An enger Pressekonferenz huet de Gast Gibéryen verlaangt, datt d’CSV-LSAP Regierung de Projet fir d’Mammerent eréischt vun 65 Joer un ze bezuelen, misst zréckzéien!

Eng Fra déi schafft, geet am Prinzip mat 60 Joer (oder virdrun) a Pensioun a kritt dann, zesumme mat hirer eegener Rent, d’Mammerent vun aktuell 86,54 € pro Mount a pro Kand bezuelt. Fir d’Mammen déi doheem bliwwe sinn an hir Kanner groussgezunn hunn, soll vum 1. Januar 2011 un d’Mammerent eréischt ab 65 Joer ausbezuelt ginn ! D’ADR seet NEEN zur Zwouklassemammerent !

An sengem Exposé huet de Gast Gibéryen drun erënnert, datt d’ADR als Partei hir Politik op Wäerter opbaut, « an d’Famill ass ee vun deene wichtegste Wäerter ». D’ADR stellt awer fest, datt d’ CSV-LSAP Regierung mat System eng Politik géint d’Famillje mécht.

Zum Beispill huet d’Regierung eng massiv Erhéijung vum Waasserpräis beschloss. Dëst kascht eng Famill mat zwee Kanner bis zu 800 € d’Joer méi, eng Erhéijung déi och nach per Gesetz am Index «neutraliséiert» gouf. Zanter 2006 sinn d’Familljenzoulagen net méi un den Index  gebonnen.D’Steierklasse fir Kanner goufen ofgeschaaft an duerch de «Kannerbonus» ersat. Dëse mecht ronn 922€ pro Kand aus. Fir d’Studenten gouf dëse Kannerbonus gestrach, an d’Studentenhëllef vun 12 000 op 13 000 € erop gesat. Well dës Hëllef awer zur Halschent muss erëmbezuelt ginn, ass de Kannerbonus a Wierklechkeet vun 922 € op 500 € d’Joer erofgesat ginn !

« Dës Politik géint d’Familljen, dës MAMMEFEINDLECH POLITIK, ass weder chrëschtlech nach sozial » betount de Gast Gibéryen.

Bei der Aféierung vun dem « Chèque-service » sinn déi Mammen, déi hir Kanner doheem erzéien, amplaz se an eng «Struktur» ze ginn, och eidel ausgaangen. D’ADR fuerdert, datt d’Mammen déi hir Kanner selwer grousszéien, vum Chèque-service kënne profitéieren fir an d’Pensiounskees anzebezuelen, fir sou wéinegstens minimal Rechter op eng eegen Sozialversécherung opzebauen. Am Walprogramm huet d’ADR d’Zesummeleeë vun allen Familljenzoulagen verlaangt fir esou e “Betreiungsgeld” ze schafen dat de Familljen wierklech d’Wiel gëtt wéi a wou d’Kanner solle grouss gezunn ginn, a Strukturen wéi Crèchen an Maison-Relaisen oder doheem!

Eng minimal Unerkennung fir d’Aarbecht vun de Mamme vis-à-vis vum Kand – an domat fir d’Gesellschaft –  ass d’Mammerent déi 2002 agefouert ginn ass. Am Text vun der Regierung stung schonn deemools den Alter vu 65 Joer, woubäi eng Fra déi schafft, dës Mammerent, an der Pensioun integréiert, schonns mat 60 Joer oder éischter kritt. “Dofir huet d’Chamberkommissioun, op meng Propose hin décidéiert, fir der Mamm déi d’Kannerbetreiung selwer gemeet a keng eege Rent huet och vu 60 Joer un d’Mammerent auszebezuelen”, huet de Gast Gibéryen erënnert.

Elo wëllt awer d’CSV-LSAP Regierung de Mammen dës minimal Pensiounsrechter eréischt 5 Joer méi spéit zougestoen. E Verloscht deen sech an dësem Zäitraum op ronn 5 200 € pro Kand beleeft! “Dobäi mecht de Staat nëmmen eng Erspuernis vun 1,5 Milliounen, absolut lächerlech, wou deeselwechte Staat weider d’Geld zur Fënster eraus gehäit”, mengt de Gast Gibéryen.

En zitt d’Conclusioun: “D’Regierung kann sech dëst nëmmen erlaben, wëll d’Mamme keng Lobby hunn. Dat ass e Skandal!”. D’ADR fuerdert d’Regierung op, dës geplangte Spuermesuren zréck ze zéien.