De 27. Januar huet d’ADR eng Gesetzespropositioun virgestallt mat deeër e Referendum verlaangt gëtt an deem d’Wieler d’Fro beäntwere sollen ob se fir den Tram oder éischter fir de City-Tunnel sinn.

Fir d’Alternativ Demokratesch Reformpartei handelt et sech, egal ob Tram oder City-Tunnel, ëm eng Jorhonnertinvestitioun fir déi honnerte Milliounen Euro Steiersue mussen opbruecht ginn. Dofir sollen och d’Bierger decidéiere kënnen, wat an hiren Aen déi richteg Léisung fir d’Verkéiersproblemer vun der Stad, vu Lëtzebuerg a vun der Groussregioun ass.

D’Campagne fir de Referendum Tram oder City-Tunnel wier och endlech d’Gelegenheet datt emol iwwer déi zwee Projeten diskutéiert géif ginn. Dës Diskussioun ass der ADR no bis elo nämlech ni richteg gefouert ginn. An engems wier et d’Gelegenheet datt vun onofhängegen Experten eng objektiv komparativ Etude iwwer déi zwee Projeten gemaach gëtt.

Well de Projet Tram oder City-Tunnel net nëmmen d’Bierger aus der Stad Lëtzebuerg beréiert, ma d’Steierzueler aus dem ganze Land soll och jiddwer Wieler beim Referendum kënnen ofstëmmen, also alleguer déi déi an de Lëschte fir d’Gemengewahlen agedroe sinn.

Wat de Suivi vun der ADR hirer Propositon de Loi ubelaangt, sou gëtt dës während der éischter Februar-Woch vum Deputéierten Jacques-Yves Henckes an der Chamber déposéiert. Dem neie Reglement no muss d’Chamber dann bannent 6 Méint decidéieren ob dës Gesetzespropositioun e Suivi kritt oder net.