Als Ex-Buergermeeschter vu Fréiseng ass de Gast Gibéryen sech de Risiken déi vun der Atomzentral vu Kettenuewen méi wéi bewosst. Elo wou d’Katastroph vu Fukushima leider bestätegt huet datt d’Nuklearindustrie nach laang net géint all Risiko ofgeséchert ass, an dëst och ni ka ginn, huet de President vun der ADR-Fraktioun eng Drénglechkeetsfro un de Premier geriicht.

An dëser Fro leet de Gast Gibéryen dem Chef vun der Lëtzebuerger Regierung no, bei de Franséischen Autoritéiten ze intervenéieren fir datt d’Atomzentral vu Cattenom DIREKT zougemaach gëtt!

Am Fall vun engem schlëmmen Accident zu Kettenuewen steet d’Existenz vu Lëtzebuerg a Fro!