geet an enger erweiderter parlamentarescher Fro (question élargie) op d’Hëllef bei de Geriichtskäschten an, déi jidfer Bierger zousteet. Och wann een zu Lëtzebuerg viru Geriicht gewënnt, muss ee säin Affekot selwer bezuelen a kritt beschtefalls en Deel vun de Käschten op riichterleche Beschloss ersat. Duerfir freet de Roy Reding de Justizminister ënner anerem ganz konkret, op een d’Honoraire vun Affekoten net soll reglementéieren an op een net soll de Code Civil esou änneren, datt deen, deen viru Geriicht Onrecht kritt, och muss fir d’Affekots-Honorairen vu sengem Géigner opkommen.

D’Question élargie muss op mannst zwou Wochen ier d’Sëtzung ass bei der Regierung sinn a gëtt da mëndlech gestallt a vun engem Regierungsmëmber beäntwert.

De 16. Mäerz war d’Groussregioun um Menü vun der Chamber. De Gast Gibéryen war éischter pessimistesch, an hie war domat op enger Linn mam Jacques Santer, deen 2003 déi Géigend nei beliewe wollt, a ville Kritiker, déi hautdesdaags an der Press dat nämmlecht soen. Geännert huet sech näischt, ausser datt d’Groussregioun nach vill méi oniwwersiichtlech ginn ass, wéi de Gast Gibéryen erkläert huet. Louthrénge gouf ofgeschaaft an duerch de Grand-Est ersat. Elo, wou theoretesch d’Groussregioun bis Basel geet, hätt also och Baden-Württemberg an Däitschland eigentlech d’Recht, mat Rheinland-Pfalz an dem Saarland do matzeschwätzen.
Bei d’komplizéiert Geographie kommen och komplizéiert Problemer. D’Groussregioun huet sechs Atomzentralen, vill qualifizéiert Aarbechtskraaft aus däitsche, belschen a franséische Schoulen ginn op Lëtzebuerg gezunn, d’Lëtzebuerger Wunnengsnout dreiwt d’Präisser an de Nopeschgéigenden an d’Luucht, den ëffentlechen Transport ass nach ëmmer net vill besser ginn. Schold dorun ass och, datt d’national Lëtzebuerger Entscheedungsstrukturen mat hirer Autonomie op regional Nopeschstrukturen treffen, déi manner ze soen hunn. A Schold ass de Näid, dee mécht, datt awer jidfereen fir d’éischt no sech kuckt: Dofir ginn zu Lëtzebuerg Betriber gebaut, déi nëmme mat Frontaliere fonktionéieren, amplaz datt déi Betriber beim Noper gebaut ginn, wou och d’Aarbechtskraaft wunnt.

 

D’ADR huet de 15. Mäerz an der Chamber géint d’Prime fir Staatsbeamten gestëmmt. D’finanziell Situatioun vum Land mat iwwer enger Milliard Schold vum Staat, engem rezente Prêt vun 2 Milliarden a weider eng Milliard Schold jäerlech an deenen nächste fënnef Joer erlaabt dat net, huet de Fernand Kartheiser erkläert. Hien huet d’Regierung kritiséiert, well si an der Regierungserklärung nach ausgeschloss hat, d’Gehälter beim Staat ze hiewen. Hien huet awer och d’CSV kritiséiert, déi zwar iwwert d’Regierung meckert, awer trotzdem fir d’Prime gestëmmt huet.

De Fernand Kartheiser huet versprach, alles ze maachen, fir datt Lëtzebuergesch an den europäeschen Institutioune ka geschwat ginn. Dozou gehéiert och, datt en Europadeputéierte vun der ADR, dee bei de nächsten Europawahlen (2019) géing gewielt ginn, am Europaparlament selbstverständlech géing Lëtzebuergesch schwätzen. Dat Versprieche huet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwer de Sproocheplang vun der Regierung ginn, déi de 15. Mäerz an der Chamber war. Dee Sproocheplang war jo vun der ADR schonn op enger Pressekonferenz analyséiert a kritiséiert ginn, déi den 10. Mäerz stattfonnt huet.

Deemno war et keng Iwwerraschung, datt de Fernand Kartheiser och an der Chamber ganz kritesch mat deem Plang ëmgaangen ass. Héigpunkter waren dobäi seng Fuerderung, datt Lëtzebuergesch misst d’Sprooch vun de Staatsbeamte bleiwen an datt am Gesondheetssekteur an an de Geschäfter misst derfir gesuergt sinn, datt ee ka Lëtzebuergesch schwätzen.

Motioun Lëtzebuergesch gëtt vun der Chamber verworf

Just dräi ADR-Stëmme krut eng Motioun vum Fernand Kartheiser, déi hien d’lescht Joer no der Petitioun 698 fir Lëtzebuergesch als Amtssprooch deponéiert hat. Den ADR-Deputéierten hat virum Vote nach eng Kéier drop higewisen, wéi de Sproocheplang vill Elementer vun dëser Motioun opgegraff huet. Dat huet awer keen Majoritéitsdeputéierten oder CSVler gehënnert géint d’Motioun ze stëmmen. D’Léift zu eiser Nationalsprooch huet bei verschiddene Leit eben hir politesch Grenzen.

An enger Interpellatioun, de 14. Mäerz, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser d’Lag vun der Lëtzebuerger Arméi analyséiert an eng ganz Rëtsch vun Inkonsistenze bei der Regierung opgedeckt. Ugefaang domat, datt den Arméiminister Étienne Schneider sech bei esou enger wichteger Debatt einfach duerch seng Staatssekretärin Francine Closener ersetze léisst an et net derwäert fënnt, perséinlech an der Chamber ze sinn. Mä en décke Merci un d’Arméi stung um Ufank vum Fernand Kartheiser senger Ried.

Duerno huet hie sech gewonnert, datt d’Regierung international ganz aner finanziell Engagementer fir d’Arméi hëlt, wéi si dann hei am Land ukënnegt. De Fernand Kartheiser huet den Ausrüstungsstand kritiséiert, awer virun allem wollt hien d’Haaptgewiicht op d’Personal leeën. Et feelt um Härebierg deelweis u Material mä virun allem un Zaldoten. D’Arméi ass wäit ewech vun der Personalstäerkt, déi 2007 per Gesetz geregelt ginn ass. Fir d’Karriär méi interessant ze maachen, huet de Fernand Kartheiser eng ganz Rëtsch vu Léisunge proposéiert.  Praktesch am Minuttentakt huet hien op organisationell oder strukturell Problemer higewisen a konkret Léisungen oder Alternative virgeschloen. Besonnesch um Häerz louchen him Verbesserungen am schoulesche Beräich. Him ass et drëm gaang, mat Phantasie a guddem Wëllen ze weisen, wéi Zaldoten och kënne no hirem Déngscht sënnvoll um Aarbechtsmarché agesat ginn. Bedauert huet de Fernand Kartheiser, datt fréier Prioritéiten an Exklusivitéiten just um Aarbechtsmaart fir Zaldoten ewechfalen oder net respektéiert ginn.

D’Chamber stëmmt géint Zaldoten-Ënnerstëtzung

De Fernand Kartheiser huet der Chamber eng Resolutioun virgeluecht, fir sech ze engagéieren, selwer Zaldoten anzestellen fir z.B. Sécherheetsaufgaben ze iwwerhuelen. Hien huet och eng Motioun presentéiert, déi drop gedrängt huet, datt d’Zaldote beim Gemengepersonal besser, entspriechend hire Viirrechter agestallt ginn. Béid Texter si geschlossen vun alle Parteien an zwee Voten, de 15. Mäerz, refuséiert ginn. Béid Texter hätten, am Sënn vum Fernand Kartheiser senger Interventioun, d’Karriär vun den Zaldoten méi interessant ze maachen, hir Zukunftsplannung ze verbesseren an hinnen no hirem Déngscht fir d’Land interessant Aarbechtsméiglechkeeten ze offréieren.

Eng Interpellatioun zur Nato huet sech ugeschloss un d’Debatt iwwer eis Arméi. International gesäit de Fernand Kartheiser d’Lëtzebuerger Arméi an der Nato an enger renger Verdeedegungsroll. D’Nato muss eng Verdeedegungsallianz bleiwen. De Kale Krich ass eriwwer an et soll och kee neien Kale Krich oder eng nei Konfrontatioun mat Russland erbäigeschwat ginn. Hei huet den ADR-Deputéierten eng ganz Rëtsch Ongereimtheeten gewisen, esouwuel bei der Regierung, mä speziell och bei der grénger Partei an natiirlech bei der CSV, an zwar um Niveau vun der Nato mä och an der europäescher Verdeedegungspolitik.

Dokumenter

Mat enger ganzer Rëtsch präziser Froen zur Vullegripp, déi aktuell vill Géigende ronderëm Lëtzebuerg betrëfft, huet de Gast Gibéren probéiert méi Informatiounen ze kréien. Besonnesch huet hien interesséiert, op et Fäll zu Lëtzebuerg gëtt, wéi d’Situatioun analyséiert a kontrolléiert gëtt a wat fir Auswierkungen et op de Label an d’Verpackung huet, wann normalerweis fräilafend Déiere mussen an de Stall gespaart ginn. Ganz wichteg fir d’Baueren ass dann jo ëmmer d’Fro vu Kompensatiounen. Eng mëndlech parlamentaresch Fro, déi de 14. Mäerz an der Chamber gestallt gouf, an op déi den Agrarminister Fernand Etgen mat enger Entwarnung geäntwert huet. D’Sécherheetsprozeduren wären allerdéngs aktivéiert, well d’Gripp scho no bei Lëtzebuerg ukomm ass.

D’Regierung huet de 9. Mäerz e Sproocheplang vu 40 Punkte virgestallt fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze valoriséieren. Fir d’ADR ass dat Aewëscherei, well d’Regierung bis elo méi opgefall ass mat hiren Initiative fir d’Lëtzebuerger Sprooch erofzesetzen wéi mat hirer Léift zum Lëtzebuergeschen. Duerfir huet d’ADR och den 10. Mäerz eng Pressekonferenz aberuf, gehalen vu Fernand Kartheiser a Lucien Welter.

Nach eng Kéier sinn do eis Kärfuerderungen a Saache Sprooch genannt ginn: 1) de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Kontakt mat europäeschen Institutiounen an am Europa-Parlament, 2) de Status vun eiser Sprooch an der Verfassung verankeren an 3) d’Motioun vum Fernand Kartheiser, déi de 15. Mäerz an der Chamber um Programm steet. Haaptkritikpunkten um Programm vun der Regierung sinn d’Volete vun eiser Sprooch am ëffentlechen Déngscht an an der Schoul, wou ee näischt méi vun enger Lëtzebuergesch-Sektioun héiert, a vun eiser Sprooch am Gesondheetssekteur an an der Geschäftswelt. Kee Wuert verléiert de Plang iwwer e Memorial (“Journal officiel”) op Lëtzebuergesch a Franséisch. E schwaache Programm, deemno, deen d’Regierung soll bis bei d’Wale retten, ouni wierklech eppes ze bewierken.

Dokumentatioun zur Pressekonferenz

Vum parteiinternen Disziplinarverfahren , dat mam Ausschloss vum Joe Thein duerch de Nationalkomitee geennegt huet, wëlle mir just eis zwee Pressekommunikeeë publik maachen.

d’Opwäertung vun der Elterenaarbecht doheem.

Eltere sollen entscheede kennen, ob si hir Kanner doheem wëlle selwer betreien a grousszillen oder net. Déi Aarbecht, déi d’Versuergen an d’Erzéie vun engem Kand duerstellt, soll wäertgeschätzt an unerkannt ginn, an dat och duerch eng staatlech Ënnerstëtzung a Form vun engem Elteregeld.

… eng gemeinsam Garde vun de Kanner fir getrennten Elteren.

Fir e Kand a seng Entwécklung ass de Kontakt zu béiden Elterendeeler an enger Trennungssituatioun  enorm wichteg. Esouwuel wéi d’Kanner d’Recht op hir Elteren hunn, hunn och d’Elteren d’Recht op hir Kanner, onofhängeg vum Bestand vun hirer Koppel.

… d’Recht vun de Kanner op eng Mamm an e Papp.

Mir sinn der Meenung, dass et vir e Kand a seng Entwécklung bedeitend ass, esou wuel eng weiblech wéi eng männlech Bezugspersoun ze hunn.

… méi Kannergeld pro Kand wat ee méi Kanner huet.

Engem gesonde Wuesstem vun der Populatioun solle keng finanziell Barrièren am Wee stoen. Déi finanziell Laaschte fir d’Famill klammen iwwerproportional mat der Zuel vun de Kanner. D’ADR wëll dem Rechnung droen.

… de Schutz vum ongebuere Liewen a fir eng materiell a psychologesch Ënnerstëtzung vu schwangere Fraen an Nout.

Mir sinn der Usiicht, dass all Kand vum Moment vu senger Prokreatioun un e Recht op Liewen huet. Keng Fra soll aus finanzieller oder séilescher Nout mussen ofdreiwen.

… méi soziale Congé fir krank oder hëllefsbedierfdeg Familljememberen ze versuergen.

Et soll een d’Méiglechkeet hunn, seng Familljememberen, déi op Hëllef ugewise sinn, doheem kënnen ze betreien. Fir déi schwéier an zäitopwänneg Aufgab fuerdere mir méi soziale Congé.

… d’Beschütze vun den eelere Leit duerch Verhënnere vun Abuse bei der Euthanasie.

D’Onantastbarkeet vum Liewen ass ons wichteg. Zudeem sinn eeler Leit oft Affer vun all Zort vu Manipulatioun an hinne soll e besonnesche Schutz zoukommen duerch e klore Widderstand géint Euthanasie. Am Kader vum aktuelle Gesetz gëllt et all Abusen ze verhënneren.

… eng Fërderung vun der Palliativmedezin.

E Mënsch um Enn vu sengem Liewe soll d’Recht op déi beschte Fleeg hunn vir an Dignitéit kenne fort ze goen, dofir sollen d’Infrastrukturen an deem Sënn ausgebaut ginn.

… déi selwecht Ënnerstëtzung a fir Gläichbehandlung vu Mann a Fra.

Keen soll op Grond vu sengem Geschlecht benodeelegt oder avantagéiert ginn, zum Beispill am Kader vun enger Quotelogik. Mir setzen eis fir Chancëgläichheet an allen Liewensberäicher an a berécksiichtegen zudeem déi natierlech Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra.

… eng gerecht Steierpolitik fir elengerzéiend Elteren a Wittleit.

Fir deenen oft finanziell méi schwaache Membere vun der Gesellschaft Ënnerstëtzung ze bidden, setze mir op eng sozial  gerecht Steierpolitik. Vill ze laang scho ginn elengerzéiend Elteren a Wittleit vun eisem Steiersystem benodeelegt.

… bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg.

Duerch verschidde Moossnamen am Beräich vum Bauterrain an dem Locatiounswiese sollen d’Leit Méiglechkeet hunn, zu Lëtzebuerg en abordabel Doheem kennen ze hunn.

… eng gutt Bildung an déi beschte Chancë fir d’Kanner an déi Jonk.

D’Schoul soll de Kanner an de Jugendlechen eng zolidd Wëssensbasis mat op de Wee ginn. Zudeem soll duerch eng gutt Orientéierung de passenden Ausbildungswee fir jidderee fonnt ginn.

… e respektvollen Ëmgang mat de natierleche Ressourcen.

Erneierbar Energië mussen, nieft enger Senkung vum Energieverbrauch, solle konsequent an effizient genotzt ginn. En iwwerluechten an delikat Virgoe mat de natierleche Ressourcen an der Landwirtschaft an an der Industrie esou wéi de Schutz vun der Natur an der Biodiversitéit si Punkten, déi mir ausbaue wëllen.

Flyer op lëtzebuergesch

Flyer auf deutsch

Flyer en français

Flyer in english

Flyer in italiano

Flyer en español

Flyer em português

Flyer в России

De Gast Gibéryen wëll Detailler wëssen iwwer eng Transaktioun, déi rezent vum Fonds de Logement mat Arcelor-Mittal gemaach gouf. Do si, Presseberichter no,  véier Industrie-Siten zu Diddeleng (Walzwierk), Péiteng (Eucosider), Bieles a Woltz (Circuit Foil) un de Fonds de Logement gaangen. D’Terrainen musse sanéiert ginn, an den ADR-Deputéierten intresséiert sech esou wuel fir de Präis vun der Sanéierung wéi och fir eng Lëscht vun de Schadstoffer, déi op deene Site fonnt gi sinn. Wéi sote si fréier um Fernseh? “Affaire à suivre …”

Vill Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger leeft, ëmmer méi, iwwer den Internet. D’lescht Woch waren awer eng ganz Rëtsch Staats- a Regierungssiten wéinst enger Cyber-Attack net ze erreechen. Wat do lass war, wëll de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro wëssen.

Den Éirepresident vun der ADR, Roby Mehlen, huet an enger schaarfer “Tribune libre” d’Beamtekarussell kritiséiert, dat zu Lëtzebuerg zënter Jorzéngte monter dréit. Ophänker war d’Affär Michel Lanners, wou de bloe Schoulminister e verdéngten Beamten an d’Exil schéckt … an zwar op en Direkteschposten an eng Schoul, wou eigentlech schonn en aner Kandidat virgesi war. D'”Tribune libre” vum Roby Mehlen war esouwuel op RTL wéi och um 100Komma7 ze héieren.

Samschdes, den 19.2.2017, war an der Press ze liesen dat d‘Badeanstalt an der Stad nees op wär, nodeems se 2 Deeg wéinst Legionellen am Waasser an de Männerduschen zou war. D‘Legionellos ass eng bakteriell Krankheet déi sech verbreet duerch anootmen vun infizéierte Waasserdrëpsen déi an Loft schwiewen. Dës Krankheet ass ganz geféierlech a kann zum Doud féieren.

D‘Marceline Goergen, Gemengeconseillère, huet zu dësem Virfall eng Rei Froen un de Schäfferot gestallt. Dobäi geet et ënner anerem drëms op Benotzer vun der Badeanstalt a Gefor waren a wéi mat der Sécherheet an d‘Gesondheet vum Personal steet.

(photo: cc Zineke)

An der Press gouf vun engem Pilotprojet zu Lëtzebuerg geschriwwen, fir en HIV-Medikament och viirbeugend anzesetzen. Mä d’Informatioune sinn net komplett an et stelle sech an deem Zesummenhang nach eng Rëtsch Froen. D’Gesondheetskees ass jo wat viirbeugend (prophylaktesch) Medikamenter ugeet nach ni mëtschgieweg gewiescht. De Fernand Kartheiser huet sech an enger parlamentarescher Fro deem Dossier ugeholl.

Och wa Sproochstéierunge eréischt kënnen no e puer Joer erkannt ginn, ass de Remboursement vun deene Behandlungen net evident, wann d’Kand méi wéi 7 Joer huet. Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser probéiert, Kloerheet an därer Saach ze bréngen an de concernéierten Elteren ze hëllefen.

D’LuxTram ass eng Lëtzebuerger Gesellschaft, gedroe vum Staat a vun der Stad Lëtzebuerg. Et gesäit allerdéngs aus, wéi wann d’Kommunikatiounssprooch an deem Betrib soll Franséisch ginn. Esou steet op mannst an den Aarbechtsbeschreiwungen, déi vun LuxTram eraus ginn. De Fernand Kartheiser stellt eng parlamentaresch Fro zu deem Sujet. Et geet him net nëmmen ëm d’Diskriminéierung vu Lëtzebuergesch an Däitsch mä och em d’Chance vu Leit mat engem Lëtzebuerger Schoulofschloss, fir esou eng Plaz ze kréien.

Grad well d’Ënnersichung vum Zuchakzident vum 14. Februar laang wäert daueren, wollt d’ADR wéinstens an enger Fro Kloerheet: De Fernand Kartheiser huet dofir eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, aus wéi enge Grënn den ETCS, en europawäiten Kontrollsystem, deen zu Lëtzebuerg funktionéiert, an dësem Fall net agestallt war. Et ass eng Fro, déi nom Akzident och an der Press opgeworf gi war, an därer hiren dréngende Charakter och unerkannt ginn ass. Et ass och eng Fro, déi nach ëmmer d’Leit beschäftegt, well aus Frankräich Virwërf géint Lëtzebuerg am Raum stinn, déi net berechtegt sinn. Dat seet op d’mannst d’Äntwert vum Transportminister, déi iwwregens bannent ganz kuerzer Zäit do war.

 

E Freideg, den 10 Februar hunn eng Ronn 30 Membere vun der ADR Sektioun Lëtzebuerger-Stad sech zu Bouneweg getraff, dëst a Präsenz vun den Deputéierte Roy Reding a Gast Gibéryen a vum Generalsekretär vun der Partei, dem Alex Penning.

A senger Usprooch huet d‘Presidentin vun der Sektioun, d‘Béatrice Clement, op d‘Wichtegkeet vum Joer 2017 opmierksam gemaach, wou et drëms geet d‘Gemengewalen nam Oktober virzebereeden. Et ass awer net op d‘Wale gewaart ginn, fir politesch aktiv ze sinn, dëst esouwuel am Gemengerot, an de ville Kommissioune wéi och am direkte Kontakt mat de Bevëlkerung, z.B: um Maart, op de Braderien an op Informatiounsversammlungen. Dëst ass mat dem Aktivitéitsrapport vum Marceline Goergen, Gemengeconseillere a Sekretärin vun der Sektioun bestätegt ginn. Trotz de villen Aktivitéite kann d‘Sektioun sech op eng gesond finanziell Lag stäipen, wéi aus dem Rapport vun der Tresorière Jelena Marinkovic erauszeliesen ass. Datt d‘Kees stemmt huet de Keesereviseur Henri Bram bestätegt.

Um Schluss huet den Zentrumsdeputéierte Roy Reding mat groussem Optimismus op d‘Gemengewale vum Oktober higewisen, dëst esouwuel an der Stad wéi och a villen anere Gemengen am Land.

