PAG: eng Stad nëmme fir Foussgänger a Vëlosfuerer?

Ee vun de ville Schwaachpunkte vum zukünftegem PAG vun der Stad Lëtzebuerg ass d’Feele vun engem Mobilitéitskonzept. Wann déi Gréng Antimobilitéitsschäffin Sam Tanson hire Kapp duerchsetzt, da bleiwen d’Autoen aus der Stad eraus a jiddwereen, deen an der Stad wunnt, schafft, akafe kënnt oder Kultur genéisse wëllt gëtt Foussgänger a Vëlosfuerer! “Parkraummanagement“ heescht: et däerfen nach manner Parkplazen a Residenzen a Büroen gebaut ginn. Anescht gesot: och Privatparkplaze ginn an der Stad e Privileg fir déi Räich! D’ADR verlaangt e Mobilitéitskonzept, dat all Verkéiersmëttel berécksiichtegt.

D’Kaz ass aus dem Sak. An engem Radiosinterview huet déi Gréng Schäffin Sam Tanson et endgülteg kloer gemaach, datt d’Autoen am neie PAG keng Plaz méi an der Stad Lëtzebuerg hunn! D’ADR Sektioun Stad bedauert dëst a fäert, datt esou d’Attraktivitéit vun der Stad fir Geschäfter a Betriber nach weider wäert ofhuelen.

Och wann dat de Gréngen net passt: vill Leit bleiwen am Alldag op den Auto ugewisen, z.B. fir akafen ze goen oder d’Kanner um Wee op d’Schaf an d’Crèche ze féieren. E private Parking, bei der Wunneng oder der Aarbecht, gëtt awer an der Stad e rare Privileg fir e puer räich Manager! Dat rezentst Beispill ass de PAG vun der aler Klinik Bohler: méi wéi 170 Appartementer, Plaz fir Commerce a Büroen… awer nëmmen 150 Parkplazen! A bekanntlech däerf op der Arelerstrooss net geparkt ginn… Wat wa Besuch kënnt? Däerf de Kannergebuertsdag nach just am Faastfood op der grénger Wiss gefeiert ginn?

Fir déi Gréng Schäffin ass de PAG kee Mobilitéitskonzept! Déi Blo-Gréng Majoritéit refuséiert zanter Joren all Demande vun der ADR, esou e Konzept opzestellen. Dobäi geet aus den Annexë vum PAG kloer ervir, datt der Stad den totale Verkéierskollaps bevirsteet. Wat den Dagesverkéier ubelaangt (also net nëmme Spëtzestonnen) sinn all déi grouss Verkéiersachse wéi z.B. Aarerlerstrooss, Escherstrooss, Rocade an nei Bréck zu méi wéi 90% belaascht. Dëst gëllt och fir de Boulevard vu Märel… deen nach net eemol gebaut ass.

Tram a „Modal Split“ hinn oder hir: wann d’Stad esou weider wiisst, wiisst och de mobiliséierten Individualverkéier. Fir d’ADR ass dowéinst kloer, datt e valabelt Mobilitéitskonzept en integrale Bestanddeel vum PAG muss sinn!

D’Journalistin vun RTL huet de Mobilitéitskonzept vum neie PAG esou resuméiert: „D’Roll vum PAG ass hei déi, engem d’Liewe mat Auto méi schwéier respektiv méi komplizéiert ze maachen, wann ee schaffe fiert, zum Beispill„ Domadder leescht de PAG der Stad an de Bierger e schlechten Déngscht!

Sektioun Stad Lëtzebuerg
Pressematdeelung vum 26. Juli 2016

Deel dëse Post: