Op de Bushaisercher mécht de Radio 100Komma7 zur Zäit Reklamm fir sech a säi Programm. Duerfir benotzt den ëffentlech-rechtleche Radio och Porträte vu Politiker aus de Reie vun der Majoritéit. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser freet de Kommunikatiounsminister Xavier Bettel, ob dat fir en ëffentlech-rechtlecht Pressorgan, wat un eng gewësse Neutralitéit gebonnen ass, akzeptabel ass.