Op eemol sinn eis Iddie gutt!

Esou wuel an der Flüchtlingsfro (Interview vum Minister Schmit am Wort virun e puer Deeg) wéi och an der Fro vun der Burka fänken d’Regierung an och d’CSV un der ADR hir Positiounen ze iwwerhuelen. Eis Partei kritt dobäi zwar keng Lorbeere gestreet. Et ass jo wahrscheinlech de Waltermin a manner wéi zwee Joer deen d’Uursaach ass fir déi politesch Kopplabunz vun deene Parteien. A vill och bei der CSV soen hire lénksideologeschen Iddien och nëmme mat der Fauscht an der Täsch Äddi.

Mä d’Resultat ass do: Bei der Burka-Fro wëll d’Regierung kucken,  e Gesetz ze maachen, nodeems si sech laang dogéint gewiert huet. Ier de Staatsrot dat Argument widderluecht huet, war si nämlech der Meenung, fir déi Fro géinge Gemengereglementer duergoen.

An der Flüchtlingsthematik war de Lëtzebuerger Bausseminister jo ee vun deene Leschten, dee nach op der däitscher Bundeskanzlerin hirer “Willkommen”-Schinn gefuer ass, laang nodeems d’Angela Merkel scho Grenzkontrolle gemaach huet an d’europäesch Institutiounen Mesure géint déi onkontrolléiert Immigratioun geholl haten. Vun engem Minister- a Parteikolleg, dem Nicolas Schmit, huet hien awer elo och den Dicks geriicht kritt, mat deem sengem Message an der Press (LW): “Unsere Aufnahmekapazität für Hilfsbedürftige aus der Welt ist begrenzt. ”

Wat d’Burkas-Geschicht ugeet: D’CSV huet gemierkt, datt hier Wieler hier Meenungen an Iddien eigentlech besser bei der ADR ërëmfannen wéi an der fréierer Vollekspartei. An dofir iwwerhëlt si och alt emol e Gesetzesvirschlag vum Fernand Kartheiser, wat d’Burka ugeet, bal wuertwiertlech a presentéiert dëse 16 Méint no der ADR och an der Chamber. Oder hire President schwätzt 2016 viru senger Partei iwwer d’Zukunft vum Land, an et kritt een d’Gefill, et géing een d’Ried vum Gast Gibéryen vum Nationalkongress 2015 nach eng Kéier héieren.

Deel dëse Post: