Fukushima huet bewisen datt eng Katastrof an enger Atomzentral ni kann ausgeschloss ginn. An d’Atomzentral vu Cattenom huet am Stresstest versot. Mä wat geschitt am Fall vun engem Supergau am Atomwierk op onser Grenz? D’ADR muss feststellen, datt d’Regierung nach ëmmer keng konkret Pläng huet, z.B. fir d’Evakuatioun vun der Bevëlkerung. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei fuerdert mat Nodrock, datt esou Pläng kuerzfristeg opgestallt ginn.

Tchernobyl an elo Fukushima stinn als Symbol a Beweis datt en Accident an enger Atomzentral eng Katastroph fir déi ganz Regioune mat sech zitt. De Gast Gibéryen, President vun der ADR-Fraktioun, huet de 7. Abrëll 2011 an der Chamber betount: „Wann zu Cattenom eppes geschitt, musse mer wëssen, gëtt et Lëtzebuerg net méi“. An Interventiounen an der Chamber, an iwwer parlamentaresch Froen, gëtt den ADR-Deputéierten sech es net midd, d’Regierung no konkrete Pläng ze froen. Wat geschitt am Fall vun enger Katastroph zu Cattenom? Wou ginn d’Awunner vu Lëtzebuerg evacuéiert?

Leider gëtt et op dës Froe vun der Regierung nëmme wishi-washi Äntwerten. Esou mengt de Premierminister Jean-Claude Juncker, an enger Äntwert vum 7. Juni 2011: „Dans certaines situations, une mise à l’abri de la population est par ailleurs plus efficace qu’une évacuation.“ Also, an de Keller verstoppen an op weider Instruktioune waarden?

Wann de Premierminister op e „plan particulier d’intervention en cas d’incident ou d’accident à la centrale électronucléaire de Cattenom“ aus de Joer 1994 konnt hiweisen, esou huet haut (de 6. Mäerz 2012) den Inneminister – op eng weider Fro vum Gast Gibéryen – an der Chamber missen zouginn, datt et eigentlech keng Pläng ginn. An net manner wéi 6 interministeriell Gruppe gëtt elo u Pläng gedoktert. Dës kéinten da Mëtt 2013 esou wäit sinn, datt Exercicer mat de Fransouse kéinten duerchgeféiert ginn.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, ganz schnell konkret Pläng virzeleeë fir d’Populatioun am Fall vun engem gréisseren Accident zu Cattenom ze schützen an d’Existenz vum Grand-Duché ofzesécheren. Beim Ausschaffe vun dëse Pläng däerf sech net op eng Zesummenaarbecht mat de franséischen Autoritéite verlooss ginn, mä et solle Cooperatiounsverträg mam belschen an däitschem Noper ofgeschloss ginn.

Weider soll déi ganz Regierung de Wëlle vun de Bevëlkerung, d’Motiounen aus der Chamber an d’Conclusioune vum Stresstest respektéieren, an d’Schléissung vun der Atomzentral vu Cattenom fuerderen.