Ongereimtheete bei de “Prestations sociales”

D’Reform vun de Sozialleeschtungen schaaft eng Rëtsch Ongereimtheeten. Ee Grond ass d’Altersgrenz vu 25 Joer fir d’Kannergeld an och fir “allocation spéciale supplémentaire” bei enger Behënnerung. Vill Leit, déi scho laang déi Sue kréien an dës och zegutt hunn, kruten an engem lapidare Bréif vun der Zukunftskeess matgedeelt, datt dat Geld an Zukunft net méi géing op hire Compte kommen. De Fernand Kartheiser huet sech an enger parlamentarescher Fro iwwer d’Härtefäll vun der Reform informéieren. D’Äntwert vun der Madame Minister verweist op aner Hëllefen, déi et gëtt. Allerdéngs dierft de Verweis op de “Revenu pour personnes gravement handicapées” och net an all Fall d’Äntwert sinn. Ënner deene ronn 220 betraffene Fäll, déi d’Madame Minister nennt, si jo och eventuell Leit, déi e Revenu hunn, z.B. an engem “Atelier protégé”.

Deel dëse Post: