Neie Stadion: fir wat d’Enthalung d’ADR

D’Marceline Goergen, Gemenge-Conseillère, huet sech e Méindeg, den 25. Abrëll am Gemengerot, beim Vote bei Viraarbechten zum Nationale Stadion enthalen. D’ADR ass bewosst, datt et noutwenneg ass, der Foussballfederatioun, adequat Installatiounen zur Verfügung ze stellen, déi internationalen Normen entspriechen.

D’ADR – Sektioun Stad ass awer net mam Site averstanen, wou den neie Stadion, a weider e grousse Parking an en gréisseren Terminus fir den Tram, soll gebaut ginn. En éischte Site fir dëse Stadion, zu Léiweng, ass verworf ginn, well dëse sollt an enger Gréngzone, esou guer an engem wäertvolle Biotop gebaut ginn. Déi Gréng hunn sech mat Hänn a mat Féiss dogéint gewiert… Si zécken awer net, op der Kockelscheier eng wäertvoll Gréngzone („Zone verte tampon“) um Rand vun der Stad ze fir de Stadion, de Parking an den Tram ze opferen. Ënner anerem ginn hei vill Fläche verluer, wou Gräifvullen hir Nahrung fannen. Och eng Bach muss ëmgeluecht ginn. Fir déi Gréng Fraktioun, genau wéi fir déi Liberal, wär dëst alles keen Agrëff an d’Natur!

D’Strooss, tëschent dem Rondpoint an der Aktivitéitszone muss net manner wéi 2 x verluecht ginn, fir d’Aarbechte ronderëm dem Stadion méiglech ze maachen. Nëmmen d’Terrassementsaarbechten op der „Lentille“, wou d’Stad Lëtzebuerger Verantwortung dréint, wäerte méi wéi 6 Milliounen Euro kaschten. Aner Aarbechte gi vum Staat finanzéiert, also vum Steierbezueler. Déi 6 Millioune sinn nëmmen en éischten Deel vun deem wat finanziell op d’Stad Lëtzebuerg duerkënnt.

Wéinst dem Agrëff an d’Natur, deen net méi gutt ze maachen ass, an och wëll duerch d’Salamitaktik vum Schäfferot kee weess, wat dat ganzt um Enn wäert kaschten, huet d’ADR sech bei dësem Projet am Gemengerot enthalen.

Deel dëse Post: