Neie Centre Hartmann – Zousätzlech Käschten

Marc Schiffmann (ADR):

No der Madame Kayser eppes iwwer d’Schwemm ze soen ass schwiereg. Et ass quasi 90% gesot vun deem, wat ech och wollt soen. Ech wëll net méi op den Detail agoe vum alen Hartmann, wat do fir Zommen era gefloss sinn a gedoktert a gepiddelt ginn ass, fir datt mer da schlussendlech awer eng nei Hal opriichten, wat d’ADR schonns 2003 am Gemengerot gesot hat.

Wat den Devis elo ugeet, muss ech och soen, déi Frais-d’étuden fir AMC a Kanewitsch, dat ass enorm, dat si 600.000 Euro an dann och d’Demolitioun, déi dra sollt abegraff sinn, elo sinn erëm 300.00 Euro fälleg. Dat ass erëm eng Kéier en typescht Bild fir Diddeleng. Wann Diddeleng eppes baut, da gëtt et deier. Net nëmmen e bëssen, mä enorm deier. Et ass dat, wat ech einfach net ka verstoen. Do kënnt den Androck op wéi wa verschidde Leit sech wéilten hei un Diddeleng gesond stoussen an dat mat ëffentlechem Geld. Keng Angscht, ech fänken net erëm mat der Sauna un, et ass zwar eent vu menge Lieblingsthemen, an ech hoffen, dass elo mat deem neie Buergermeeschter, nodeems deen ale Buergermeeschter a Géigner vun de Saunen, awer nach vläit eng Kéier eng Sauna do era kënnt, wat no Ausso vum Architekt duerchaus nach méiglech wier.

Wat ech och nach weider bedaueren, ass, datt d’Schwemm dem Public ganz wéineg zur Verfügung steet. Ech brauch dat jo net méi ze ernimmen, déi Beetebuerger geet viraussiichtlech fir e Joer zou, och vläit annerhalleft Joer, sou datt dee Saz, d’Leit sollen op Beetebuerg schwamme goen, domat net méi gülteg ass. Dofir wier et net schlecht, ze kucken, dem Diddelenger Public d’Schwemm esou vill méi méiglech op ze maachen, moies esou fréi ewéi méiglech an och Nocturnen ze maachen, fir datt owes de breede Public vun Diddeleng, deen hei a mengen Aen ausse vir gelooss gëtt, dovunner profitéiere kann. Ech wier frou wann do en Effort gemaach géif ginn fir dat déi Schwemm op d’mannst während der Zäit wou déi Beetebuerger Schwemm zou ass an och doriwwer eraus, dem Public vun Diddeleng zougänglech kéint gemaach ginn.

Extrait aus dem Verbatim vum Diddelenger Gemengerot vum 8te Mee 2015

Deel dëse Post: