“No Way”-Demonstratioun géint de Contournement zu Suessem

D’Vereenegung “No Way” huet en Donneschdeg, de 24. Juli zur enger Demonstratioun zu Suessem ofgeruff. D’Memberen aus der ADR Sektioun Suessem hunn och dorunn deelgeholl.

De Schäfferot, Gemengerot an d’Biergerinitiativ “No Way” hunn en Donneschdeg zu enger friddlecher Demonstratioun opgeruff. Um 18h30 war Rendez-vous beim Kulturschapp zu Suessem. Hei hunn déi betraffen Organisateurë sech Loft gemaach. Duerno si si een Deel vum Tracé ofgaang an hu sech dunn erem zesummefonnt fir eng Agape. Am Résumé: si sinn net averstanen, datt esou vill Projeten op hirem Terrain sollen emgesat ginn – no der Teststreck fir Beruffcamion-Chauffeuren, dem Prisong an der Bauschutt-Déponie, sollen elo ee Contournement an een Tanklager op Suessem kommen. Domat awer net genuch, dës Emgéiungsstrooss mat deem Tanklager sollen an ee Gebidd gebaut ginn, dat zu Bréissel fir déiert Geld zu engem Natura 2000 Gebidd erklärt ginn ass. An elo soll déi Plaz fir déiert Geld erem déclasséiert ginn, fir do eng vill befuere Strooss hinzebauen.

Dësen Aussoen hu sech vill Bierger aus der Gemeng ugeschloss, dorënner och d’ADR Sektioun Suessem an de Süddéputéierte Gast Gibéryen. D’ADR huet dës Biergerinitiativ vun Ufank un ennerstëtzt.

Et ass der ADR wuel bewosst, besonnesch no de Schilderunge vun der ADR Sektioun Kärjeng, datt de Verkéier vun Dippech op d’Biff ee grousse Problem duerstellt. An datt dovun am meeschten d’Awunner vun der Gemeng Kärjeng betraff sinn. Et misst also eng Léisung fonnt ginn, fir d’Haptstrooss zu Kärjeng ze entlaaschten an net unbedéngt iwwert dee Suessemer Terrain a scho guer net duerch ee klasséiert Gebidd féiert. Deen een oder aneren Alternativprojet gouf am Ufank och virgestallt, wou nach e puer Ännerungen hätte kéinte gemaach ginn, mä dës woaren op eemol einfach net méi am Gespréich.

Deel dëse Post: