D’ADR ass 1989 mam Thema Rentegerechtegkeet an d’Walen gaangen. 10 Joer méi spéit sinn d’ADR Propositiounen och ëmgesat ginn, et geet elo EEN System fir d’Pensiounen ze berechnen, fir de Privatsecteur an d’Fonction publique. Dorunner huet de Gast Gibéryen, President vun der ADR-Fraktioun an der Chamber erënnert. D’ADR ass sech hire Verantwortung an de Rentefroen bewosst, an huet duerfir konkret Virschléi fir de Pensiounssystem laangfristeg ofzesécheren

Ouni Korrekturen ass de System condamnéiert zum permanente wirtschaftleche Wuesstem mat permanent schafen vun néien Aarbechtsplazen. D’Beem wuessen net an den Himmel, all System kënnt iergendwann un seng natierlech Grenzen. De permanente Wuesstem, esou wäit e méiglech wär, féiert och zu aneren Problemer: Awunnerzuel, Zuel vun de Pendler, Käschtepunkt vun esou engem Wuesstem (Logement, Transport, Schoul…), Afloss op d’Ëmwelt, Lëtzebuerger Identitéit…

Esou huet de Robert Kieffer, President vun der nationaler Pensiounskees ausgerechent, datt am Joer 2050 1,5 Milliounen missten an d’Pensiounskees abezuelen fir den aktuellen System bäizebehalen!

Trotz grousse Reserven an de Keesen vum Pensiounssystem am Privatsecteur mussen also Korrekturen kommen fir och deenen wou elo an d’Aarbechtswelt kommen, an de Generatiounen duerno, gerecht Pensiounen ze garantéieren.

Déi aktuelle Iwwerschëss a Reserven am Privatsektor däerfen d’Regierung net weider verleeden an d’Kees vun der Pensiounskees ze gräifen. Stéchwuert „Renteklau“: divers Mesuren vun CSV-LSAP an CSV-DP Regierungen hunn, vun 1993 bis haut, schonns iwwert 750 Milliounen € aus de Reserven vun der Pensiounskees fir aner Zwecker detournéiert!

D’ADR hält folgend Prinzipien als Prealabel fir eng Reform vum Lëtzebuerger Pensiounssystem:

  • De Pensiounssystem berout weider um Solidaritéitsprinzip tëschent de Generatiounen an op dem Repartitiounsmodell (Umlageverfahren).
  • De Pensiounssystem muss weider um 1. Pilier berouen a muss jidderengem en dezenten Liewensowend garantéieren.
  • All Moossnamen déi getraff ginn gëllen esou wuel fir den ëffentlechen wéi fir de private Secteur.
  • D’Cotisatiounen fir de Privatsecteur ginn weider op 3 x 1/3 opgedeelt. Salarié, Patron a Staat bezuelen de gläichen Undeel.
  • D’Fonctionnairen cotiséieren weider deeselwechten Prozentsaz wéi de Privatsecteur, hir Cotisatiounen fléissen an de Staatsbudget.
  • D’Pensiounen am ëffentlechem Secteur ginn iwwert de Staatsbudget bezuelt an déi vum Privatsecteur aus dem „Régime général“.
  • Beim Pensiounsuntrëtt bleift den aktuellen Berechnungsmodus bestoen wou d’Cotisatiounszäit an d’Héicht vun der abezuelten Cotisatiounen berücksichtegt ginn.
  • Et kënnt net zu Kierzungen fir Leit déi schonns an der Pensioun sinn.
  • D’Mindestreserven vum de Reserven am Privatsecteur mussen gesetzlech vun 1,5 op 2,5 x d’Joeresdepsensen erop gesat ginn.
  • Deen Elterendeel deen net schafft muss iwwert d’Erziehungsgeld seng eegen Pensiounsrechter kënne opbauen.
  • De Staat däerf ënner kengen Ëmstänn net méi an d’Reserven vun de Pensiounskees gräifen fir aner Lächer ze stoppen (“Renteklau”).
  • Zousazrecetten: iwwerleeën mä net zum jëtzegem Zäitpunkt d’Wirtschaft nei belaaschten.

Fir den Equiliber vun de Pensiounskeesen laangfristeg ze assuréieren schléit d’ADR weider dës zwou Propositiounen vir:

1. Spuermoossnam Pensioununtrëtt

Den Alter vum Pensiounsuntrëtt, fir „d’Pension de veillesse anticipée“ (55, 57 a 60 Joer), gëtt ab 2015 all Joer ëm 1 Mount erhéicht. Dat bedeit datt am Joer 2026 déi respektiv Untrëttsalteren op 56, 58 an 61 Joer erop gaangen sinn.
Den „normale“ Pensiounsalter bleift op 65 Joer fixéiert.
Dës Moossnam drängt sech op wëll den Antrëttsalter relativ niddreg ass an d’Liewenserwaardung weider an d’Luet geet.
Dëst soll 2015 ugoen fir datt fir den eenzelnen Zäit bleift sech drop astellen, an eng weider Conditioun ass e „Pacte“ mat den Entreprisen fir datt d’Salariéen effektiv méi laang – bis zum Pensiounsalter – och beschäftegt ginn.

2. Spuermoossnam degressiven Ajustement

Den Ajustement nëmmen zum Deel ausbezuelen.
(aktuell Mindestpensioun : 1 576,21€)

1. Tranche = 1 x Mindestpension gëtt net beréiert
2. Tranche = 2 x Mindestpension : 10 % ginn net ajustéiert (aktuell 3,15€ / Mount)
3. Tranche = 3 x Mindestpension : 20 % ginn net ajustéiert (aktuell 9,46€ / Mount)
4. Tranche = 4 x Mindestpension : 40 % ginn net ajustéiert (aktuell 22,07 € / Mount)
5. Tranche = 5 x Mindestpension : 60 % ginn net ajustéiert (aktuell 40,98 € / Mount)
6. Tranche = 6 x Mindestpension : 80% ginn net ajustéiert (aktuell 66,20€ / Mount)
7. doriwwer gëtt den Ajustement net ausbezuelt.

Fir de Gast Gibéryen sinn dëst zwou Mesuren déi fir all Mënsch verständlech an akzeptabel sinn, stëllen e klenge Sacrifice duer fir datt och ons Kanner an Enkelen sech nach kënnen iwwert den obligatoreschen Pensiounssystem ofsécheren.

Den Text vun der Pressekonferenz mat Beispiller (PDF-Datei)