Vill Memberen hunn sech an de Komitee ADR-Stad gemellt, och mam Verspriechen eng kräfteg Hand vir d‘Wale mat unzeleeën. D‘Chargë ginn an der éischter Reunioun vum Komitee verdeelt.

 

Riets a lénks musse Beem dem Tram op deene sëlleche Schantecher wäichen. Eleng dräi an en halwen Hektar Bësch wäerten drop goen fir d’Tramslinn vum Kierchbierg op de Findel. De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir en Iwwerbléck  iwwer déi Schied ze kréien. Den ADR-Deputéierte freet och, op Kompensatiounsmoossname wierklech e vollwäertegen Ersaz fir de Bësch sinn an op si iwwerhaapt erfollegräich sinn.

D’ADR bleiwt iwwerzeegt, datt den Tram kee Verkéiersproblem an der Stad wäert léisen a kee Stau ronderëm d’Stad wäert verhënneren. Duerfir kascht de Bling-Projet méi wéi eng Milliard an nach etlech Hektar gesond Natur.

De Fernand Kartheiser hat eng intressant Fro gestallt iwwer d’Meenungsfräiheet an dodriwwer wéi verschidde nei Moudwierder, déi fir Aussoen op Facebook gebraucht ginn, wéi z.B. Haassried, vun eiser Justiz definéiert ginn. Well d’Äntwert op d’Fro awer net genee gesot huet, firwat et zu enger Zuel vu Veruerteelunge komm ass, wëll den ADR-Deputéierte nach eng Kéier Präzisiounen. A senger zweeter Äntwert hänkt de Justizminister 158 Säiten anonymiséiert Urdeeler un fir ze weisen, wéi komplex a vu Fall zu Fall verschidden do geurteelt gëtt. Eng ganz spannend Lektür …

De Krich am Südsudan gëtt no Presseinformatiounen ëmmer méi dramatesch an d’Situatioun vun  de gréisstendeels chrëschtlechen Awunner och. De Fernand Kartheiser freet d’Regierung, wat national an international (europäesch) gemaach gëtt, fir dem Land a senge Leit ze hëllefen.

No engem informativen Artikel an der däitscher Press huet de Roy Reding direkt eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet dem ADR-Deputéierten drëm, méi iwwer d’Risike vum europäesche Finanzsystem mat senger Target-Linn gewuer ze ginn an iwwer den Erpressungspotential fir Länner, déi am Target-System alt Scholden am dräistellege Milliardeberäich hunn. A senger Äntwert seet de Finanzminister Pierre Gramegna näischt … a scho guer näischt Neies.

Zanter 2003 ass d‘Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan engagéiert, dëst am Kader vun der ISAF an der Missioun „Resolute Support“ ënner de Mandater vun der UNO an der NATO. Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro geet dem Fernand Kartheiser drëms, e Bilan vun dësem Asaz ze zéien.

A senger Äntwert bestätegt d‘Regierung, datt Lëtzebuerg 75 Milliounen Euro fir déi bilateralen Hëllefen engagéiert huet, dovunner 41 Milliounen am Beräich Entwécklung an Humanitär Hëllef, a Ronn 34 Millioune fir de militäresch Zwecker.

Am  waren zanter 2003 274 Lëtzebuerger Militär am Afghanistan am Asaz. „Momentan gëtt et keng Iwwerleeungen iwwert d’Enn vun der Bedeelegung vun der Lëtzebuergescher Arméi un der Missioun“, hält d‘Regierung fest.

365 Leit aus Afghanistan hunn Zanter 2008 eng Demande op Asyl zu Lëtzebuerg gestallt, 24 dovunner sinn als Flüchtling unerkannt a 15 weider benefisséiere vum „subsidiäire Schutz“.

Trotz dem Engagement vu Lëtzebuerg am Afghanistan bléift d‘Positioun vun der Regierung onverännert: „Lëtzebuerg ass weiderhin entschloss fundamental Rechter an de Prinzip vum non-Refoulement ze respektéieren.“. Lëtzebuerg huet keng gezwonge Réckféierung an den Afghanistan duerchgefouert.

De Jo vun der ADR krut e Gesetz, de 9. Februar an der Chamber, wat Verbesserunge bréngt bei der Kommunikatioun tëschent dem Affekot a sengem verdächtege Client. Hei gouf et Defiziter, huet de Roy Reding gemengt: En Affekot muss kënne mat sengem Client schwätzen, ier dee verhéiert gëtt.

Et geet net ëm sozial Problemer, huet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwer de Platzverweis an der Chamber, de 9. Februar kloergestallt. Mä et geet em d’Sécherheetsgefill vun de Bierger an ëm d’Bedenke vun der Police. De Platzverweis wär e gutt an efficasst Mëttel, z-.B. géint organiséiert Heeschebanden a géint Hooligans. Just vu soziale Problemer ze schwätzen, wär onrealistesch, wann et ëm Sécherheetsbedenke geet,  sot den ADR-Deputéierten. Et wär keen an der Chamber, dee net wéilt bei soziale Problemer hëllefen.

Wéi ze erwaarden ass de 9. Februar an der Chamber de Wielerwëlle vun alle Parteien ausser der ADR mat Féiss getrëppelt ginn. Nodeems 2015 am Referendum d’Lëtzebuerger eng kloer Sprooch geschwat hunn, wat d’Bedeelegung vu Nët-Lëtzebuerger bei eise Nationalwalen ugeet, huet d’Regierung elo d’Hannerdiir op gemaach. Et däerf eben elo jidferee Lëtzebuerger ginn (an domat wiele goen), ob hien eis Sprooch kann oder net. An dat Spillche spillt déi gréisst Oppositiounspartei, d’CSV,  monter matt.

De Roy Reding, dee fir d’ADR geschwat huet, ass sech sécher: Ouni eng méi wéi wëlleg CSV wär am neie Nationalitéitegesetz de Sproocheniveau net op e lächerleche Minimum erofgesat ginn. An ëmgedréint och: Mat engem Bäibehale vum Sproocheniveau op deem fréieren, och net grad usprochsvollen Niveau, hätt d’ADR d’Nationalitéitegesetz kéinte matstëmmen.

Esou huet d’ADR als eenzeg Partei géint dat Gesetz gestëmmt an domat nach eemol bewisen, datt si hiert Wuert hält, an datt hieren “3 x Nee” beim Referendum vun 2015 och esou gemengt war. Esou huet d’Chamber déi aacht ADR-Amendementer zum Nationalitéitegesetz ënnert den Dësch gestëmmt, déi de Roy Reding nach eng Kéier abruecht hat, fir eise Standpunkt duerchzesetzen. An esou huet d’CSV nach eng Kéier bewisen, datt si am léiwsten all Unfug vu Gambia matmaachen an och mat an där Regierung sëtzen. Dat seet och den CSV-Spëtzekandidat.

Dem Roy Reding seng Argumenter der Rei no:

 

Kuerze Prozess gemaach huet de Fernand Kartheiser den 8. Februar an der Chamber mam SCRIPT vum Schoulministär. Dee gëtt per Gesetz reforméiert an ausgebaut, kritt awer och Aufgaben ewechgeholl. Den ADR-Deputéierte wonnert sech iwwer dee bürokratesche Waasserkapp. Eleng zwou Divisiounen am SCRIPT sollte sech ëm d’Qualitéit vun der Schoul këmmeren: All Mënsch géing awer wëssen, datt d’Qualitéit vun der Schoul zënter Joere géing erofgoen. A knapp véier Minutten leet de Fernand Kartheiser nach eemol d’Grondlinne vun der ADR-Schoulpolitik duer.

E Gesetz iwwer d’fräi Beweegung vun de Leit, den 8. Februar an der Chamber, war fir d’ADR eng grouss Satisfaktioun. De Fernand Kartheiser huet erkläert, datt d’europäesch an d’Lëtzebuerger Regierungspositiounen no an no op dat erauskommen, wat eis Partei scho vun Ufank vun der Flüchtlingskris u gesot a gefuerdert huet. Den ADR-Deputéierten huet an deem Sënn d’Kuerzzäitgediechtnis vun de Politiker nees opgefrëscht (Video).

Dat nämmlecht gelt fir den Terme “Brain Drain”. Dat mengt, dat déi industrialiséiert Länner, Studenten aus Entwécklungslänner, déi bei si kommen, dobehalen, am Plaz datt déi jonk Leit heem ginn an dat Land opbauen, wou si méi néideg gebraucht ginn. Genee esou eng Iddi hätt eis lénksideologesch Regierung virun e puer Joer nach mat zwou Hänn ënnerschriwwen. Haut mécht si genee deenen ausgebilltene Spezialisten et extra liicht, fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen an net hier Heemecht opzebauen. Vill vun de Studenten, déi dofir a Fro kommen, sinn dann och nach ausdrécklech iwwer d’Entwécklungshëllef op Lëtzebuerg komm, ginn dann awer hei schaffen, esou datt hiert Land näischt vun hire Kompetenze matkritt. Fir déi Schäinhellegkeet ze ënnersträichen, huet de Fernand Kartheiser op dësem Punkt vum Gesetz gefrot, datt separat dodriwwer ofgestëmmt gëtt. Ausser der ADR schéingt sech haut keen un därer “kolonialistescher Ausbeutung” ze stéieren … wéi lénksideologesch Parteien dat nach virun e puer Joere genannt hunn. Si hunn deen Artikel op alle Fall all matgestëmmt.

D’CSV dréit sech an esou Froen och wéi de Wand, wéi de Fernand Kartheiser festgestallt huet (Video).

De Roy Reding ass beim Omnibus-Gesetz iwwer d’Vereinfachung vun der Verwaltung den 8. Februar an der Chamber un d’Tribün gaang, fir de Nee vun der ADR ze begrënnen. Et ass net dat éischt an och net dat lescht Gesetz aus dem Inneministär, dat eiser Partei (a meescht och dem Staatsrot) net gefällt. Hei sinn et véier Punkten, déi dem Roy Reding guer net passen. A si dréinen alle véier ëm de Beräich Bauen a Wunnen.

D’Gesetz schaaft of, datt am Fall vun Interpretatiounsschwieregkeeten bei engem Bebauungsplang de (karto)grapheschen Deel méi zielt wéi den Text.

Déngschtbarkeeten (Servituden) kënnen an Zukunft Recht op eng Entschiedegung vum betraffene Besëtzer ginn. Allerdéngs setzt d’Gesetz den üblechen Délai fir dat anzefuerderen vun 30 op 5 Joer erof.

Wann eng Verwaltung net äntwert, gëtt dat net méi als Ofleenung gewäert mä als Zoustëmmung. Allerdéngs ass d’Cellule d’évaluation, déi bei Litigen zum Zuch kënnt, total ënnerbesat.

Kärpunkt vum Roy Reding senger Kritik ass awer d’Virkaafsrecht vun de Gemengen op onbebauten Terrainen, dat ausgeweit gëtt. E Virkaafsrecht ass awer ëmmer eng Beschneidung vun de Rechter vun de Bierger, dem Recht op hire Besëtz an dem Recht, Verträg no eegenem Wëlle kënnen ze maachen. An dat wär eng grave Amëschung, déi och nach géing geschéien, ouni datt ee wisst, wéi dacks Gemengen dat Virkaafsrecht haut scho spille loossen. Hei dem Roy Reding seng Haaptkritik.

Den 8. Februar war e Gesetz an der Chamber, wat regelt, datt nei Wunnengen schonn direkt esou ekippéiert ginnt, dat si un de séieren Internet kënnen ugeschloss ginn. Dat wuelgemierkt am ganze Land, och do, wou et nach kee séieren Internet gëtt. De Roy Reding huet de Nee vun der ADR argumentéiert. Hei solle Bauhäre forcéiert ginn, Suen auszeginn fir eppes, wat et méiglecherweis nach guer net gëtt. D’Regierung géing hei a mat ville Gesetzer systematesch d’Bauen – an domat d’Wunnen – hei am Land méi deier maachen.

 

De Gast Gibéryen huet d’Eestëmmegkeet begréisst, mat deem e Gesetz de 7. Februar an der Chamber ugeholl ginn ass, wat d’Rechter vun de Salariéen a vun de Betriber iwwer d’Grenze vum Land eraus soll ofsécheren. Et geet drëm, datt d’Spillregele fir jidfereen d’selwecht solle sinn, ob säi Betrib hei am Land oder am Ausland sëtzt. Dat garantéiert, datt d’Salariée, dat kréie, wat si zegutt hunn an datt d’Betriber, déi sech un d’Regelen halen, net duerch sozialen Dumping kënne geschiedegt ginn. Dofir kéim der ITM (Inspection du Travail et des Mines) grad hei eng besonnesch wichteg Funktioun zou, well vill Leit vun engem Berrib ofhänken, dee net zu Lëtzebuerg säi Sëtz huet, a well do d’Gefor méi grouss ass, datt sech net un d’Lëtzebuerger Gesetzer gehale gëtt. Den ADR-Deputéierte faasst dat hei an engem Saz zesummen.

De Gast Gibéryen huet dat Gesetz awer och am europäesche Kontext positiv bewäert. Europa soll och sozial sinn a sech hei Mindeststandarden ginn a net just en “Europa vun de Banke” sinn.

Fir d’Tribune libre op RTL an 100Komma7 hat d’ADR den Thema ëffentlech Sécherheet gewielt. Geschwat huet e Mann, deen de Sujet kennt. De Bezierkspresident Zentrum, Mario Daubenfeld, war bis Enn 2014 Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi, déi hien am Generols-Grad an als Chef vum Generalstab verlooss huet. Net d’accord war de Mario Daubenfeld mam Optimismus vun der Regierung, datt d’Sécherheetssituatioun hei am Land sech géing verbesseren. Hie gëtt de Bierger Recht, déi net fannen, dat d’Sécherheet méi grouss gëtt. A Gewalt géint Persounen (esou guer Polizisten) an Abréch wären nach ëmmer un der Dagesuerdnung.

De Mario Daubenfeld gesäit  weiderhin kloer Handlungsbedarf a proposéiert och e puer Achsen. Fir d’éischt misst een den akute Personalmangel bei der Police ugoen an den Uerdnungskräften d’Moyene ginn fir ganz efficace ze schaffen. Esou laang d’Police misst duerch Personal oder Material-Engpäss Prioritéite setzen, wäre net d’organiséiert Heeschebanden, déi an der Stad aktiv sinn, hir éischte Suerg. Dëse Bande kéint ee nëmme mat engem Platzverweis an encadréierende Mesure Meeschter ginn. Fir den Drogeschmuggel ze ënnerbannen, plädéiert de Mario Daubenfeld fir méi gezilten a limitéiert Grenzkontrollen. An als lescht wierksamt Mëttel géint grenziwwerschreidend Kriminalitéit stellt hien esou d’Méiglechkeet vun engem Landesverweis an de Raum.

Den ADR-Deputéierte gëtt sech net fir op d’Widdersprëch vun enger grénger Ëmweltministerin an enger lénksideologescher Regierung hinzeweisen. De Schëtter Marjal, eng klengt Stéck Natur um Wutz vum Kierchbierg, ass vun der Stad als Bauland ausgewisen. An den Ëmwëltministär, dee soss esou péngeleg ass, stéiert sech net drun. Duerfir bleiwt och déi drëtt Äntwert op déi drëtt Fro zimlech distanzéiert. Ëmmerhin: Well d’Schlingnatter op deem Site nogewise gouf, misst der Presenz vun deem geschützten Déier Rechnung gedroe ginn.

D’Affär vum Tutelles-Riichter, deen a Pensioun geschéckt ginn ass, huet eisem Deputéierte Roy Reding keng Rou gelooss. Hien huet e puer Punkten iwwer de Wee vun enger parlamentarescher Fro wollte kläeren. D’Strof vum Riichter ass méi haart, wéi ee kéint mengen. Hien ass wuel a Pensioun geschéckt ginn, ka seng Rechter op Pensioun awer eréischt geltend maachen, wann hien, wat Alter an Aarbechtsjoeren ugeet, d’Konditiounen erfëllt.

D’ADR huet als Member vun der Alliance of Conservatives and Reformists in Europe probéiert, déi tierkesch AKP, d’Partei vum President Erdogan, aus där Vereenegung ausschléissen ze loossen. Och wann d’Zil net erreecht ginn ass, war de Fernand Kartheiser op enger Pressekonferenz, den 2. Februar, zefridden.

Mat sengem Usaz wollt hien d’Mënscherechter an d’Pressefräiheet an der Tierkei verdeedegen hëllefen. Dat kéint ee net, wann een nach weider mat der AKP géing verhandelen a sech mat der Tierkei un een Dësch setzen, fir iwwer en EU-Bäitrëtt ze schwätzen.

Ouni an d’Detailler iwwer déi ausseruerdentlech ACRE-Sëtzung anzegoen, war d’tierkesch Äntwert op d’Virwërf vun der ADR, net méi d’ethesch a politesch Linnen vun der ACRE ze vertrieden, engersäits d’Leugnen vun den Tatsaachen an anerersäits en Drohen mat engem Flüchtlings-Tsunami, wa Mesuren géint d’AKP géinge geholl ginn.

 

Esou wuel an der Flüchtlingsfro (Interview vum Minister Schmit am Wort virun e puer Deeg) wéi och an der Fro vun der Burka fänken d’Regierung an och d’CSV un der ADR hir Positiounen ze iwwerhuelen. Eis Partei kritt dobäi zwar keng Lorbeere gestreet. Et ass jo wahrscheinlech de Waltermin a manner wéi zwee Joer deen d’Uursaach ass fir déi politesch Kopplabunz vun deene Parteien. A vill och bei der CSV soen hire lénksideologeschen Iddien och nëmme mat der Fauscht an der Täsch Äddi.

Mä d’Resultat ass do: Bei der Burka-Fro wëll d’Regierung kucken,  e Gesetz ze maachen, nodeems si sech laang dogéint gewiert huet. Ier de Staatsrot dat Argument widderluecht huet, war si nämlech der Meenung, fir déi Fro géinge Gemengereglementer duergoen.

An der Flüchtlingsthematik war de Lëtzebuerger Bausseminister jo ee vun deene Leschten, dee nach op der däitscher Bundeskanzlerin hirer “Willkommen”-Schinn gefuer ass, laang nodeems d’Angela Merkel scho Grenzkontrolle gemaach huet an d’europäesch Institutiounen Mesure géint déi onkontrolléiert Immigratioun geholl haten. Vun engem Minister- a Parteikolleg, dem Nicolas Schmit, huet hien awer elo och den Dicks geriicht kritt, mat deem sengem Message an der Press (LW): “Unsere Aufnahmekapazität für Hilfsbedürftige aus der Welt ist begrenzt. ”

Wat d’Burkas-Geschicht ugeet: D’CSV huet gemierkt, datt hier Wieler hier Meenungen an Iddien eigentlech besser bei der ADR ërëmfannen wéi an der fréierer Vollekspartei. An dofir iwwerhëlt si och alt emol e Gesetzesvirschlag vum Fernand Kartheiser, wat d’Burka ugeet, bal wuertwiertlech a presentéiert dëse 16 Méint no der ADR och an der Chamber. Oder hire President schwätzt 2016 viru senger Partei iwwer d’Zukunft vum Land, an et kritt een d’Gefill, et géing een d’Ried vum Gast Gibéryen vum Nationalkongress 2015 nach eng Kéier héieren.

D’Kloertext-Fernsehsemissioun op RTL iwwer Nationalismus an Populismus vum 29. Januar war eng Farce. Do hu Leit, déi sech an der Saach total eens waren, gemaach, wéi wa si géingen diskutéieren. Nom Motto: Mir eleng wëssen, wat gutt ass fir Lëtzebuerg an Europa, an all déi, déi net eiser Meenung sinn, si béis Populisten.

Heindsdo huet da nach ee gemengt, missen op den neien US-President ze klappen. Mä och déi grad esou demokratesch gewielte legitim Regierungen vu Polen, Ungarn an der Slowakei sinn duerch den Dreck gezu ginn. A wann een deem Medienzirkus genee nogelauschtert huet, waren och vill Hallefwourechten ënnert den Aussoen.

Anscheinend duerfen iwwer Nationalismus a Populismus hei am Land nëmmen LSAP, DP (invitéiert mä net do), Déi Gréng an CSV schwätzen. Aner Parteie mat aner Iddien däerfe net matdiskutéieren, sinn un deem Dësch net erwënscht. An d’Bierger sollen nom Wëlle vun deene véier Parteien am beschte verbuede kréien, an de soziale Netzwierker hir Meenung ze soen. Et kéint ee mengen, an der beschter vun alle Welten dierften op Facebook an op Twitter nëmme Leit schreiwen, déi op der Linn vun deene véier Parteien do leien. D’Presidentin vun den ADR Fraen, Sylvie Mischel, hat bei dëser RTLs-Emissioun iwwregens eng Statiste-Plaz am Publikum ugebuede kritt. Op deen Alibi-Optrëtt huet si dankend verzicht. Well um Dësch vun deenen, déi diskutéiert hunn,  wär nach ganz vill Plaz fir eng aner Meenung gewiescht.

Et ass genee déi Schäindemokratie vun iwwerschlauen Debattéierer, déi a villen europäesche Länner sougenannt Populisten staark mécht. Si si net déi wierklech Populisten, déi de Leit Sand an d’Aen wëlle streeën?

E Samschdeg, den 21. Januar 2017 haten d’ADR-Fraen hire statutaresche Kongress. Obwuel d’ADR schonn bei de leschten Nationalwale bal 40% Fraen op de Lëschten hat a strikt géint Quoten ass, iwwerleet si weider, wéi een d’Frae nach méi un der Politik interesséiere kann. D’ADR Fraen leeschten bei dëse parteiinternen Iwwerleeungen e wichtege Bäitrag. Um Kongress  ass dowéinst diskutéiert ginn, wéi een d‘Fraen  op hirem Wee an d’Politik nach besser ënnerstëtze kéint.

Den Haaptakzent vum Kongress louch op de Schwéierpunkter, fir déi d’ADR an d’ADR Fraen, déi sech riets vun der Mëtt  usidelen, stinn. D’ADR ass eng sozial orientéiert Partei, déi op Wäerter baséiert. Si ass géint d‘Ofdreiwung a wëll op d’Ofdreiwungsgesetz vun 1978 zeréck kommen, dat den Avortement am Prinzip verbitt, awer eng Rei vun Ausnahmen op Grond vu bestëmmten  Indikatiounen net stroofbar mecht: bis zum 3. Mount am Fall vun schwéiere gesondheetleche Geforen fir d’Mamm oder d’Kand oder wann d’Fra duerch eng Vergewaltegung an aner Emstänn koum.  D‘ADR ass och géint Euthanasie a fir den Ausbau vun der Palliativmedezin.

D’ADR setzt sech an fir d’Rechter vum Kand op eng Mamm an e Papp a fir datt d’Elteren, duerch d‘Aféierung vun engem Elteregeld, e realisteschen a materiell ofgesëcherte Choix hunn, ob si hir Kanner doheem wëlle selwer  erzéien an dobäi sozial verséchert sinn oder ob si d’Kanner vun anere Leit wëllen erzéie loossen wa si léiwer schaffe ginn.

Aner Schwéierpunkten an der Ried vun der Presidentin waren d’Obligatioun vun engem héige Niveau vum Lëtzebuergeschen, wann ee wëll d’Nationalitéit kréien, d‘Vermummungsverbued am Zesummenhang mat der Burka an dem Niqab, d’Necessitéit vun engem Zukunftsdësch fir ze diskutéieren, wéi eng Zukunft mir iwwerhaapt fir Lëtzebuerg wëllen, e verstännegen an equilibréierte  Budget, deen net zu Laaschte vun eise Kanner geet, bezuelbare Wunnraum, méi Sécherheet zu Lëtzebuerg an d’Migratiounsproblematik.

Et gouf festgehalen, datt d’ADR Fraen dës Schwéierpunkte, fir déi si stinn, méi offensiv no bausse droe wëllen.

An engem Wort-Interview huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit haut eng zimlech hefteg Attack geridden, an zwar ouni de Numm ze nennen géint säi Parteikolleg Jean Asselborn. De Minister Schmit ass net mat der europäescher Migratiounspolitik d’accord. Hie fënnt op eemol Saachen eraus, déi d’ADR zënter der Flüchtlingskris net mitt gëtt, ze widderhuelen. Eis Partei huet dorops eng Kommissiounssëtzung vun der Kommissioun fir baussepolitesch an europäesch Ugeleeënheete gefrot, wou déi zwee Ministeren zesumme sollen untrieden.

An der Chamber war de 19. Januar 2017 d’Interpellatioun vum CSV-Deputéierten Léon Gloden iwwer d’Sécherheet hei am Land am Mëttelpunkt. Fir d’ADR huet de Fernand Kartheiser geschwat. Hien ass agaang op de Fong: D’Mënsche géinge sech onsécher fillen, well si d’Gefill hätten, der Politik an der Press net méi trauen ze kënnen. Dat wär, wëll Detailler iwwer d’Hannergrënn vu Stroofdoten géinge verstoppt ginn, esou zum Beispill iwwer d’Origine vun den Täter. D’Sécherheet esou de Fernand Kartheiser wär awer eng Kär-Aufgab vum Staat.

Am Detaill ass de Fernand Kartheiser duerno agaang op eng Police-Reform, déi de Beamte net genuch Befugnisser gëtt, besonnesch wat Persounekontrollen ugeet, an op den Drogenhandel. Dat wär eng Kriminalitéit, déi Mënsche géing futti maachen an an d’Ausbeutung dreiwen, och wa si net ëmmer mat Gewalt verbonne wär. Och wär ze froen, wat fir e Statut déi bekannten Drogendealer a Banden aus Afrika hunn, fir ouni Pobeieren hei am Land kënnen ze bleiwen a kriminell aktiv ze sinn.

Bei der grenziwwerschreidender Kriminalitéit fuerdert de Fernand Kartheiser méi cibléiert Kontrollen: D’Bewegungsfräiheet an Europa wär wichteg, awer oppe Grenze wäre nëmme fir éierlech Leit.

Säi wichtegste Punkt war awer d’Biedelen durch organiséiert Banden. Dat wär désagreabel fir d’Leit a géing hinnen e Gefill vun Onsécherheet ginn, an op därer anerer Säit géinge do Mënsche vun Bande mat Mafia-Charakter ausgebeut ginn. Si géinge guer net fir sech heeschen, mä d’Sue géingen direkt un aner Leit goen, déi hire Misär géingen ausbeuten. Dat wär e Mëssbrauch vun der europäescher Iddi vun der Bewegungsfräiheet an d’Regierung géing sech zum Kompliz vun den Hannermänner maachen, wa se hei net géing ophëllefen.

 

E Méindeg, de 16. Januar, war d’Lëtzebuerger Sprooch de Star op der politescher Bühn. An der Chamber sinn d’Auteure vun de géigesätzleche Petitioun 698 a 725 zu Wuert komm. An owes war op Chamber TV nach eng Debatt iwwer eis Sprooch, wou fir d’ADR de Fernand Kartheiser deelgeholl huet. Der Rei no:

Lucien Welter: einfach a sachlech

De Lucien Welter, begleet vum Daniel Rinck, huet säin Uleies einfach a sachlech presentéiert an d’Debatt war och onopgereegt. Wat war nët alles an deen Text erageluecht ginn, a wéi kloer ass dat, wat wierklech gefrot gëtt …

Petitioun 725: Schwéiere Stand

Net esou einfach ass et Nee zur Lëtzebuerger Sprooch ze soen, a nach méi schwéier ze erklären.

Dir hutt gemengt, Dir hätt net richteg héieren?

Flott Debatt um Chamber-TV

Esouwuel am Hearing iwwer déi zwou Sproochepetitiounen e Méindeg, den 16. Januar, wéi och an der “Chamber Aktuell”-Debatt iwwer dee selwechte Sujet, war op eemol all Mënsch d’accord, fir ze soen, wéi wichteg eis Lëtzebuerger Sprooch ass.
D’ADR géing awer elo gär gesinn, wat konkret vun esou Aussoen ze halen ass. Beim Nationalitéitegesetz, bei eiser Fuerderung, d’Lëtzebuerger Sprooch direkt an d’Verfassung ze setzen a bei villen aneren Sujeten hunn déi aner Parteien elo d’Geleeënheet, ze weisen, datt si net just an d’Loft geschwat hunn. Wa si beim Wuert geholl ginn, musse si elo eng Rëtsch ADR-Fuerderungen erfëllen. Allerdéngs: Esou laang d’Martine Hansen vun der CSV houfreg ass, d’Sprooch am Nationalitéitegesetz op bal näischt reduzéiert ze hunn, wéi an der Debatt gesot gouf, kann een net all Mënsch déi nei entdeckte Begeeschterung fir d’Sprooch gleewen.
Dat erkläert de Fernand Kartheiser an der “Chamber Aktuell”-Debatt.

 

D’ADR Sektioun Péiteng, hat den 13.01.2017, op hiren traditionellen Neijooschpatt agelueden. Eng 80 Leit woaren do. Zësumme mat hirem Gemengeconseilljee an dem Péitenger Sektiounskomitee, gouf op d’neit Joer geprost, an d’Waljoer offiziell agelaud. Fir d’ADR zu Péiteng, wor den Neijooschpatt op en Neits, een immense Succès!
Hei ass d’Neijooschried vum Gemengeconseilljee Joe Thein.

Léift Bierger aus der Péitenger Gemeng,

Léif Bierger aus de Nopeschgemengen a vu méi wäit,

Léif Memberen aus dem Péitenger Veräinsliewen,

Léif Vertrieder vun anere Parteien,

Léif Parteikollegen aus alle Sektiounen,

Et ass mir eng Freed, Iech all op eisem Neijooschpatt ze begréissen. Mir hunn dëse Neijooschpatt op e Neits an d’Liewe geruff, fir Iech Villmools Merci ze soen – Merci, fir déi vill gutt, léif, an trei Ënnerstëtzung un eis Partei a fir den Erfolleg vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

D‘ADR hat d’Éier, fir sech eng ganz Mandatsperiod fir eis gemeinsam gemengepolitesch Interessen an ze setzen, an huet hir Oppositiounsroll mat beschtem Wëssen a Gewësse wouer geholl. Ech wëll dofir och eisem ADR Sektiounscomité vu Péiteng Merci soen, fir déi gutt Zesummenaarbecht während all deene Joren, a fir hiert, Vertrauen a meng Persoun. Als hirem, an als ärem Gemengeconseilljee, wor et fir mech ëmmer eng Selbstverständlechkeet, fir mech an den Déngscht vu Partei a Gemeng ze stellen, a mäi Bescht ze ginn, fir d’Wuel an Zukunft vun eis all.

Net méi spéit wéi gëscht, huet de Sondage vun RTL a Lëtzebuerger Wort, gutt Prognostiken fir d’ADR ermëttelt. Ech sinn houfreg op d’ADR am Süden, an d’Matwierke vun der ADR Sektioun Péiteng fir dëse Mérite. D’ADR wor eng vun den aktiivsten an engagéierteste Parteien am Gemengerot, an ass als beschtgewielte Parteisektioun um kommunalem Plang am Land, eng wichteg politesch Kraaft.

Als Politiker a Lokalpatriot, awer och als ee Jong deen hei opgewuess ass, verbënnt mech Grousses mat eiser Heemechtsgemeng, an ech sinn dankbar, datt d’ADR d’Politik an d’Geschicht matschreiwe kann. Wat ech mir doriwwer eraus awer och ganz déif wënschen, datt ass, datt och eis’t Land, Lëtzebuerg, nees zu enger liewenswäerter Heemecht fir d’Lëtzebuerger gëtt. Och dofir kämpft, d’ADR.

Dofir ass eisen Entschloss och sécher, d‘ADR staark an determinéiert an de nächste Gemengerot ze féieren, an eiser Linn an eisem Stil, trei ze bleiwen. Mir sinn d’Alternativ an de Korrektiv fir d’Gemeng Péiteng, wielt konservativ!

Léif Frënn,

Fir datt ech net nees ze vill an d’Ambitioun vum Politiker verfalen, invitéieren ech Iech op elo gären op eise Patt, wënschen Alles Guddes a Prost op d’neit Joer.

Joe Thein

adr Gemengeconseilljee

 

Et war e gemittlechen Optakt vun engem Joer, dat riskéiert, manner gemittlech ze ginn. De Parteipresident ass op d’Politik vun eiser lénksideologescher Regierung agaang … mat hire katastrophale Konsequenzen fir d’Lëtzebuerger Land an esou ville Beräicher vun eisem Liewen. Hien huet och e puer Wuert verluer iwwer d’Meenungsdiktatur vun der “Political Correctness”, déi dacks net nëmme korrekt mä scho bal penibel ass. Trotzdem – a grad wéinst der gudder Aarbecht vun der Partei – huet hien de Memberen e schéint neit Joer gewënscht a sech net vum gesellschaftleche Pessimismus ustieche gelooss. Och net, wat de Walmarathon vun de nächsten dräi Joer ugeet. An et waren nawell eng honnert Leit, déi trotz Schnéi an Äis de Wee an de Gesellschaftszenter “Schwaarzt Haus” um Cents fonnt haten, fir matzefeieren.

No 4 jorelaangem Kampf mat der Sozialschäffin vun der Gemeng Lëtzebuerg huet si endlech agesinn, datt Barquetten aus Aluminium fir de Service „Iessen ob Rieder“, deen haaptsächlech un eeler Leit geliwwert gëtt, net ëmweltfrëndlech ass. 42.000 Iessen an 42.000 Zoppen, datt si 84.000 Aluminiumsbarquetten pro Joer, déi an der Dreckskëscht ze fanne waren.

Wann d‘Sozialschäffin dann och elo nach agesäit, datt d‘Qualitéit vum Iessen, an haaptsächlech dat gemuelent Iesse fir déi Leit déi net méi gutt knae kënnen, ka verbessert gi a méi ofwiesslungsräich muss sinn, well 7/7 Deeg Gromperepüree an fetteg Ënnenzopp muss net sinn. E gutt Beispill fënnt een zu Dikrech am Altersheem. Do beméit de Kach sech mat net vill Opwand a Käschte fir de Senioren gutt Iessen ze zerwéieren.

Ech ginn d’Hoffnung net op a wäert mech och nach weider dofir asetzen, datt Qualitéit endlech dem entsprécht wat eis Seniore verdéngt hunn.

Matdeelung vum: Marceline Goergen, Gemengeconseillère Stad Lëtzebuerg

Queesch duerch d‘Welt, an Europa an och zu Lëtzebuerg gëtt iwwer d‘Meenungsfräiheet op de soziale Netzer diskutéiert, dëst dacks mat der Intentioun dës Fräiheet ze encadréiere wann net esou guer anzeschränken.

Och zu Lëtzebuerg, zum Deel no Uerteeler vun der Justiz no Publikatiounen op Facebook, ass dës Fro ganz aktuell. An deem Kontext stellt de Fernand Kartheiser eng ganz Rei Froen, wou et ënner anerem iwwert d‘Definitioun vun dëse Begrëffer geet:

  • Meenungsfräiheet
  • Incitatioun
  • Incitatioun zum Haass (juristesch: „incitation à la haine“)
  • Volleksverhetzung (mat senge Komponente „Vollek“ an „Hetze“)
  • Haass
  • Haassried (am engleschem: „hate speech“)

 

Zu Lëtzebuerg sinn d‘Capacitéite fir Leit opzehuelen, déi eng Demande op internationale Schutz ufroen (sougenannten DPI‘en) zum gréissten Deel ausgelaascht, wann net esouguer iwwerlaascht. Esou muss z.B. déi Hal, déi an der Luxexpo, déi eigentlech nëmme fir den éischten Accueil virgesi war, DPI‘e fir eng méi laang Zäit ënnerbréngen.

Fir kënne Leit opzehuelen, déi effektiv de Schutz brauchen, mussen déi Leit bei deene festgestallt ginn ass, datt se d‘Gesetzgebung vun internationale Konventioune mëssbrauche fir zu Lëtzebuerg eng Bleif ze fannen, och kënnen aus dem Land ausgewise ginn.

An dësem Zesummenhang freet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser no Zuelen, z.B. wéi vill Persounen definitiv deboutéiert sinn, an awer nach am Land sinn. Eng weider Fro geet iwwert esou Leit, déi als geféierlech bekannt sinn.