Am Virfeld vun den Tripartiteverhandlungen ass d’ADR beonrouegt driwwer wéi an der Lescht d’Pensiounsproblematik ëmmer nees mat der Situatioun vun de Staatsfinanzen a Verbindung bruecht gëtt. Dat eent huet allerdings mat deem aneren näischt ze dinn.

Den ADR Fraktiounschef Gast Gibéryen huet dowéinst während enger Pressekonferenz den 11. Februar 2010  gefuerdert d’Pensiounsdiskussioun aus de Verhandlungen an der Tripartite erauszeloossen. D’ADR fäert dass, grad ewéi 2006, dë Staat sech och dës Kéier erëm aus de Pensiounskeesen zerwéiert fir seng finanziell Schwieregkeeten ze léisen. „D’Vergaangenheet huet gewisen: all Kéier wann de Staat finanziell Problemer hat,  ass e Grëff an d’Pensiounskees gemaach ginn“, esou de Gast Gibéryen. De Risiko, datt d’Regierung och dës Kéier erëm an d’Pensiounskeese raibere geet, ass ëmsou méi grouss, wéi d’Reserven ob demnächst 10 Milliarden Euro wäerte klammen.

D’ADR seet och dass et elo net ka sinn, dass de Staat seng finanziell Problemer als Ausried hëlt fir sech sengen Obligatioune mat engem Drëttel vis-à-vis vun de Pensiounskeesen z’entbannen. Och dierft näischt um eenheetleche Regime geännert deen zanter dem 1. Januar 1999 zu Lëtzebuerg gëllt, an deen net zur Lescht dem Engagement vun der ADR an der Fro vun der Rentegerechtegkeet ze verdanken ass.

Pensiounsfong fir d’Staatsbeamten

Wann et Problemer sollt ginn, da leien dës der ADR no sécher net kuerzfristeg bei de Pensiounskeesen vun de Salariés ma dann éischter bei de Staatsbeamten. De Gast Gibéryen huet déi zanter 1999 vun der ADR erhuewe Fuerderung widderholl andeems e fir e eegene Pensiounsfong fir d’Staatsbeamten plädéiert huet.

Wat déi rezent Propositioune a Saache Renten vum Sozialminister Mars Di Bartolomeo ugeet sou wëll d’ADR zu dësem Zäitpunkt dozou keng Positioun bezéien, ma ofwaarden wéi d’Virschléi vun der Regierung am Detail ausgesinn. Mat der Ausso vum Minister, datt een an Zukunft 40 Joer misst cotiséiert hunn fir eng Rent ze kréien, kann d’ADR awer schon elo guer net averstane sinn. Zwou Kategorie vu Leit géife vun esou eng Regelung besonnesch getraff: d’Studenten an déi Leit déi hir Kanner doheem erzéien, an déi bis elo en Deel vun hirer Studienzäit respektiv hirer Erzéiungsaarbecht un d’Pensioun ugerechent kréien.

Eng rout Kaart gëtt et vun der ADR och fir jiddwer Beméiungen déi an d’Richtung Rentekierzung oder Erhéijung vun de Cotisatioune géiffe goen.

Fir de Rescht erklärt d’ADR sech bereet iwwer d’Renten ze diskutéieren, wann et dann dësen oder deen Ajustement misst ginn. D’Rentendiskussioun sollt een awer no der Tripartite féieren, zum Beispill am Hierscht.