Roy Reding zur Lag vun der Natioun 2016 [Videoen]

An enger 1. Interventioun huet de Roy Reding kuerze Prozess huet de Roy Reding mat der Regierung hirer Aktioun fir d’Wirtschaft gemaach. Zwar, esou den ADR-Deputéierten, ass net alles falsch, wat gemaach gëtt, mä d’Lëscht vun de Kloen ass schrecklech laang.

Ëmmer ërëm ass ze héieren, datt Gambia mat senger Reglementéierungswut iwwerdreiwt an datt et schwéier ass, hei am Land eppes op d’Been ze stellen. Dat gëlt nët nëmme fir de Finanzsekteur.

De Roy Reding fuerdert generell bei Firmegrënnungen ee Bureau, fir all Démarchen ze maachen … e One-Stop-Shop fir Firmegrënner.

Resuméiere léisst sech dem Roy Reding seng Ried zur Lag vun der natioun einfach: Manner schéi Wierder a méi reell Taten, wann ech gelifft.

Bei senger zweeter Interventioun zur Lag vun der Natioun huet de Roy Reding, no enger Kloerstellung zum Tram, der Regierung d’Lewitte gelies iwwert déi verfeelte Logementspolitik.

Deel dëse Post: