Rietspopulismus: en interessanten Artikel am Forum

Am Forum Nummer 361 vun Abrëll 2016 asss e ganz intressanten Artikel vum Léonie de Jonge, deen och eis Partei betrëfft. Den Auteur ënnersicht de Rietspopulismus an den Afloss vun direkter Demokratie op esou Parteien. Dobäi konzentréiert d’Madame sech op d’Schwäiz a Lëtzebuerg a konstatéiert, datt et zu Lëtzebuerg eigentlech keng rietspopulistesch Partei gëtt, wann een d’Definitioun vun esou enger Partei kuckt. D’Léonie de Jonge mécht hiren Dokter um “Institut für Politik und internationale
Studien” (POLIS) vun der Universität Cambridge a schafft op rietspopulistiche Parteien a Westeuropa.

adr_rietspopulismus

Dat ass en intressante Standpunkt, dee jo beweist, datt d’ADR an der politescher Debatt mam Virworf vum Rietspopulismus soll kalgestallt ginn, well eis Wourechten ze ville Leit net passen. Och deen do Artikel am Forum kann ee kritiséieren, well d’Madame de Jonge zum Beispill keen Ënnerscheed tëscht rietsextremen a rietspopulistesche Parteie mécht an den FN mat FPÖ an AfD an een Dëppe geheit. Mä den Usaz ass wierklech flott, och well de Referendum nom Schwäizer Modell als méigleche Grond fir d’Erfolleger vun der Schweizerischen Volkspartei (SVP) ugesi gëtt.

adr_rietspopulismus_2

Deel dëse Post: