Och déi Jonk si gespléckt iwwer den “Etat de la Nation”

E “Kloertext” Spezial iwwer d’Debatt zur Lag vun der Natioun huet de jonke Politiker d’Wuert ginn. Dobäi war den Toun liicht méi kritesch wéi a groussen Deeler vun der Chamber, awer d’Oppositioun an d’Koalitioun waren och hei kloer getrennt. Och déi jonk Gambia-Politiker droen de Wuesstems- a Scholdekurs vun der Regierung mat. Fir d’ADRenalin, déi jonk ADR, war de Felix Reding mat um Fernsehplateau. Dat war vun der Kloertext-Ekipp fir d’éischt net esou geplangt.

Eis Partei huet misse géint d’ursprénglech Pläng vun RTL per Bréif proadréieren, fir datt och d’ADRenalin   invitéiert ginn ass. RTL huet d’Emissioun dorops verlängert an en ADRenalin-Member invitéiert. RTL huet d’Emissioun och ëm en Dag verréckelt, mä dat war och enger Micros-Pann an der Chamber geschellt. D’Diskussioun hätt sollten tëscht deene 5 anere Chambersparteien gemaach ginn. Mä de Felix Reding huet e puer Punkten op e puer “i”-e gesat, déi d’Diskussioun wierklech weiderbruecht hunn. Seng Interventiounen am éischten Video am RTL-Link ware bei 5’48”, 11’04”, 15’05” a 17’45”, am zweeten Video op 1’46”, 8’19”, 13’00” an am drëtten Video op 6’30”, 8’45”, 14’00”.

 

Deel dëse Post: