D’ADR war déi eenzeg Partei déi konkret Virschléi fir d’Pensiounsreform op den Dësch geluecht hat. Elo, wou d’Regierung hire Projet presentéiert huet, huet d’Alternativ Demokratesch Partei déi zwou Reformen op enger Pressekonferenz verglach. De Gast Gibéryen stëllt fest: d’Regierung huet net de Courage fir Moossnamen ze huelen déi déi heiteg Generatiounen treffen, mä d’Laascht gëtt op déi nächst Generatioun ofgewälst.

De 15. Februar 2011 hat d’ADR hir Virschléi fir eng nohalteg Pensiounsreform duergeluecht. Praktesch 1 Joer méi spéit, den 8. Februar 2012, konnt de Fraktiounspresident Gast Gibéryen d’ADR Virschléi mat der „Proposition de Loi“ vun der Regierung vergläichen.

Den ADR Deputéierten huet drun erënnert, datt d’ADR, als 5/6 Aktiounskomitee gegrënnt, viru ronn 25 Joer als 1 Punkt-Partei an d’Wahle gaangen ass, dëst fir Rentegerechtegkeet am Land ze erreechen. „Mir loungen mat eisen Iddien ëmmer richteg“, huet de Gast Gibéryen betount. Praktesch all Punkt aus dem ADR-Programm ass Gesetz ginn, a vum 1. Januar 1999 un gëllen déiselwecht Regele fir de Privatsecteur an d’Beamten.

Aktuell ass de Rentesystem gesond, an d’Reserve vu ronn 11 Milliarden € decken 3,7 Mol d’Joeresausgaben vun der Pensiounskees. An dach muss reforméiert ginn, do sinn sech all d’Parteien eens, well soss Lëtzebuerg op en onendlech Wuesstem muss wetten, mat z.B. 3 Millioune Salariéeën am Joer 2070!

D’ADR stellt mat Satisfaktioun fest, datt eng ganz Rei vu Prinzipien aus den ADR-Propositioune vun der Regierung respektéiert ginn. Et sinn dës:

  1. De Pensiounssystem berout weider um Solidaritéitsprinzip tëschent de Generatiounen an op dem Repartitiounsmodell (Umlageverfahren).
  2. De Pensiounssystem muss weider um 1. Pilier berouen a muss jidderengem en dezente Liewensowend garantéieren.
  3. All Moossnamen déi getraff ginn, gëllen esou wuel fir den ëffentlechen, wéi fir de private Secteur.
  4. D’Cotisatioune fir de Privatsecteur gi weider op 3 x 1/3 opgedeelt. Salarié, Patron a Staat bezuelen de gläichen Undeel.
  5. D’Fonctionnairë cotiséiere weider deeselwechte Prozentsaz wéi de Privatsecteur, hir Cotisatioune fléissen an de Staatsbudget.
  6. D’Pensiounen am ëffentleche Secteur ginn iwwert de Staatsbudget bezuelt an déi vum Privatsecteur aus dem „Régime général“.
  7. Et kënnt net zu Kierzunge fir Leit déi schonns an der Pensioun sinn.
  8. De Staat däerf ënner kengen Ëmstänn an d’Reserve vun der Pensiounskees gräife fir aner Lächer ze stoppen (“Renteklau”).

Op dräi weidere Punkte wäichen d’Proposë vun der ADR an der Regierung of, mä et geet an déi richteg Richtung

  1. ADR : Et gëtt näischt um aktuelle Modus vir d’Berechnung geännert. Beim Pensiounsantrëtt bleift den aktuelle Berechnungsmodus bestoe wou d’Cotisatiounszäit an d’Héicht vun der bezuelten Cotisatioune berücksichtegt ginn. Regierung: liicht Verschibunge zu Gonschte vun der Grondrent an zum Nodeel vun der Majoration proportionnelle (Deel deen op Grond vun der Cotisatiounen ausbezuelt gëtt). Ass fir d’ADR OK well déi kléng Pensiounen dovunner profitéieren.
  2. ADR : Deen Elterendeel deen net schafft muss iwwert d’Erziehungsgeld seng eege Pensiounsrechter kënnen opbauen. Regierung: Fräiwëlleg Versécherung fir 100€ de Mount amplaz aktuell 300 € de Mount.
  3. ADR : Zousazrecetten: iwwerleeë mä net zum jëtzegem Zäitpunkt d’Wirtschaft nei belaaschten. Regierung : Erhéijung vun de Cotisatioune wann d’Situatioun no 2022.

Op engem Punkt ass d’Regierung leider net op de Wee vun der ADR matgaangen:
D’Mindestreserven vun de Reserven am Privatsecteur musse gesetzlech op 2,5 x d’Joeresdepsensen erop gesat ginn. D’ADR bleift der Meenung datt dës Mesure d’Regierunge verflicht ze handelen éier et ze spéit ass, an deemno mat méi drastesche Moossname muss kommen!

Wat de Berechnungsmodus betrëfft kann een déi zwee Propositiounen esou ausenee halen.

D’ADR schléit fir, den Alter fir d’Fréipensioun (55, 57 respektiv 60 Joer) ab 2015 ëm 1 Mount pro Joer an d’Luucht ze setzen, dëst fir jiddereen.

D’Regierung gesäit fir datt ee bis 2053, 3 Joer méi laang soll schaffe goen, oder alternativ op ronn 13% vu senger Pensioun verzicht. Dëst ass fir den ADR ze wäit gegraff. Anerersäits risquéiert dës
Mesure spéit ze gräifen, esou datt ereicht déi spéider Generatiounen d’Laascht mussen droen.

D’ADR proposéiert den Ajustement dégressif ze kierzen (wat d’Pensioun méi kléng ass, wat manner um Ajustement gekierzt gëtt), dëst awer direkt beim Antriede vun der Reform.

D’Regierung gesäit fir, den Ajustement ze halbéieren oder ganz ofzeschafen, dëst awer ereicht vun deem Ament un wou d’Dépensen méi héich ginn wéi d’Recetten op de Cotisatiounen. Dëst ouni sozial Komponent!

D’ADR kritiséiert weider déi „sozial ongerecht“ Idee vun der Regierung fir den „13. Mount“ (Allocation de fin d’année) ze sträichen, wann d’Cotisatioune missten an d’Luucht goen. Dës Moossname bestrooftganz besonnesch déi kleng Pensiounen, wëll jiddereen déiselwecht Allocatioun (Maximum 692,52 Euro bei 40 Joer Cotisatioun) kritt, egal wéi héich d’Pensioun ass.

Well d’Regierung de Courage net huet fir Moossnamen ze huelen déi déi heiteg Generatiounen treffen zitt de Gast Gibéryen dës Conclusioun: „Well mir nach ëmmer bei onse Pensioune bäigesat wëlle kréien, mussen ons Enkelkanner spéider méi laang schaffe goen oder Kierzunge vun 13% a Kaf huelen“.