Net iwwerzeegt vun der Noutwennegkeet vun engem Gesetz

Den 11. Mee war nach e Gesetz an der Chamber, wat an der Haaptsach d'”Action locale pour Jeunes” an de Service National de la Jeunesse integréiert huet. D’ADR huet hei dergéint gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet d’Noutwennegkeet vun deem Gesetz net agesinn, wou Déngschter zesummegeluecht ginn, déi bis elo gutt eleng fonktionéiert hunn.

Beklot huet sech de Fernand Kartheiser och iwwer d’Sprooch vum Gesetz: Et wär eng schwéier verständlech Spezialistesprooch an e Gesetz hätt lieserlech a fir all Mënsch verständlech ze sinn.

Deel dëse Post: