Péitenger Budget: Joe Thein stëmmt dergéint

Gutt Grënn géint de Budget 2015 vun der Gemeng 2015 ze stëmmen, hat den ADR-Conseiller Joe Thein a senger Budgetsried (hei dat ganzt Dokument). Fir d’éischt huet hie begréisst, dass d’Gemengeschold erofgeet, mais och 14 Milliounen Euro wären ëmmer nach ze vill. Och dem Schäfferot séng Taxenerhéijungen goufen an der Budgetsried kritiséiert: Dat ass am Joe Thein sengen Aen dat allerleschte Mëttel, wann all Spuermoossnamen ergraff sinn, an zu Péiteng sinn d’Erhéijungen zënter dem leschte Joer him ze systematesch.
Och wat Grenzkriminalitéit ugeet, vermësst den ADR-Conseiller Impulser an der Gemeng. Hie wënscht sech méi Polizeiprësenz an eng besser Organisatioun a Koordinatioun vun hiren Aarbechten.
E weidere Kritikpunkt vum Joe Thein war den Duerchgangsverkéier, deen an der Péitenger Gemeng e richtege Problem duerstellt. Op därer aner Hand begréisst hien d’Aarbechten un der Stroosseninfrastruktur. De Joe Thein gesäit awer net an, datt d’Gemeng elo eng Riesebaustell ass, well mat villen Aarbechten ze laang gewaart gouf.
Wat him a Budget och feelt, si konkret Moossnamen fir d’Integratiounspolitik a senger Gemeng. Well déi Politik och iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch a Nationalitéit féiert, verlaangt hie vum Schäfferot vill méi Efforten, wat d’Lëtzebuergescht an der Gemeng ugeet – och bei Stroossen- a Gebaisnimm.
Als leschte Programmpunkt vu senger Budgetsried schneit hien den onkontrolléierte Wuesstem vun der Gemeng un: 17.000 Leit zu Péiteng wäre genuch, soss géing d’Gemeng sech hiren zukünftegen Budgetsdefizit selwer bastelen, esou de jonken ADR-Conseiller.

Deel dëse Post: