Roy Reding: D’Politik fäert dem Vollek seng Meenung iwwer den Tram

De 7. Juli huet den ADR-Deputéierten op verluerenem Poste säi Gesetzvirschlag verdeedegt, fir en Trams-Referendum ze maachen. Et wär dofir net ze spéit, déi gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert kinnt nach verhënnert ginn. De Roy Reding huet d’ADR-Positiounen an zwou wichtegen Domainë rappeléiert an ënnerstrach wéi konsequent eis Partei eng Linn vertrëtt. D’ADR ass a war ëmmer géint den Tram a fënnt nach haut de Projet City-Tunnel déi besser Léisung. All aner Parteien an der Chamber hu fir den Tram gestëmmt. D’ADR ass a war nach ëmmer fir Referendumen, an zwar bannend Referendumen op Initiativ vum Vollek.

Am Juni hätt e Referendum gewisen, datt d’Majoritéit an der Chamber nach laang net d’Majoritéit vum Vollek duerstellt. Dofir hätt d’Chamber Angscht virun der Meenung vum Vollek. De Roy Reding huet verlaangt, e Gesetzvirschlag vum Robert Mehlen endlech serieux ze kucken, dee géing Referendumen op Initiativ vum Vollek méiglech maachen, an deen an engem Tirang verschwonnen ass. “Mir musse méi Demokratie woen”, huet de Roy Reding um Enn esouguer den SPD-President Willy Brandt zitéiert. Och wann den LSAP-Mann Alex Bodry him virdrunn dauernd an d’Ried gefall war.

Deel dëse Post: